Video weist keng "bezuelte Schauspiller", fir Krich an der Ukrain ze inzenéieren

E virale Video weist anscheinend, dass d'Ukrain de Krich inzenéieren an dofir Schauspiller engagéiere géif. D'AFP huet dat recherchéiert.
"Hei si Schauspiller, déi vum déiwe Staat bezuelt ginn, fir den Androck ze erwächen, dass déi militäresch Attacken an zivillen Zone stattfannen. Dës Leit sinn zu alle méigleche Lige fäeg, fir d'Kontroll iwwer d'Massen ze behalen", heescht et an Dosende vu Facebook-Posts, déi zënter dem 26. Februar verëffentlecht goufen (1, 2, 3, 4,...), déi deselwechte Video weisen, an deem e Mann sech eng rout Flëssegkeet, déi wéi Konschtblutt ausgesäit, an d'Gesiicht sprëtzt an da mat enger blonder Fra laacht.
"Si sinn zu alle Lige fäeg... #WarInUkraine" steet an den Tweets (1, 2), déi e puer honnertmol gedeelt goufen, a mat deem selwechte Video. An de Kommentare jäizen Internetnotzer no "Fake News" a "Propaganda", déi angeeblech vu verschiddene Medie verbreet ginn.

Capture d'écran Facebook, prise le 11/03/2022

Capture d'écran Twitter, prise le 11/03/2022
Änlech Behaaptunge goufe schonn zéngdausend Mol op Telegram (1, 2) an zu honnerten op dem russesche sozialen Netzwierk VKontakte (VK) gesinn. Se goufen och an de sozialen Netzwierker a verschiddene Sprooche verbreet, dorënner Serbesch, Spuenesch, Englesch an Hindi.
Dës Biller, déi e puer Deeg nom Amarsch vu russeschen Truppen an d'Ukrain de 24. Februar 2022 gedeelt goufen, hunn näischt mam Konflikt ze dinn. De Video gouf wärend den Dréiaarbechten zu enger TV-Serie am Joer 2020 gedréit an op TikTok publizéiert, éier russesch Truppen an d'Ukrain amarschéiert sinn, bestätegt eng vun de Produzente vun der Serie Daria Driuchenko der AFP.
E Backstage-Video zu den Dréiaarbechte vun enger Serie
An engem Kommentar zu engem vun de kroatesche Bäiträg, déi de Video op Facebook gedeelt hunn, seet en Internetnotzer, dass d'Biller effektiv Dréiaarbechte fir eng Tëleesserie weisen. "Dir deelt e Video vun engem Filmplateau, deen den 28. Dezember 2021 um TikTok-Kont vun der ukrainescher Produktiounsfirma Driu Production publizéiert gouf. Sidd realistesch", seet hie weider.Duerch eng erweidert Google-Recherche, baséierend op de Begrëff "Driu Production" an duerch d'Konzentratioun op d'TikTok-Websäit (dëse Video weist de Virgang) fënnt een de Kont vum Daria Driuchenko, enger ukrainescher Filmproduzentin, op deem vill Videoe vun de Kulisse vun den Dréiaarbechten zu Filmer a Serië verëffentlecht goufen.
Wann déi an de sozialen Netzwierker diffuséiert Sequenz, an där anscheinend eng Inzenéierung vum ukrainesche Krich ugeprangert gëtt, net direkt ënner de Videoen ze fannen ass, déi den 11. Mäerz 2022 op dësem Kont ofgeruff goufen, ass et méiglech, se am Online-Archiv vum TikTok-Kont ze fannen (Dësen anere Video weist de Virgang).
Doraus ergëtt sech, dass eng Sequenz, déi mat där Enn Februar 2022 propagéierter zimmlech identesch ass, vum Daria Driuchenko den 28. Dezember 2021publizéiert gouf, éier se geläscht gouf.

