Eng rezent Etüd soll beleeën, dass mRNA-Impfstoffer déi mënschlech DNA verännere kënnen. D'AFP ass där Saach nogaangen.

E puer Honnert Notzerinnen an Notzer hunn Artikelen zu där Etüd op Facebook gedeelt (hei, hei, hei). Och op Telegram consultéieren Honnertdausenden d'Behaaptungen zum Iwwergang vun der Impf-mRNA an dat mënschlecht Ierfgutt (hei, hei). D'AFP gouf och vu Useren iwwer WhatsApp op dës Etüd opmierksam gemaach. Verschidde Blog-Artikele (hei, hei) gräifen déi angeeblech Resultater vun der Etüd op.

D'Behaaptung: D'Etüd déngt als vermeintleche Beweis fir d'Behaaptung, dass d'mRNA aus de Corona-Impfstoffer dat mënschlecht Ierfgutt verännere kéint. D'"Geenom-Verännerung" wär domat confirméiert. Liewerzelle géife sech bannent sechs Stonne veränneren a mat dem neien Ierfgutt iwwerschriwwe ginn. Ausserdeem leeden d'Auteure vun de Bäiträg eng méi héich Kriibsgefor aus der Etüd of.

RTL

Facebook-Screenshot der Behauptung: 09.03.2022

Ëm wat fir eng Etüd geet et?

Grondlag vun de Behaaptungen ass eng Etüd, déi de 25. Februar 2022 vun der schweedescher Universitéit Lund publizéiert gouf. D'Etüd gouf op der Plattform MDPI publizéiert.

An der Etüd geet et ëm d'Wierkung vu BNT162b2, dem Corona-Impfstoff vu Biontech/Pfizer, op déi mënschlech Liewerzwelllinn Huh7 in vitro, also am Labo.

D'Fuerscher erklären an der Etüd: "Eis Resultater deiten op e méi séiert Ophuele vu BNT162b2 an der mënschlecher Liewerzelllinn Huh7 hin." D'Impf-mRNA wär en plus an der Zell bannent sechs Stonnen an d'DNA ëmgeschriwwe ginn. Dat géif duerch eng speziell "reverse Transkriptase" geschéien, en Enzym fir d'Transkriptioun vun RNA an DNA. Noutwenneg dofir si sougenannt Transposonen, wéi "LINE-1", déi an der Etüd ënnersicht goufen. Bei de "long interspersed nuclear elements" (LINE) handelt et sech ëm e beweeglecht Element vum Genom, dat säi Standuert op engem Geen ännere kann.

RNA gëtt net spontan an DNA ëmgewandelt

Déi ënnersichten Transkriptioun an DNA schéngt op den éischte Bléck enger vun de Grondlage vun der Molekularbiologie ze widderspriechen: RNA gëtt net spontan an DNA ëmgewandelt (hei, hei).

Schonn an der Vergaangenheet huet d'AFP änlech Behaaptungen widderluecht, no deene Corona-Impfungen angeeblech déi mënschlech DNA verännere kéinten (hei, hei). D'RNA vun der Impfung kënnt net an den Zellkär, wou sech eis DNA befënnt, mee se bleift am Zytoplasma, der banneschter Zell, déi den Zellkär ëmgëtt. Dat hunn an der Vergaangenheet schonn e puer Expertinnen an Experte géintiwwer der AFP bekräftegt.

D'Professesch fir Infektiounskrankheeten op der Universitéit vun Chile, d'Jeannette Dabanach Peña, huet schonn 2020 zu den Impfungen erkläert: "Se manipuléieren déi mënschlech DNA net. Se sinn dofir gemaach, bestëmmt Proteinnen hierzestellen, fir dass eise Kierper se identifizéieren an déi noutwenneg Immunitéit opbaue kann. Dat mécht e Virus vun Natur aus och a verännert dobäi net d'DNA."

