E Video behaapt op de sozialen Netzwierker, d'WHO géif vum Ukrain-Krich profitéieren an a sengem Schied eng weltwäit Impfflicht aféieren.

RTL

Capture d'écran réalisée sur Facebook le 16 mars 2022 ( François D'ASTIER)

D'Publikatioun, déi Uschëllegunge géint de Milliardär Bill Gates mat enger Anti-Impfstoff-Ried vermëscht, gouf séier an de sozialen Netzwierker verbreet, dorënner Twitter, wou se zu engem "klore Message vum Dokter Perronne" gouf, déi an 48 Stonnen iwwer 3.000 Mol gedeelt gouf. D'Publikatioun huet och op Facebook grouss Welle geschloen.

D'Publikatioun seet, dass d'WHO, d'Agence vun de Vereenten Natioune fir ëffentlech Gesondheet, d'Befugnis hätt, duerch den Artikel 19 vun hirem Grondvertrag eng Impfflicht weltwäit ze imposéieren.

Zënter dem Ufank vun der Covid-19-Pandemie huet d'WHO eng Rei vu Recommandatioune fir d'Lutte vum Virus erausginn, an hir Aussoen hunn zu ville falsche Publikatioune geféiert (1,2,3,4,5...). Si gouf och vun Deeler vun der internationaler Communautéit souwuel fir hire Fonctionnement wéi och fir hiert Agéiere kritiséiert.

Ka si awer, wéi an der Publikatioun, déi viral goung, behaapt, géint de Wëlle vun engem Land Gesondheetsmesuren duerchsetzen? Dat widdersprécht hirem Fonctionnement, erklären dräi Experten, déi de 16. Mäerz 2022 vun der AFP befrot goufen.

Eng am Weesentlechen normativ Befugnis

"D'WHO wäert nimools an e Land agräifen, dat hir d'Dier net opmécht", resuméiert de Florian Kastler, Dokter fir ëffentlechen Droit, Politikwëssenschaftler an Auteur vun enger Dissertatioun mam Titel ""Le rôle normatif de l'Organisation mondiale de la santé" (L'Harmattan).

D'Gesondheetsagence WHO, déi 1948 gegrënnt gouf, ass eng tëschestaatlech Organisatioun, déi all Joer Delegatioune vun hiren 194 Memberstaaten zu enger Assemblée mondiale zum Theema Gesondheet zu Genf zesummebréngt. Bei dëser Geleeënheet stëmmen dës Delegatioune besonnesch iwwer d'Unhuele vu Gesondheetsnormen of.

RTL

Les locaus de l'OMS à Geneve ( AFP / FABRICE COFFRINI)

An de meeschte Fäll handelt et sech bei dësen Norme just ëm einfach Recommandatiounen. "Duerno ass et un de Staaten, d'Recommandatiounen op nationalem Niveau ëmzesetzen", seet d'Auriane Guilbaud, Professorin fir Politikwëssenschaft op der Université Paris 8 a Spezialistin fir international Gesondheetsfroen.

"Keng vun de votéierte Reegelungen ass wierklech dofir geduecht, déi eege Memberen zu eppes ze zwéngen. Et ass eng Plaz vun der Diskussioun an der Sich no engem politesche Konsens am Gesondheetsberäich", erkläert de Philippe Amiel, Soziolog a Jurist fir Gesondheet op der Université Paris-Diderot. "Zil ass et, dës Norme mat engem Konsens unzehuelen. D'Zoustëmmung vun de Memberstaaten ass entscheedend", betount de Florian Kastler.

D'Organisatioun schwätzt sech zwar fir d'Impfung géint Covid-19 aus, awer wéi se de 16. Mäerz vun der AFP kontaktéiert gouf, huet eng Spriecherin vun der WHO déi offiziell Positioun vun den Experte vun der Organisatioun zur Impfflicht rappelléiert: Se sollt just als "lescht Mëttel a Betruecht gezu ginn, wann eng reell Menace fir d'ëffentlech Gesondheet vun der Gesellschaft a vun de Gesondheetssystemer besteet".

A kenger offizieller WHO-Recommandatioun gëtt generell zu enger Imfflicht an alle Länner envisagéiert: "Et gëtt keng eenheetlech Politik, all Land ass mat enger anerer epidemiologescher Situatioun konfrontéiert", sou d'WHO-Spriecherin.

D'Ëmsetzung vun enger hypotheetescher Recommandatioun an deem Sënn géif awer am Ermiesse vun de Memberstaate leien.

"E verbindlecht Ofkommes"?

An der iwwerpréifter Publikatioun gëtt awer d'Applikatioun vum Artikel 19 vum WHO-Grondvertrag erwäänt, déi et erméigleche géif, e "verbindlecht Ofkommes" zustane ze kréien an domat d'Gesondheetspolitik vun de Länner ze "kontrolléieren". Dësen Artikel vum Grondvertrag existéiert, mä den Text, deen op de soziale Reseaue viral goung, mécht en zu enger "fantasievoller a falscher" Interpretatioun, sou de Philippe Amiel.

RTL

Capture d'écran de la constitution de l'OMS réalisée le 16 mars 2022 ( François D'ASTIER)

Zousätzlech zu de Recommandatioune kann d'WHO op hir Generalversammlunge fir weltwäit Gesondheet dem Artikel 19 no zwou weider Zorte vu Standarde votéieren, dorënner "international Konventiounen oder Ofkommessen". Esou een Ofkommes kann nëmmen dann ugeholl ginn, wann eng Zweedrëttelmajoritéit vun de Memberstaaten zoustëmmt.

Et wär e "rechtlecht verbindlecht Instrument", seet de Florian Kastler. "Soubal Dir eng Konventioun ënnerschreift, sidd Dir verflicht, se voll a ganz ëmzesetzen", seet hien.