Capture d'écran de l'archive TikTok, prise le 11/03/2022
An der Beschreiwung vum Video gouf en als "DRIU Production" bezeechent. D'Wierder "Zombie Movie" sinn och op de Biller opgedaucht. An de Kommentaren zum Video hat d'Daria Driuchenko och dorop higewisen, dass d'Biller vun den Dréiaarbechten zu enger Serie mam Numm Contamin stamen.
Beweiser fir hir Existenz fanne sech am Internet: Ugefaange mat der Websäit, op där Biller vun den Dréiaarbechten, d'Nimm a Fotoe vun de véier Haaptduersteller wéi och d'Identitéit vum Createur vun der Serie ze fanne sinn.
Dee leschte gouf als Harald Franklin identifizéiert, een an Däitschland baséierte Filmproduzent. Zënter Enn 2020 huet hien op senger Facebook-Säit e puer Bäiträg zur Serie gepost, ënner anerem mam Sujet hannert de Kulisse vun den Dréiaarbechten, vum Schnatt a vun der Produktioun (1, 2, 3).
Dem engleschsproochegen Trailer no deen den 2. November 2021 op YouTube publizéiert gouf, erzielt Contamin d'Geschicht vun enger Welt, déi vun enger Pandemie heemgesicht gëtt, déi vun engem Virus "aus engem russesche Labo" verursaacht gëtt, dee "méi grav wéi Covid-19" wär.
D'Daria Driuchenko confirméiert, dass déi diskutéiert Zeen aus dem November 2020 staamt
Eng blond Fra, déi an deem Video ze gesinn ass, deen an de sozialen Netzwierker propagéiert gëtt, kann een an engem Ausschnëtt vun der Serie erkennen, deen den 3. Februar 2022 vum Harald Franklin op Vimeo gepost gouf. D'Kleedung (ënner anerem déi gréng Jackett mat giele vertikale Markéierungen, de laange wäissen T-Shirt) an d'Silhouette vun der Persoun, déi an der Episod vun der Serie erschéngt, entspriechen an all Hisiicht deene vun der Fra aus dem virale Video an de sozialen Netzwierker.
Comparaisons des captures d'écran de la vidéo publiée sur Vimeo (à gauche) et de la vidéo publiée sur Tiktok (à droite).
Op enger Foto, déi Driu Productioins de 17. Februar 2021 op Instagram gepost huet, kann de jonke Mann, dee mat Konschtblutt-Make-Up geschminkt ass, identifizéiert ginn, virun allem u senger fleckeger Jackett a sengem erkennbare Make-up.