D'María Victoria Sánchez, Fuerscherin am argentineschen Institut fir experimentell Medezin a Biologie, huet 2020 géintiwwer der AFP erkläert, dass et dobäi en Iwwergangsprozess vum geneetesche Code, deen agi gëtt, an e Coronavirus-Protein géif ginn. Dëse Prozess géif am sougenannte Zytoplasma stattfannen, dat den Zellkär ëmgëtt, net awer am Zellkär selwer, an deem sech d'DNA vum Mënsch befënnt. "Boten-RNA kann net an eis DNA gelaangen", sot si.

Och zuelräich Fuerschungsinstituter, Universitéiten a Gesondheetsagencen op der der ganzer Welt hu confirméiert, dass et keng DNA-Verännerung duerch Corona-Impfstoffer gëtt, dorënner déi franséisch Fuerschungsariichtung Inserm, déi franséisch Medikamentenagence ANSM an d'US-Gesondheetsagence CDC.

Den Opbau vun der Etüd ass problematesch

Scho kuerz no der Publikatioun vun der elo propagéierter Etüd hu sech divers Experte kritesch zur schweedescher Etüd geäussert. Souwuel de franséische Medezinner Steve Pascolo op Twitter wéi och d'Medezin-Plattform DocCheck hunn d'Qualitéit vun der Aarbecht denoncéiert. Schonn am Opbau vun der Untersuchung wär ze bemierken, dass keng normal Liewerzelllinnen, mee Liewerkriibszelle souwéi héich Dose vum Impfstoff fir d'Etüd genotzt goufen.

Op eng Ufro vun der AFP den 3. Mäerz huet d'Annette Beck-Sickinger, Professesch fir Biochemie a Bioorganesch Chemie op der Universitéit Leipzig, de Probleem mat de genotzten Zelllinnen erkläert:

"Huh7 ass eng Kriibszelllinn, bei där e wichtegt Protein vun der Zellreparatur defekt ass. Weider ass hire Genom duerch eng grouss Instabilitéit beschriwwen. Huh7-Zelle gi gär benotzt, well de Genom instabil ass." E Réckschloss op gesond Liewerzellen, déi all Reparaturproteinnen hunn, wär dohier carrement onseriéis.

Déi an der Etüd benotzt Impfstoffdosis wär doriwwer eraus méi héich, wéi se üblecherweis beim Mënschen genotzt gëtt, huet d'Beck-Sickinger illustréiert. "Wann een däitlech méi hëlt, da kann een eng Iwwerreaktioun vum Immunsystem erwaarden. Bei Zellen erreecht een, dass den mRNA-Nanopartikel onnatierlech laang an der Zell bleift, well ëmsou méi ech op d'Zelle ginn, ëmsou méi lues ginn mRNA a Partikel ofgebaut. D'Enzymer si jo net erhéicht. Dat féiert zu net pertinente Resultater."

D'Beck-Sickinger benennt och e Probleem vun der "reverser Transkriptase", also der Transkriptioun vun RNA an DNA. Bestëmmt Viren géifen esou een Enzym fir d'Transkriptioun besëtzen. Eis Zelle kéinten dat allerdéngs net ouni Weideres.

Och den David Gorski, en US-Onkolog, dee sech fir d'Bekämpfung vun Desinformatioun am Gesondheetswiesen asetzt, huet d'Etüd den 28. Februar an engem Artikel am Blog Sciencebasedmedecine kritiséiert.

Et wär "eng zimmlech héich Konzentratioun vum Impfstoff" genotzt ginn, wat "u sech schonn zimmlech kënschtlech ass". Eng weider problematesch Raritéit vum Experiment ass dem Gorski no och, dass d'Zellen, deenen den Impfstoff ausgesat war, vu Liewerkriibszellen ofstamen, déi hirersäits a grousser Quantitéit LINE-1 notzen, also DNA-Elementer mat Reverse-Transkriptas-Aktivitéit. Dës hunn d'Fäegkeet, sech selwer op verschidde Plaze vum Genom ze "kopéieren" an anzebauen, andeems se RNA hierstellen an dës RNA an DNA ëmwandelen.

