Huet d'NATO en Ofkommes gebrach, fir hir Grenzen no Osten net auszedeenen?

Nom Zesummebroch vun der Sowjetunioun krut Russland anscheinend esou Zousécherunge vun NATO-Memberstaate gemaach. Wat stécht dohannert?
Huet déi nordatlantesch Allianz géint en Ofkommes verstouss, dat nom Kale Krich mat der UdSSR ofgeschloss gouf, dat beseet, dass se hir Grenzen nimools no Osten ausdeene wäert?
Vill Internetbenotzer behaapten dëst a rechtfäertegen domat déi russesch Invasioun an der Ukrain. D'Land hat sech jo bereet erkläert, der politesch-militärescher Organisatioun bäizetrieden.

Capture d'écran prise sur Twitter le 03/03/2022
"D'Russen hunn hiert Wuert gehalen, d'Amerikaner net", kënnt hien an engem zweeten Tweet zur Konklusioun an zitéiert e rezenten Artikel vun der däitscher Wochenzeitung Der Spiegel mam Titel "Die Entdeckung eines neuen Dossiers aus dem Jahr 1991 bestätigt die russischen Anschuldigungen".
D'Uspillung op dëst Verspriechen, dat anscheinend vum Weste gebrach gouf, gëtt och reegelméisseg vu Pretendante fir den Elysée a Frankräich benotzt.
De Kandidat vu La France Insoumise, Jean-Luc Mélanchon, huet de 7. Dezember géintiwwer France24 erkläert: "Mir mussen erkennen, dass mir de Russen eist Wuert net gehalen hunn. Et huet een hinne gesot: 'Wann dir d'Mauer fale loosst, wäerte mir d'NATO net virun Är Dier setzen. Si hunn d'Mauer fale gelooss, a wat hu mir gemaach: Mir hunn d'NATO virun hir Dier gesat'".
Déi selwecht Ried huet och d'Kandidatin vum Rassemblement national Marine Le Pen, déi den 2. Mäerz als Invitée um Plateau fir d'Presidentiellen 2022 war, gehalen. "Wéi Der Spiegel opgedeckt huet, gouf et - an ech sinn net déi Eenzeg, déi dat seet - en Accord tëscht de Vereenegte Staaten, Däitschland a Frankräich zur Zäit vun der Grënnung vu Russland, dass d'NATO sech net ausdeenen a Länner, déi Russland no stoungen, net arméiere géif".
Dat selwecht gëllt fir de rietsextreeme Kandidat Eric Zemmour, dee sengersäits de 24. Januar 2022 sou wäit goung ze behaapten, dëst Versprieche wär schrëftlech festgehale ginn.
"Wéi d'Berliner Mauer gefall ass, gouf et tëscht dem Gorbatschow, dem wäitleefege Virgänger vum Wladimir Putin, an dem Bush, dem Papp, en Accord, eng stëllschweigend Konventioun, an d'Amerikaner hate sech verflicht, net esou virzegoen an net alleguer d'Länner vun der eemoleger Sowjetzon an d'NATO opzehuelen. Evidenterweis hunn d'Amerikaner hiert Wuert net respektéiert an hu sech ausgedeent (...) also versicht de Wladimir Putin eng schützend Barrière ze kréien".
E sech widderhuelenden Narrativ vum Wladimir Putin
Dës Ausso ass virun allem déi vum russesche President Wladimir Putin. Zënter Jore prangert hien onermiddlech "e Verrot" vum Westen un, dee säi Versprieche gebrach hätt, sech net no Osten auszedeenen, wat bei der däitscher Reunifikatioun kuerz nom Fall vun der Berliner Mauer aktéiert gouf."Si hunn eis ëmmer erëm belunn, si hunn hannert eisem Réck Entscheedunge getraff, si hunn eis viru faits accomplis gestallt. Dëst ass mat der Osterweiderung vun der NATO an der Bereetstellung vu militärescher Infrastruktur un eise Grenze geschitt", huet de russesche President am Mäerz 2014 a senger Usprooch zur Annexioun vun der Krim erkläert.
"'Net een Zentimeter no Osten', sote si eis an den 90er. Wat soll dat heeschen? Si hu gefuddelt, si hunn eis affrontéiert belunn! Fënnef Welle vun der NATO-Erweiderung gouf et elo schonn", huet hien den 23. Dezember 2021 op senger Jorespressekonferenz bekräftegt.
Duerch e méigleche Bäitrëtt vu sengem Noper an déi politesch-militäresch Organisatioun huet sech Russland "menacéiert" gefillt an huet d'Spannunge mat der Ukrain de 24. Februar duerch eng militäresch Invasioun eskaléiere gelooss.

