Viru 40 Joer konnte guer net sou vill Bomme geluecht ginn, fir déi Moyenen ze kréien, wéi d'Police an d'Arméi se haut kréien.

1985, also viru genee 40 Joer, gouf Lëtzebuerg vun enger Serie vu Bommenattentater getraff, déi sech nach bis Enn Mäerz 1986 gezunn hunn. Et gouf zwar keng Doudeger, mee awer Blesséierter an ee Materialschued an Héicht vun ëmgerechent méi wéi 5 Milliounen Euro. Wien hannert den Attentater stécht, ass bis haut net opgekläert. Et ginn zwou Haaptpisten, engersäits déi international an anerersäits déi national. Bei der nationaler geet een dovunner aus, datt Membere vun de Sécherheetsautoritéite d'Zil haten, datt d'Forces de l'ordre méi finanziell a personell Moyene kréie sollten. Wann dat effektiv hannert den Attentater stécht, da kéint ee mat enger Portioun Ironie soen, datt d'Bommeleeër hirer Zäit viraus waren, fënnt de Marc Hoscheid a sengem Commentaire.

Wann ee vun de Bommeleeër-Attentater schwätzt, muss ee sech och ëmmer an Erënnerung ruffen, a wéi engem geschichtleche Kontext déi Serie duerchgefouert gouf. Mëtt den 1980er-Jore gouf et zu Lëtzebuerg eng Partie arméiert Iwwerfäll, virun allem vun der Waldbëlleger-Band. 1985 haten d'Sécherheetsautoritéiten doriwwer eraus de Besuch vum Poopst Jean-Paul II. an déi Lëtzebuerger EU-Presidence ze stemmen. International huet iwwerdeems d'Atmosphär vum Kale Krich dominéiert, och wann zu deem Moment schonn eng Entspanung agesat hat. Et war also insgesamt keen einfacht Ëmfeld, an deem sech Police an Arméi beweegt hunn. Wann een dann awer net déi zousätzlech Moyene kritt, déi ee bräicht, fir seng Aarbecht anstänneg ze maachen, kann dat alt emol zu Frust féieren. Vun dohier schéngt et guer net sou onwarscheinlech, datt Membere vun de Sécherheetsautoritéite sech dozou entschloss hunn, den Drock op d'Politik duerch Attentater ze erhéijen. Op dëser Plaz sief awer ënnerstrach, datt déi Dote bei allem intellektuelle Versteesdemech absolut ze condamnéiere sinn.

Dat ass eng Situatioun, déi ee sech haut bal net méi virstelle kann. Wärend bei der Police zanter e puer Joer sou massiv rekrutéiert gëtt, wéi nach ni - mëttlerweil 200 Leit pro Joer - wëllt de Grand-Duché bis 2030 2 Prozent vu sengem Revenu national brut an d'Defense stiechen. Dat wieren ëmmerhi bal 1,5 Milliarden Euro. Datt d'Police opgestockt gëtt, huet manner domadder ze dinn, datt eis Gesellschaft méi kriminell ginn ass, mee virun allem mam massive Wuesstem vun der Populatioun. Méi Leit bedeiten am Normalfall eben och méi Strofdoten. Beim Rekrutement geet et iwwerdeems net just drëms, de Retard aus der Vergaangenheet opzehuelen, mee och fir d'Besoine vun der Zukunft ze antizipéieren. D'Arméi ass iwwerdeems net méi mat engem globale Kale Krich, deen am gaangen ass ze entdeeën, mee mat engem ganz hëtzege Krich an der Ukrain konfrontéiert. Doriwwer eraus besteet d'Gefor, datt Russland am Fall vun enger Victoire duerchaus nach weider Länner ugräife kéint. Fir all Militaristen a Leit mat engem Fetisch fir Uniformen ass dat ee fiichten Dram, deen an Erfëllung gaangen ass.

All déi aner Leit kann et natierlech erféieren, wéi séier et iwwert déi meeschte Parteigrenzen ewech mëttlerweil salonsfäeg ginn ass, fir méi Beamten oder Waffen ze fuerderen. An enger idealer Welt bräicht et weder eng Police nach eng Arméi. Trotzdeem ass et ze begréissen, datt een aus de Feeler vun der Vergaangenheet léiert. Fir et mat eisen däitschen Noperen ze soen: Vorsicht ist besser als Nachsicht. Well och wann ouni Fräiheet all Sécherheet näischt wäert ass, braucht et awer ee Minimum u Sécherheet, souwuel no bausse wéi no bannen, fir d'Fräiheet ze garantéieren. Dofir ze suergen, datt et net zu Abuse kënnt, ass d'Aufgab vun der Politik an der Justiz.

Apropos Justiz: där hir Aufgab ass et och, opzeklären, wien da lo effektiv d'Bommeleeër waren. A wann dat nach zu Liefzäite vun den Täter passéiere soll, da wier et net vu Muttwëll, net méi all ze laang ze waarden, bis de Prozess, dee lo zanter 11 Joer ausgesat ass, virugeet. Also just sou eng Iddi, awer kee Stress!