"Wann ech e Reviewer vun dëser Etüd gewiescht wär, hätt ech gefuerdert, dass d'Auteuren eng genomesch méi normal Zelllinn notzen", huet den David Gorski erkläert.

De Philipp Graetzel, Dokter a Medezinjournalist, huet iwwer d'Portal DocCheck iwwer d'Etüd matgedeelt, dass d'Transkriptioun vun externer mRNA an DNA schonn aleng dowéinst als erronéiert géif gëllen, "well de Mënsch net iwwer d'Enzym Reverse Transkiptase verfüügt, dat d'Transkriptioun vun RNA an DNA hierstellt." Déi erwäänt LINE wären eng Ausnam, erkläert hie weider. Dës wären e Relikt vun der Evolutioun a géife zwar d'Fäegkeet zur Reverse Transkriptase besëtzen, wären awer an der Reegel net aktiv.

Och d'Beck-Sickinger huet erkläert: "mRNA allgemeng befënnt sech am Zytosol (Um. v.d. Red.: dem flëssegen Deel ronderëm den Zellkär), DNA am Zellkär. An enger mënschlecher Zell kann mRNA normalerweis net an DNA ëmgewandelt ginn, et feelt der Zell dat heifir néidegt Enzym."

Op Ufro vun der AFP huet de 16. Mäerz och d'Ann Ehrenhofer-Murray, Professesch fir molekular Zellbiiologie op der Humboldt-Universitéit zu Berlin, erkläert, déi ënnersichte LINE-Elementer géifen an normalen Zelle just "ganz seele reaktivéiert". Impfstoffer wären awer keng Ausléiser dovun: "Eng direkt Iwwerdroung vun de Resultater op d'Utilisatioun vum Impfstoff ass net méiglech."

D'AFP huet zu dësem Theema och schonn an engem franséische Faktencheck festgestallt, dass verschidden Enzymer am Kierper eng geréng Reverse-Transkriptase-Funktioun besëtzen, fir RNA-Fragmenter ze benotzen an kleng DNA-Reparaturen duerchzeféieren. Dës Funktioun ass awer op dës kleng Fragmenter vum geneetesche Material an op bestëmmt Ëmstänn limitéiert. Eng spontan Transkriptioun vu ganzen RNA-Molekülen an DNA oder eng Integratioun an de Genom léisst sech doraus net ofleeden.

Ierfgutt-Verännerung kann net aus der Etüd ofgeleet ginn

Esouguer d'Auteure vun der Etüd erklären zu de Resultater vun hirer Aarbecht: "Zum aktuellen Zäitpunkt wësse mir net, ob déi vu BNT162b2 revers transkribéiert DNA an den Zellgenom integréiert gëtt." Dës Etüd beleet dohier net, ob Impf-mRNA an d'Ierfgutt iwwergeet an dëst verännert a behaapt dat och net.

Och d'Beck-Sickinger erkläert: Et gëtt weder beluecht, dass d'Impfstoff-RNA an den Zellkär kënnt, nach gëtt gesot, wat fir e LINE-1 Geen expriméiert gëtt." Och d'Analys vun den Zellbiller, wéi an der Etüd duerchgefouert, ass der Beck-Sickinger no net pertinent.

D'Ehrenhofer-Murray sot och, dass d'Integratioun vun der DNA an d'Ierfgutt an der Etüd net gewise gi wär. D'reverse Transkriptioun eleng géif net zwangsleefeg zu dësem Virgang féieren. Aller Warscheinlechkeet no géif déi transkribéiert DNA an den ënnersichte Liewerzelllinnen am Laf vun der Zäit vun den Zelle verdaut an eliminéiert ginn.