Comparaison de la séquence partagée sur les réseaux sociaux (à gauche) et du post Instagram de Driu productions (à droite)
D'Daria Driuchenko, d'Proprietärin vum TikTok-Kont, op deem d'Sequenz ursprénglech verëffentlecht gouf, huet den 2. Mäerz 2022 géintiwwer der AFP confirméiert, dass de Video "virun zwee Joer" wärend den Dréiaarbechten zur Contamin-Episod gedréit gouf, vun där den Harald Franklin am Februar 2022 Biller op Vimeo gedeelt huet.
"Mir si Cineasten, dohier hu mir vill Videoe vun hannert de Kulissen", seet si weider, wéi si der AFP Beweiser iwwermëttelt, dass de Video effektiv mat hirem Handy opgeholl gouf, an zwar de 14. November 2020. D'Produzentin huet der AFP och Screenshots aus der Fotosgalerie vun hirem Telefon geliwwert, an deene Video gewise goufen, déi deemjéinegen gläichen, dee gedeelt gouf, an deem behaapt gëtt, gestallte Schauspiller ze weisen, déi fir d'Inzenéierung vum Krich an der Ukrain bezuelt géife ginn.
D'Produktiounsfirma huet och preziséiert, dass si de Video den 1. Mäerz 2022 vun hirem TikTok-Kont geläscht hätt, wéi d'AFP festgestallt huet. Zënter Enn Februar hu sech vill Kommentatore vum Video beschwéiert, dass et sech ëm eng Zeen handele géif, déi viru kuerzem an der Ukrain gedréit gouf, fir virgetäuschte Bombardementsaffer ze weisen.
Den aktuelle Stand iwwer de Krich an der Ukrain
Zënter dem Ufank vun der Invasioun vun der russescher Arméi an d'Ukrain de 24. Februar 2022 maache Behaaptungen iwwer falsch Biller den Tour, déi vum ukrainesche Regime oder bestëmmte Medie benotzt solle ginn, fir eng falsch Duerstellung vum Krich an der Ukrain ze vermëttelen.
Jéngst Beispill: Déi russesch Arméi huet en Donneschdeg, 10 Mäerz, en Ugrëff op eng Gebuertsklinick an eng Kannerklinick an der ëmkreester Stad Mariupol am Südoste vun der Ukrain als "Inzenéierung" vun ukraineschen "Nationaliste" bezeechent. Dës Attack, bei där dräi Mënschen ëm d'Liewe koumen, dorënner e klengt Meedchen, huet eng Well vun internationale Verurteelungen ausgeléist.
De selwechten Dag goufen d'Uschëllegunge vun der Verbreedung vu falsche Biller, fir déi international Gemeinschaft ze täuschen, och vun de russeschen Ambassaden a verschiddene Länner an de sozialen Netzwierker verbreet, dorënner och a Frankräich.
Den 11. Mäerz huet déi russesch Arméi hir Offensiv op den ukraineschen Territoire ausgedeent: Se huet zwee Militärfluchhäfen am Weste vum Land ugegraff an huet eng éischte Kéier d'Stad Dnipro ugegraff, en Industriezenter um Dnjepr, e Floss, deen de russeschen Deel vum Land an de Rescht vum Land trennt.

Cartes d'Ukraine comparant les positions des forces militaires au 24 février à 19h GMT, au 28 février à 20h GMT, au 2 mars à 20h GMT et au 10 mars à 20h GMT ( AFP / Cléa PÉCULIER, Sophie RAMIS)
Doriwwer eraus hunn déi russesch Autoritéiten uginn, Persounen aus Syrien d'Méiglechkeet ze ginn, sech fräiwëlleg fir d'Kämpf an der Ukrain ze mellen. Déi Fräiwëlleg wäre "virun allem Bierger vum Noen Osten, Syrer", huet de Kreml erkläert. Kuerz virdrun hat de russesche President Waldimir Putin senger Arméi befuel, d'Entsendung vu "fräiwëllege" Kämpfer an d'Ukrain ze erliichteren, als Vergeltung dofir, dass de Weste senger Meenung no "Söldner" geschéckt hätt.
Gläichzäiteg huet déi brittesch Ausseministesch Liz Truss Sanktioune géint 386 Deputéiert vun der russescher Duma ugekënnegt, déi d'Invasioun vun der Ukrain ënnerstëtzt hunn. Den US-Kongress huet sengersäits en neien nationale Budget mat engem enorme Budget vu bal 14 Milliarden Dollar fir d'Ukrain-Kris accordéiert. Dësen Text enthält e wirtschaftlechen an en humanitären Deel, awer och Waffen a Munitioun fir Kiew.
Den 11. Mäerz schätzen déi Vereenten Natiounen, dass zënter dem Ufank vun der russescher Invasioun de 24. Februar méi wéi 2,5 Millioune Mënschen aus der Ukrain geflücht sinn, 116.000 vun hinne kommen aus Drëttlänner. Méi wéi 1,5 Millioune vun hinnen hunn a Polen Zouflucht fonnt.

Carte d'Europe des flux de réfugiés ukrainiens vers les autres pays européens, selon les dernières données du HCR disponibles au 11 mars à 12h GMT ( AFP / Sabrina BLANCHARD, Cléa PÉCULIER, Gal ROMA)
