E Samschdeg war d'Stater Buergermeeschtesch an DP-Deputéiert eis Invitée an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Am Zesummenhang mam Logement huet d'Lydie Polfer kloer deklaréiert, datt lokale Widderstand géint Projeten ee vun den Haaptproblemer ass: "Mir wëssen als Gemeinschaft, datt mir méi Wunnenge brauchen, mee egal wou mer se wëlle bauen, sinn déi Leit, déi schonn do sinn, net frou doriwwer." Si huet awer och op de Rechtsstaat higewisen, deen ebe virgesäit, datt bei all Projet d'Leit däerfe Reklamatioune maachen. Et huet een d'Gefill, et géing een am Krees dréinen. "Jo", sou d'Stater Buergermeeschtesch. Ob si da bei Streidereien ënner Proprietären Drock mécht, fir datt d'Proprietäre bauen, sot si "natierlech".

De Bauperimeter erweidere géing iwweregens an hiren Ae kee Sënn maachen, well schonn de generelle Bebauungsplang (PAG) aus de 60er Joren, de Plan "Vago", hat Plaz virgesi fir 165.000 Awunner. D'Stad huet aktuell awer réischt eng Populatioun vun 130.000. Dorop higewisen, datt d'Stad Lëtzebuerg déi läscht 30 Joer manner gewuess ass, ewéi de Recht vum Land, huet d’Lydie Polfer gesot, et wieren déi vill Aarbechtsplazen an der Stad, déi Problemer verursaachen. Mä och Wuelstand. Fir si wier d'Liewensqualitéit an der Stad awer nach ëmmer immens gutt.

Eng Vëlosbréck a Richtung Bambësch

Wéinst der Croissance vun der Stad ass et och net evident, Foussgänger, Vëloen an Autoen ënnert een Hutt ze kréien. D'Lydie Polfer huet sech awer géint de Virworf gewiert, et géing net genuch fir d'Vëloe gemaach ginn. Si hätt deene Gréngen eng ausgewëscht, well den aktuellen DP-Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt déi läscht Joren méi Kilometer Vëloswee gebaut hätt, ewéi seng Virgänger an 12 Joer, nämlech déi gréng Mobilitéitsschäffe François Bausch a Sam Tanson. D’Lydie Polfer huet och confirméiert, datt d'Vëlosbréck tëscht dem Cents an dem Kierchbierg géing gebaut ginn. Donieft huet se bekannt gemaach, datt eng vum Lampertsbierg an de Bambësch a konkreter Planung wier.

D’Lydie Polfer sot awer och, et kéint een den Auto net ganz aus der Stad verweisen. Well 70.000 Gefierer wieren an der Stad ugemellt an d'Awunner bréichten déi och. De grousse Problem am Trafic wieren net déi 133.000 Residenten, mee déi 140.000 Leit, déi all Dag an Stad schaffe kommen. Déi misst een eraushalen oder besser iwwer den ëffentlechen Transport erakréien. Park and Riden ronderëm d'Stad sinn essentiel wichteg, seet d'DP-Politikerin, déi sech awer effektiv Suerge mécht, wa bis Dausenden nei Awunner an de Quartier Ëlmen bei der Cap wunne kommen.

Wat d'Diskussioun iwwert d'Vitesslimitatiounen ugeet, déi nom déidlechen Autosaccident am Neiduerf erëm opkomm ass, huet d’Lydie Polfer gesot déi wier net ubruecht. E Radar hätt deen Ament eng enorm héich Vitesse gemooss, déi eigentlech net op déi Plaz passe géing. Vun deem Accident aus kéint een net iwwer 30er oder 50er Zonen schwätzen, huet d'Stater Buergermeeschtesch gemengt. Si huet trotzdeem betount, datt méi ewéi 50 Prozent vun de Stroossen an der Stad 30er-Zone wieren. Hirer Meenung no wier et eng Fro vu Kontroll vun der Vitesse. Dat géing och fir d'Rue du Fossé gëllen, wou u sech just nach Urainer dierfe fueren. Si huet de Journalist gefrot: "Wien kontrolléiert dat?" – "D’Police?" – "Merci."

Net géint all d’Heescherten

Méi Kontroll, oder méi en haart Duerchgräifen, wënscht sech jo den DP-CSV Schäfferot géint d'Heescherten. Géint déi organiséiert Heescherei, huet d’Lydie Polfer betount. Ouni en mam Numm ze nennen huet si en EU-Beoptragten zitéiert, deen dës Woch an der Chamber gesot hätt: "Wann ech Mënschenhändler wier, géing ech eng Filial zu Lëtzebuerg opmaachen." Si huet méi Aktioun vun der Police, vun der Justiz, mee och "vun eis", der Gemeng verlaangt.

Op d'Fro ob een den Obdachlosen net soll en Daach iwwert dem Kapp ginn, huet d’Lydie Polfer verséchert, all Mënsch kéint e Bett kréien. Zu hirer Ausso virun zwee Joer hei op der Antenn, datt wat een den aarme Leit méi offréiert, wat der méi kommen, stoung d'Lydie Polfer e Samschdeg awer och nach ëmmer. Op de Widdersproch higewise par Rapport zur grousser Offer, déi d’Stad géing ubidden, huet d'Stater Buergermeeschtesch nach eng Kéier den Ënnerscheed ënnerstrach tëscht deene Leit, déi e Schicksalsschlag haten op der enger Säit, an den organiséierte Banden, déi Affer ausbeuten op der anerer Säit. An hiren Ae misst een déi dach kënnen identifizéieren.

"Ech hu mech net opgedrängt"

Op hir Kandidatur fir nach emol Buergermeeschtesch ze ginn ugeschwat, huet d'Lydie Polfer deklaréiert: "Ech hu mech net opgedrängt." Si wier vu Parteifrënn gefrot ginn, fir nach emol Kandidat bei de Gemengewalen ze sinn, souguer vun der aktueller Familljeministesch Corinne Cahen. Déi aktuell Buergermeeschtesch vun der Stad huet Rumeuren iwwer Onstëmmegkeeten an Differenze bei der Stater DP zeréckgewisen. Ob si och fir d'Chamberwalen nach emol kandidéiert, konnt oder wollt déi aktuell Deputéiert elo net soen. Wann si e Choix misst huelen, wier hir d'Gemeng op alle Fall perséinlech méi wichteg.

Op d'Kritik, si wier an der Chamber net vill aktiv, huet d'Lydie Polfer geäntwert, hiren Input kéim iwwer hir Experienz aus der Gemeng. Si sot wann et keng Duebelmandater géing ginn, da misst séchergestallt ginn, datt d’Gemengen sech awer nach am legislative Prozess erëmfannen, soss géinge Gesetzer "riskéieren, nieft der geliefter Realitéit vun de Leit ze sinn."

Background am Gespréich mat der Lydie Polfer

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an umRTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.