E Freideg spillt d'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp e Frëndschaftslännermatch géint Slowenien. Mat derbäi ass de Gerson Rodrigues, de Rekordbuteur vun der Nationalekipp, deen an zweeter Instanz wéinst Gewalt a Kierperverletzung an 3 Fäll zu 18 Méint Prisong – mat Sursis – verurteelt gouf.

D'FLF seet, et wär keng einfach Decisioun gewiescht, fir en awer ze selektionéieren. De Futtball-Nationaltrainer Luc Holtz mengt, hie wéilt net eng zweete Kéier jugéieren an dat Ganzt géif "opgebauscht" ginn.

Nee, hei gëtt näischt "opgebauscht", mä Gewalt gëtt verharmloost an d'FLF huet déi falsch Decisioun geholl, mengt d'Carine Lemmer a sengem Commentaire.

De Commentaire vum Carine Lemmer

Am Futtball gëtt et jo déi rout Kaart. Déi gouf awer am Fall vum verurteelte Gerson Rodrigues vun der FLF a vum Nationaltrainer net gezunn. Mol keng giel. Mol net fir d’Frëndschaftsmatcher, mol net fir eng gewëssen Zäit. 
 
De Gerson Rodrigues ass warscheinlech ee vun de beschte Futtballspiller, déi Lëtzebuerg jee hat, mä och ee vun de schwieregsten. Et gouf ëmmer nees disziplinaresch Problemer. De Futtballer huet den Training net eescht genuch geholl an huet ze vill gefeiert. Am September zejoert zum Beispill huet en an der Nations League géint Wäissrussland heiheem net dierfe spillen, mä konnt sech awer op der VIP-Tribün weisen a vun de jonke Fans feiere loossen.
 
Elo ass de Stiermer vun de Roude Léiwe rechtskräfteg verurteelt. Zu 18 Méint Prisong mat Sursis. Hien hat seng Ex-Frëndin geschloen. An zwee weidere Fäll huet e virun Nightclubben op der Stater Gare Männer kierperlech ugegraff a blesséiert. Deen een hat Knachen am Gesiicht gebrach, deen anere Mann huet en Zant verluer. Dernieft goufen nach Poliziste vernannt a menacéiert.
 
D’Geriichtsaffär hat an deenen zwee Joer, déi se sech elo gezunn huet, keng Konsequenze fir de Futtball-Nationalspiller. Um Enn wollt de Verwaltungsrot vun der Futtballfederatioun net nach eng zweet Strof decidéieren. De Luc Holtz verweist op d’FLF a wëll och net Riichter spillen. Den FLF-President Paul Philipp seet, e wär "net frou iwwer dat Ganzt". Sursis géif een esou verstoen, datt de Rodrigues géif eng zweet Chance kréien an déi wéilt een him och ginn. Déi ganz Diskussioun sollt net nach eng Woch weider goen, huet de Paul Philipp am RTL-Interview gemengt. Fir de Luc Holtz bauschen "rëm groussaarteg" d’Medien dat Ganzt op. Zu allem Iwwerfloss krut och nach e Journalist vum Quotidien gesot, hien dierft net bei engem Presse-Rendez-vous mam Nationaltrainer derbäi sinn. Well en, fräi iwwersat, nervt a sech mam Gerson Rodrigues sou drugehalen huet.
 
Rechtlech däerf een e verurteele Stroftäter fir eng Nationalekipp nominéieren, mä eethesch oder moralesch? En Nationalspiller ass net nëmmen en Athleet, mä och e Symbol. Hie representéiert d’Land, seng Wäerter a gëtt an der Gesellschaft als Virbild ugesinn. Wann e Spiller wéinst Gewalt verurteelt gouf, soll e keen Idol dierfe sinn. Géint Gewalt um oder nieft dem Terrain wëll d’FLF virgoen, da soll se an den eegene Reien net duerch d’Fangere kucken. 
 
D’FLF an de Luc Holtz si visiblement genervt vun der ganzer Affär. Verständlech. Mä de Mann normal weider spillen ze loossen, ass déi falsch Decisioun. Et verharmloost déi ganz Gewaltthematik. Potentiell Goler schéisse schéngt méi wichteg ze si wéi seng Verurteelung wéinst Gewalt a seng Virbild-Funktioun. De Luc Holtz huet selwer erkläert, well en eis sportlech eppes ka bréngen, huet hien e selektionéiert.
 
D’FLF an den Nationaltrainer erkennen un, datt een eng aner Meenung kann hunn. Mä Asiicht, datt si villäicht falsch leie mat der Nominatioun, gëtt et net. Genau sou wéineg beim Schëllege selwer. Keen ëffentlecht Wuert vun Asiicht vun him. Just e grousse Merci iwwer Instagram un d’FLF fir d’Ënnerstëtzung an hie wär kee "Produkt". Hie wär net perfekt, mä éierlech. An "Only God can judge me".
 
Wat ass dat fir en Zeechen? Speziell fir all déi jonk Fans a Spiller? Soulaang s de Goler schéiss, bass de derbäi, egal wat s de gemaach hues? Datt ee villes däerf, soulaang ee gutt Futtball spillt? D’FLF mat hirem President Paul Philipp an den Nationaltrainer Luc Holtz ginn den Ament e schlecht Bild of. Et lenkt vum Sportlechen of an der Futtballnationalekipp an de Spiller schued et leider och.