Cartes d'Ukraine comparant les zones sous contrôle russe au 24 février à 19h GMT, au 26 février à 18h GMT, au 28 février à 20h GMT, au 2 mars à 20h GMT et au 3 mars à 20h GMT ( AFP / Cléa PÉCULIER, Sophie RAMIS)
D'Expansioun vun der NATO
Zënter der Signature vum Nordatlantikvertrag duerch zwielef Grënnungsmemberen am Joer 1949 ass d'NATO staark gewuess. Dës Organisatioun, déi am Ufank vum Kale Krich an d'Liewe geruff gouf, fir Europa géint d'Sowjetunioun ënnert den atomare Schutzmantel vun den Amerikaner ze stellen, zielt haut 30 Memberen; dorënner och Lëtzebuerg.

Carte des pays membres de l'OTAN et des prétendants à l'intégration à l'organisation ( AFP / STAFF)
D'NATO bitt d'Méiglechkeet, fir nei Memberen duerch den Artikel 10 vu sengem Grënnungsvertrag opzehuelen. An deem Grënnungsvertrag heescht et, dass "all europäesche Staat, dee kapabel ass, d'Weiderentwécklung vun de Grondsätz vun dësem Vertrag ze fërderen an zur Sécherheet vun der Nordatlantikregioun bäizedroen", kann eng Demande op e Bäitrëtt stellen.
Mä zënter Jore behaapt de Wladimir Putin, dass de Bäitrëtt vun eemolege Membere vun der Unioun vun de sozialistesche Sowjetrepublicken (UdSSR) zur NATO e Versprieche vun der NATO aus den 1990er Jore brieche géif, hir Grenzen net no Osten hin auszedeenen.
Deemools war grad d'Berliner Mauer gefall an et koum zu Gespréicher tëscht de Sowjets an dem Westen, dass Moskau d'Reunifikatioun vun Däitschland an e Bäitrëtt vu ganz Däitschland zur NATO zouloosse sollt, wärend d'Bundesrepublik Däitschland schonn zënter 1955 Member vun der Allianz war.

Carte du "rideau de fer" qui scinde l'Europe de la Guerre froide entre 1952 et 1989 ( AFP / Thomas PERROTEAU, Jean-Michel CORNU, Kun TIAN)
Effektiv hat Moskau 1990 nach vill Zaldoten am Oste vum gedeelten Däitschland stationéiert. Fir dass Däitschland nees vereenegt konnt ginn, huet Moskau seng Truppe mussen ofzéien an d'Land verloossen.
Dës Autorisatioun gouf schlussendlech erdeelt an den 3. Oktober 1990 gouf déi Däitsch Demokratesch Republik an d'Bundesrepublik Däitschland integréiert. Dem Wladimir Putin no gouf dës Reunifikatioun vu Moskau fir en einfacht Versprieche geneemegt: d'Versprieche vum Westen, sech an Zukunft net weider no Osten auszedeenen.
Keen offizielle Vertrag verbitt d'Erweiderung vun der NATO
Op hirem Internetsite gëtt d'NATO eng kloer Äntwert op dës Behaaptung, déi als "Mythos" bezeechent gëtt. "Kee vun den USA, Europa a Russland ënnerschriwwene Vertrag enthält Bestëmmungen iwwer en NATO-Bäitrëtt (...) D'Iddi vun enger NATO-Extensioun iwwer e vereenegt Däitschland eraus stoung 1989 net op der Dagesuerdnung, virun allem, well de Warschauer Pakt nach existéiert huet", verdeedegt sech d'Organisatioun.

Capture d'écran prise le 02/03/2022 sur le site de l'OTAN
De Warschauer Pakt, deen am Joer 1955 geschloss gouf, war eng eemoleg Militär-Allianz tëscht den osteuropäesche Staate mat der UdSSR. Dës gouf eréischt den 1. Juli 1991 opgeléist.
D'Experten, déi vun der AFP kontaktéiert goufen, confirméieren unanime, dass nimools ee "verbindleche schrëftlechen Accord" ënnerschriwwe gouf, deen der NATO ënnerseet, sech no Osten auszedeenen.
D'Amélie Zima, Auteur vun enger Thees iwwer d'Extensioun vun der NATO op déi zentraleuropäesch Staaten, ënnersträicht, dass wann dat de Fall gewiescht wär, "hätt den Artikel 10 vum Vertrag, deen zënter 1949 existéiert, logescherweis modifizéiert misste ginn".
De wierklechen Debat géif sech ëm d'Méiglechkeet dréinen, dass d'Staats- a Regierungscheffe vun den NATO-Memberstaate mëndlech Zousoe an där Richtung gemaach hätten, fir d'Sowjets ze berouegen an d'Reunifikatioun vun Däitschland wéi och seng Opnam an déi nordatlantesch Allianz ze erméiglechen.