Op der anerer Säit "kënne sech d'Staaten duerchaus decidéieren, net Deel ze sinn, wa si dat net wëllen", erkläert d'Auriane Guilbaud.

Ausserdeem gëtt et kee vun der WHO ageplangte Sanktiounsmechanismus, weder fir de Fall vun enger Net-Ratifizéierung nach fir de Fall, dass e ratifizéiert Ofkommes net agehale gëtt, betounen déi dräi Experten.

Effektiv hunn d'USA d'WHO-Ofkommes aus dem Joer 2005 iwwer d'Lutte géint den Tubak ni ratifizéiert - et war déi eenzeg Kéier, dass den Artikel 19 vun der UN-Agence applizéiert gouf. D'USA sinn haut nach ëmmer Deel vun der UN-Agence.

E Land kéint esou een Ofkommes och net hanner zougespaarten Diere bei enger Reunioun an de Raimlechkeete vun der WHO ratifizéieren: "Dat setzt e méi laangen nationale politesche Prozess a Gang", seet d'Guilbard.

A Frankräich géif dat iwwer e Vott an der Assemblée nationale goen, füügt den Här Amiel bäi. Am Artikel 53 vun der franséischer Verfassung heescht et: "Friddensverträg, Handelsaccorden, Traitéen oder Ofkommessen am Zesummenhang mat internationalen Organisatiounen (...) kënne just duerch e Gesetz ratifizéiert oder geneemegt ginn." (Original: "traités de paix, les traités de commerce, les traités ou accords relatifs à l'organisation internationale [...] ne peuvent être ratifiés ou approuvés qu'en vertu d'une loi.")

Den Ufank vun engem Prozess

Zum Schluss heescht et an der Publikatioun, dass "wärend d'Welt vun der russescher Interventioun an der Ukrain ofgelenkt gëtt", hätten zu Genf am richtege Moment Negociatiounen ugefaangen, déi zu dëser berüchtegter obligatorescher Impfflicht féiere sollt.

Dëse publizéierten Opportunismus entsprécht awer just dem offiziellen Zäitplang, deen d'WHO den 1. Dezember 2021 mat der Ukënnegung vum Lancement vun engem "Prozess fir Ausschaffe vun engem globalen Ofkommes iwwer Preventioun, Preparatioun a Reaktioun op Pandemien" opgestallt huet.

"De Verhandlungsgremium wäert seng éischt Reunioun bis den 1. Mäerz 2022 ofhalen (fir Aarbechtsmethoden an Zäitpläng auszeschaffen)", heescht et an engem Pressecommuniqué vun der UN-Agence.

RTL

Capture l'écran du site de l'OMS du 16 mars 2022 ( François D'ASTIER)

D'Gespréicher iwwer e méiglechen internationalen Text oder en internationaalt Ofkommes, déi vun e puer Dose Länner, dorënner d'Membere vun der Europäescher Unioun an d'Vereenegt Staaten, ageleet goufen, stinn eréischt am Ufank. D'WHO-Membere musse sech fir d'éischt mam Ausschaffe vum rechtleche Kader befaassen an entscheeden, ob dëst internationaalt Instrument - wéi e Vertrag - verbindlech wäert sinn oder net.

D'Applikatioun vum Artikel 19 ass net a Stee gemeesselt. De Gremium muss "enger Konventioun, engem Ofkommes oder engem aneren internationalen Instrument vun der WHO fir Preventioun, Preparatioun a Reaktioun bei Pandemien zoustëmmen, dat dem Artikel 19 oder enger anerer Dispositioun vum WHO-Grondvertrag ugeholl ka ginn, déi de Verhandlungsgremium fir adequat hält", heescht et am Pressecommuniqué vun der WHO.

Genee dozou déngen déi éischt Reuniounen, dorënner déi vum 1. Mäerz: de "Contenu a Contenant" vun esou engem Text ze definéieren, fir d'Zoustëmmung "vu méiglechst villen" ze gewannen, wéi de Florian Kastler betount.

Zum aktuellen Zäitpunkt ass nach net ofzegesinn, wat an deem hypotheeteschen Ofkommes drastoe wäert. "D'Aarbechten hu grad eréischt ugefaangen", seet d'Auriane Guilbard. Si weist dorop hin, dass sech esou een Text "op all Fall net just an net onbedéngt op d'Fro vun der Impfung" bezitt, mä e "vill méi allgemenge" Beräich ofdeckt, fir déi international Reaktioun op eng Pandemie besser ze organiséieren.

En Tëscherapport gëtt fir Mee 2023 erwaart, duerno kommen d'Konklusiounen am Mee 2024. "Eng vun den Erwaardungen un de Vertrag besteet doran, d'Fäegkeet vun der WHO ze verbesseren, d'Situatioun an de Länner ze iwwerwaachen an ze bewäerten: de Pouvoir fir Enquêtë vun der WHO", seet eng franséisch Diplomatequell géintiwwer der AFP an engem Message vum leschten Dezember.

D'Ofkommes géif "bedeitend Fortschrëtter bei der Verbesserung vum gläichberechtegten Zougank zu Gesondheetsprodukter erméiglechen, awer och Gesondheetssystemer schafen, déi renforcéiert kéinte ginn, fir eng wierksam éischt Verdeedegungslinn géint Pandemien ze bilden."

"Dës Decisioun ass e Grond fir ze feieren a fir ze hoffen", freet sech de Generaldirekter vun der WHO, den Adhanom Ghebreyesus, bei der Ukënnegung vum Initiéieren vum Prozess. D'Gestioun vun der Covid-19-Pandemie huet d'Grenzen dovun opgewisen, wat d'WHO alles däerf a wat fir Méiglechkeete si huet.