Tweet vum Karl Lauterbach iwwer Demoe fir d'Ukrain ass gefälscht

Den däitsche Gesondheetsminister huet net, wéi op Facebook behaapt gëtt, dozou opgeruff, d'Corona-Mesurë bei Demonstratiounen opzehiewen.
Honnerte Facebook-Notzerinnen an -Notzer hunn de supposéierte Lauterbach-Tweet zënter dem 3. Mäerz 2022 gedeelt (hei, hei, hei).

Screenshot der Behauptung auf Facebook: 04.03.2022
Gefälschten Tweet
Um angeeblechen Tweet fält op, dass sech d'Schrëft am propagéierte Screenshot vun der üblecher Schrëft an den Tweets ënnerscheet. D'Schrëft am Screenshot ass méi déck an eng aner wéi déi, déi normalerweis vun Twitter benotzt gëtt, wat beim Buschstaw "g" besonnesch opfält. Och gesäit een ënne lénks am Bild Reschter vun der Editéierung, déi op all de Screenshots op Facebook ze gesi sinn (rout ervirgehuewen). Doriwwer eraus ass den Text e bëssen no riets erageréckelt (vergläicht déi routgestréchelt Linnen), wat fir Twitter onüblech ass.
Vergleich der Behauptung auf Facebook (links) und einem echten Tweet (rechts): 04.03.2022
D'AFP huet de 4. Mäerz beim däitsche Gesondheetsministère no der Authentizitéit vum Lauterbach-Zitat gefrot. De Spriecher Hanno Kautz huet an enger E-Mail un d'AFP geschriwwen: "Den Tweet ass e Fake."
De Karl Lauterbach féiert en offiziellen Twitter-Kont, dee mat engem bloen Hoke verifizéiert ass. Ënner dem Lauterbach sengen Tweets ass esou eng Ausso allerdéngs net ze fannen. Och an archivéierte Versioune vum Kont (hei, hei) steet keng Ausso zu Corona-Lockerunge fir Demoe géint Russland.
D'AFP huet och mat Google a Yandex no dem Wuertlaut vum angeebleche Lauterbach-Tweet gesicht a keng relevant Resultater fonnt. Ausserdeem huet d'AFP keen esou een Tweet am Google-Cache fonnt, wou heiansdo geläschten Tweets nach ugewise ginn.
Enn Februar hunn Honnertdausende Mënschen op der ganzer Welt géint de Krich an der Ukrain demonstréiert. Zu Berlin waren et de 27. Februar, der Berliner Police no, méi wéi 100.000 Persounen (hei, hei). Ënner den Demonstrante war och de Karl Lauterbach, deen eng Foto vum Protest mat senger Haltung géint de russesche President Vladimir Putin getwittert huet.
Maskeflicht bei Manifestatiounen am Fräien
Nach de 16. Februar 2022 huet sech de Karl Lauterbach Medieberichter no géint eng komplett Ophiewung vun de Corona-Schutzmesuren ausgeschwat. Hie sot: "Mir mussen d'Infektiounsschutzgesetz so formuléieren, dass de Basisschutz assuréiert bleift a bei Bedarf ausgedeent ka ginn." Zum sougenannte Basisschutz gehéiert d'Maskeflicht a Banneraim.Den däitsche Bond an d'Länner hunn de 16. Februar e Beschloss fir eng progressiv Oplockerung vun de Corona-Mesurë getraff. De Plang gesäit bei grousse Manifestatiounen vum 4. Mäerz 2022 un op d'mannst medezinesch Maske vir. Ausname fir politesch Attitude sinn do net opgelëscht.
Fazit: D'Behaaptung, den däitsche Gesondheetsminister Karl Lauterbach hätt op Twitter Oplockerunge vun de Mesuren exklusiv fir ukrainfrëndlech Demonstratioune gefuerdert, ass falsch. Den Tweet ass gefälscht.