Mikhaïl Gorbatchev, en 1990, au Kremlin. ( AFP / VITALY ARMAND)
Dës Behaaptung gouf vum Michail Gorbatschow, dem eemolege Chef vun der Sowjetunioun, an engem Interview aus dem Joer 2014 widderluecht. Hien huet deemools verséchert, dass "d'Theema 'NATO-Erweiderung' an deene Joren iwwerhaapt net diskutéiert gouf".
"Ech soen dat a voller Responsabilitéit. Net een eenzegt osteuropäescht Land huet dat Theema ugeschwat, net eemol nodeems de Warschauer Pakt 1991 opgeléist gouf. Och déi westlech Staats- a Regierungscheffen hunn net doriwwer geschwat", sot hien.
Déi publizéiert Opzeechnunge vu Gespréicher, sougenannt "Memoranden", tëscht de Sowjets an enger Rei vu wichtege westleche Gespréichspartner wéi dem US-President George H.W. Bush, dem westdäitsche Kanzler Helmut Kohl, dem franséische President François Mitterand, der brittescher Premierministesch Margaret Thatcher oder nach dem NATO-Generalsekretär Manfred Woerner, widderspriechen dëse Behaaptungen.
"Ech hätt gär, dass d'NATO onmëssverständlech erkläert, dass et, wat och ëmmer am Kader vum Warschauer Pakt geschitt, keng Erweiderung vum NATO-Gebitt no Osten hi gëtt, dat bedeit méi no un d'Grenze vun der Sowjetunioun", soll zum Beispill den däitschen Ausseminister Hans-Dietrich Genscher an enger Ried, déi am Januar 1990 gehale gouf, gesot hunn.
Dem Gorbatschow seng Äusserungen aus dem Joer 2014 widdersprieche sengen eegenen Umierkunge aus där Zäit. Der Mary Elise Sarotte, Historikerin vun der Johns Hopkins University zu Washington, no wollt de sowjetesche Chef "eng Duerstellung vermeiden, déi hien als naiv erschénge loosse kéint".
Den eemolege Leader vun der Sowjetunioun huet den 9. Februar 1990 erkläert, dass den deemolegen US-Ausseminister James Baker, deen Invité am Kreml war, hie gefrot hätt: "Ugeholl, d'Reunifikatioun géif geschéien, wat wär fir Iech besser: e vereenegt Däitschland baussent der NATO, komplett onofhängeg, ouni amerikanesch Truppen, oder en Däitschland, dat net Member vun der NATO ass, awer mat der Garantie, dass sech weder déi juristesch Zoustännegkeet nach NATO-Truppen méi wäit no Osten beweegen wéi nom aktuelle Stand?"
De Gorbatschow soll gesot hunn: "Et ass kloer, dass d'Erweiderung vum NATO-Territoire inakzeptabel ass". De Baker hätt dorop geäntwert: "Da si mir eis eens."
Et sief dorop hinzeweisen, dass et deemools just ëm Däitschland an net ëm déi osteuropäesch Länner goung, mengt d'Amélie Zima: "Et ass net méiglech, am Februar 1990 vun enger Extensioun vun der NATO op Länner ze schwätzen, déi nach Member vum Warschauer Pakt a vun der UdSSR sinn. Dat ass komplett anachronistesch."
Dokumenter, déi de Politolog Joshua Shifrinson, Professer op der Boston University, virun e puer Joer a britteschen Archiven entdeckt huet, schéngen d'Hypothees, dass mëndlech Zousécherunge gemaach goufen, nach méi ze confirméieren.
Dat däitscht Medium Der Spiegel huet den 18. Februar 2022 iwwer dës Dokumenter en Artikel publizéiert, deen an de leschte Woche ganz vill an de sozialen Netzwierker propagéiert gouf.
"Dës nei Dokumenter weisen, dass ee sech dorop verstännegt hat, d'NATO net generell auszedeenen (...) D'Russen hunn also Recht, wa si soen, dass et Zousécherunge (déi deemools der UdSSR gemaach goufen) géint d'Extensioun gouf, déi dann net agehale goufen", huet e Fuerscher, deen dës Dokumenter un d'Ëffentlechkeet bruecht huet, den 2. Mäerz der AFP géintiwwer erkläert.
"An dësen Dokumenter gëtt bericht, dass féierend Politiker 1991 iwwer d'Méiglechkeet debattéiert hunn, Staate wéi Polen de Bäitrëtt zur Allianz ze erméiglechen, an dass esou eng Moossnam géint d'Zousécherunge verstousse géif, déi der UdSSR am Joer virdru gemaach goufen. Dës nei Materialer sinn en entscheedende Schrëtt an der aktueller Debatt", seet de Joshua Shifrinson.
An engem Interview mat Politifact huet hien awer gemengt, dass "et net dat selwecht ass, wéi ze soen, dass d'NATO en Ofkommes proposéiert huet."
D'Amélie Zima weist dorop hin, dass bilateral Gespréicher tëscht de Cheffe vun den NATO-Memberlänner an der Sowjetunioun just deenen hir Auteuren, an net d'Allianz selwer betreffen: "Entscheedunge bannent der NATO ginn am Nordatlantikrot getraff, an deem d'Staats- a Regierungscheffen zesummekommen. An et gouf a kengem Fall bilateral Gespréicher tëscht den Amerikaner an de Sowjets oder tëscht den Däitschen an de Sowjets, déi d'Extensiounspolitik vun der NATO ännere kéinten."
"Alleguer d'NATO-Decisioune ginn eestëmmeg getraff", erkläert d'Organisatioun op hirer Homepage a betount, dass "d'Ukënnegung vun enger 'NATO-Decisioun' dohier de kollektive Wëlle vun alle souveräne Staaten, déi Member vun der Allianz sinn, zum Ausdrock bréngt."
Dës "Rapporte vu Gespréicher tëscht de Staats- a Regierungscheffen an den Ausseministeren, déi elo verëffentlecht goufen, weise mëndlech Zousoen, mat deenen een net verstoe kann, firwat Russland sech domat zefridde ginn huet", sot sengersäits de Jean de Glinasty, Direkter vum Fuerschungszenter IRIS, dat sech mat Russlandsujete beschäftegt, den 2. Mäerz géintiwwer der AFP.
D'Russen haten "eng gutt Erfarung a Saachen international Bezéiungen. Ausserdeem verlaange si traditionell schrëftlech Zousoe fir alles. Si goufen ouni Zweiwel getäuscht, awer si hunn aus Schwäch gesënnegt", urteelt hien.
Obschonns den Dossier, dee vum Joshua Shifrinson fonnt gouf, zënter dem Ufank vum russesch-ukrainesche Konflikt erëm an de Virdergrond geréckelt gëtt, "ass dëst Dokument net nei". Dorop weist d'Historikerin Mary Elise Sarotte an engem Gespréich mat der AFP hin a mengt, dass et "net rechtfäerdegt, wat de Putin aktuell mécht."
"Keng gréisser Oppositioun géint d'NATO-Extensioun virun 2008"
De Michail Gorbatschow huet schliisslech d'Reunifikatioun vun Däitschland an den NATO-Bäitrëtt akzeptéiert, obschonns hie säi Veto dogéint hätt aleeë kënnen, an huet am Géigenzuch verlaangt, dass keng NATO-Truppen an Ostdäitschland stationéiert sollte ginn, bis déi sowjetesch Truppen d'Gebitt verlooss haten.
Dës Decisioun gouf den 12. September 1990 an "engem rechtsverbindleche Vertrag festgehalen, deen et der NATO erméiglecht, sech ëstlech vun der Demarkatiounslinn vum Kale Krich ze beweegen", analyséiert d'Mary Elise Sarotte.
Déi éischt Osterweiderung vun der NATO huet also mat der Integratioun vun der eemoleger DDR an d'Allianz stattfonnt, mam Accord vu Moskau. 1999 goufen dann och Polen, d'Tschechesch Republik an Ungarn an déi nordatlantesch Allianz opgeholl.
"Hätten d'Russen deemools e formelle Vertrag gehat, deen d'Erweiderung vun der NATO ënnersot hätt, hätt et méi staark Widderstänn ginn, an déi gouf et net. Am Géigendeel, Russland huet iwwer e Rapprochement un d'NATO verhandelt, well 1997 gouf den NATO-Russland-Grënnungsakt ënnerschriwwen an 2002 den NATO-Russland-Rot, eng eenzegaarteg Partnerschaftstruktur tëscht béiden", analyséiert d'Amélie Zima.
2004 koum et zu enger weiderer Bäitrëttswell: Bulgarien, Estland, Lettland, Litauen, Rumänien, d'Slowakei a Slowenien sinn der NATO bäigetrueden.
"Et gëtt 2004 keng gréisser Oppositioun géint d'Extensioun, obschonns et déi éischt NATO-Extensioun ass, déi Länner aus der eemoleger Sowjetunioun betrëfft", erkläert d'Amélie Zima weider. Si mengt, dass d'Bezéiungen tëscht der NATO a Russland am Joer 2008, zur Zäit vum Krich a Georgien, ugefaangen hunn, sech ze verschlechteren.

