De Parking um Héienhaff um Sennengerbierg ass elo op, mat bal 500 Parkplazen. Am Commentaire fënnt de Fränz Aulner dat "schéin a gutt". Hie fäert awer, datt et an Zukunft nach méi Blechlawine ronderëm an an der Stad wäerte ginn. Als Léisunge gëtt et a sengen A just: net méi wuessen, oder méi Wunnengen an Infrastruktur bauen. Dorënner e ganze Ring mat 3 Spuere ronderëm d’Stad.

De Commentaire vum François Aulner

Den éischten Tronçon vun der Tréierer Autobunn, der A1, vum Gréngewald bis bei de Fluchhafe goung 1969 a Betrib. Den Deel vu Sandweiler Iergäertche bis d’Gaasperecher Kräiz am Joer 1994, sou d’Ponts et chaussées. D’Areler A6, den Deel tëscht Zéisseng a Stroossen am Joer 1976 schonn. Gaasperech koum zwee Joer drop bäi. Alles mat just zwou Spueren.
 
Deemools hat de Grand-Duché ëm 360.000 Awunner. Haut sinn et der 670.000. D’Stad Lëtzebuerg ass vu ronn 75.000 Awunner op 135.000 gewuess. Frontaliere goufen et der 1980, dem Statec no, 17.000. Haut sinn et der 230.000. Den Emploi huet sech och méi ewéi verdräifacht an ass also däitlech méi gewuess ewéi d’Populatioun, oder de Wunnraum.
 
D’Stater Buergermeeschtesch, d’Lydie Polfer sot virun 2 Joer bei eis: "déi vill Aarbechtsplazen an der Stad verursaache Problemer". All Dag kéimen nach emol 140.000 Leit an d’Stad schaffen. Méi a méi dicht baue bremst si trotzdeem nach ëmmer ze vill, fir der Demande gerecht ze ginn. A Punkto Transportinfrastruktur ginn den Tram, méi Quaien op der Gare a méi Gleisen op de Südstrecken an déi richteg Richtung, mee se ginn net duer. Se mussen iwwert d’Projete vum Ex-Minister François Bausch eraus developpéiert ginn.
 
Méi Wunnraum an Transport, fir net aus allen Néit ze platzen
 
Allerdéngs wäerten den ëffentlechen Transport an d’Mobilité douce net duergoen. Zanter Joerzéngte sinn d’pénétrantes, also d’Stroossen, déi an d’Stad féieren, saturéiert. D’Autobunne liichten op google.maps beim klengsten Incident, Chantier oder wa rush hour ass esou rout ewéi Bréissel oder esouguer Paräis.
 
D'Zukunft gesäit net roseg aus: trotz Zouwuess vun der Populatioun am Westen – Elmen, Villeroy et Boch – sinn op där Axe kaum nei Transportweeër virgesinn, weder fir den Auto, nach fir den Zuch oder Vëlo. Et dierf ee gespaant sinn, ewéi vill Leit sech am Rollengergronn, Bambësch oder Miersch wäerte quetschen, fir iergendwéi ronderëm d’Stad oder erop an d’Stad ze kommen. E Ring, e Contournement vun der ganzer Stad, gëtt ëmmer méi noutwendeg.
 
Den Hallwe Contournement, en nationalen an europäeschen Transitwee, huet nach ëmmer just 2 Spueren. Iwwerall do wou Opfaarte sinn, wäert et weider ëmmer nees Kniet gi wann d’Leit, déi an d’Stad schaffe komm sinn, Mëttes an Owes nees heemfueren a sech mat Camione mëschen. 3 Spueren, esou ewéi et ronderëm déi meescht europäesch Stied gëtt, sinn iwwerfälleg. Am beschte mat intelligenten Iwwerhuel- a Vitesse-Limitatioune wärend dem Dag.
 
Wann e Kand méi grouss gëtt passt ee seng Kleeder un. An zwar all an net ze spéit. Soss platzt d’Kand aus allen Néit.