D'Nathalie Grandvaux, Professesch am Departement fir Biochemie a molekular Medezin op der Universitéit Montreal, huet an hirer Bewäertung vun der Etüd den 28. Februar op Twitter geschriwwen: "Ech géif gär am Resumé soen, dass déi an dëser Etüd virgeluechten Donnéeën op kengem Fall iwwerzeegend a schlecht kontrolléiert sinn. Se suggeréieren, dass d'mRNA vum Pfizer-Impfstoff a Liewerzellen an DNA ëmgewandelt kéint ginn. D'Donnéeë beleeën dat awer net." D'Grandvaux verweist en plus op déi ze héich ugesaten Impfstoffdosis, déi bei de Versich benotzt gouf.

De 17. Mäerz huet d'AFP d'Online-Bloggen, déi d'Behaaptunge ronderëm dës Etüd propagéieren, konfrontéiert. Kee vun de Bloggen huet inhaltlech zu de vun der AFP genannte Kritikpunkte Stellung bezunn. Och Réckfroen un d'Auteure vun der Etüd blouwe bis zur Publikatioun vun dësem Faktencheck onbeäntwert.

Keng Preuvë fir d'Entstoe vu Kriibs duerch mRNA-Impfungen


An de Blog-Artikelen zur Etüd gëtt en plus op déi angeeblech Gefor vum méiglechen Entstoe vu Kriibs duerch mRNA-Impfunge verwisen. D'Impfstoffer géifen den Organismus schwächen. D'AFP huet änlech Behaaptunge schonn an der Vergaangenheet iwwerpréift (hei, hei).

E Spriecher vum Hollännesche Kriibs-Institut huet der AFP schonn de 27. August 2021 erkläert: "Mir si keng Donnéeë bekannt, déi dorop hindeiten, dass d'Existenz vun dëser Impf-Immuniséierung eng Immunäntwert géint Kriibszellen negativ beaflosse géif, an opgrond vum Wierkmechanismus vun den Impfstoffer gëtt et och kee Grond, dat unzehuelen."

An engem Artikel vun der Deutschen Gesellschaft für Hämatologie und Onkologie (DGHO) vum 11 Mäerz 2021 heescht et och: "Vill Kriibspatient*inne hu Suerg, dass eng Impfung eng 'schlofend' Kriibserkrankung erëm zum Ausbroch brénge kann - aus zuelräichen Impfetüde mat Kriibspatient*innen an aneren Impfstoffer gëtt et keng Rapporten doriwwer, dass effektiv Impfungen e Réckfall vu Kriibs ausléise kënnen." D'Informatioune géife weisen: D'Covid-19-Impfung géif souwuel Kriibserkrankunge wéi och schwéier Autoimmunkrankheeten an Onfruchtbarkeet net ausléisen, an och net verschlëmmeren. D'DGHO recommandéiert, mat Stand vum 1. Februar 2022, och weiderhi Corona-Impfunge fir u Kriibs erkrankte Leit.

Eng Spriecherin vum Deutschen Krebsforschungszentrums (dkfz) huet den 20. Oktober 2021 der AFP géintiwwer erkläert, eng komplett Hemmung vum Immunsystem kéint effektiv d'Entstoe vu Kriibs begënschtegen. Am Zesummenhang mat der Impfung kéint awer net dovu rieds goen. "Et si keng exponentiell Fallzuelen am Zesummenhang mat der Impfung bekannt."

Och déi angeeblech Problematik vu Spike-Proteinnen, déi bei Impfungen entstinn an d'Utilisatioun vu Lipid-Nanopartikelen huet d'AFP schonn a viregte Faktenchecks iwwerpréift.

Fazit: D'Etüd liwwert keng Preuve fir eng Verännerung oder Integratioun vum mënschlechen Ierfgutt duerch mRNA-Impfstoffer. Den a Liewerkriibszellen ënnersichte Virgang vun der Transkriptioun an DNA kann net ouni Weideres bei normalen Zelle stattfannen. Dës besëtzen dës Fäegkeet an der Reegel net. D'Resultater vun der Etüd kënnen net direkt op d'Utilisatioun vu Corona-Impfstoffer iwwerdroe ginn.