Adhésions successives à l'Otan, depuis sa création en 1949 ( AFP / Jonathan WALTER, Paz PIZARRO)
Dat ass och de Standpunkt, deen de stellvertriedende Generalsekretär vun der NATO, de Camille Grand, den 2. Mäerz um Radiosender France Inter zum Ausdrock bruecht huet: "Et ass knapps zéng Joer hir, dass de Wladimir Putin dës Rhetorik mat Referenz op déi preliminär Diskussiounen, déi 1990 stattfonnt hunn, ugefaangen huet. (...) Et erzielt ee sech eng Geschicht vun enger Extensioun vun der NATO, déi vu Russland net gewënscht oder encouragéiert gouf, mä et gouf wierklech mat grousser Intelligenz virgaangen an a gudder Kommunikatioun mat Russland, dat an där Zäit och e Partner vun der NATO war, mat deem een enk Relatiounen hat", huet hie gemengt.
Am Joer 2007 huet de russesche President ugefaangen, vun engem Verspriechen ze schwätzen, dat gebrach gouf: "Mir hunn d'Recht, d'Fro ze stellen: Géint wie riicht sech dës Expansioun? A wat ass aus den Zousécherunge ginn, déi eis westlech Partner no der Opléisung vum Warschauer Pakt gemaach hunn?", huet de Wladimir Putin deklaréiert.
Russland verstéisst géint de Vertrag
Wärend Russland ëmmer erëm de Verrot vun der nordatlantescher Allianz uprangert, huet Moskau sengersäits e schrëftlecht Versprieche gebrach, dat et der NATO am Memorandum vu Budapest aus dem Joer 1994 ginn huet.Dat Dokument huet d'Signatairen, dorënner Russland, verflicht, "d'Onofhängegkeet, d'Souveränitéit an déi bestoend Grenze vun der Ukrain ze respektéieren" an "d'Notze vu Gewalt oder Menacë géint déi territorial Integritéit oder déi politesch Onofhängegkeet vun der Ukrain ze ënnerloossen."

La ville de Kharkiv, en Ukraine, après des bombardements le 3 mars 2022. ( AFP / SERGEY BOBOK)
Liest och : Les frontières de l'Ukraine sont internationalement reconnues, elle n'a jamais eu besoin de les "enregistrer" auprès de l'ONU
Schlussendlech, sou betounen déi befroten Experten, misst ee sech virum Wladimir Putin sengen Argumenter hidden, no deenen d'Eskalatioun vun de Spannungen tëscht der Ukrain a Russland duerch de Bäitrëtt vun der Ukrain zur NATO ausgeléist gi wär. D'Allianz huet d'Ukrain effektiv ni an hirem Aktiounsplang fir e Bäitrëtt (MAP) akzeptéiert.
"D'Ukrain erfëllt d'Krittären net, sou dass de Bäitrëtt iwwerhaapt net imminent ass, wéi et heescht. Dat eenzegt Land, dat zur Zäit an d'Strategie fir e Bäitrëtt opgeholl gouf, ass Bosnien-Herzegowina, deem seng Demande am Joer 2010 accordéiert gouf", erkläert d'Amélie Zima.
Fir d'Fuerscherin gëtt dësen "Story-telling vum Wladimir Putin iwwer all Sécherheetsverflichtungen aus den 1990er Joren" haut benotzt, fir "e russesche Putsch an der Ukrain ze legitiméieren", iwwerdeems béid Säiten en "echten Informatiounskrich" féieren.
