Mataarbechter vum Walt-Disney-Konzern goufe wéinst engem Delikt verhaft. De CEO vun der Entreprise ass awer net ënnert hinnen, wéi vun engem Bäitrag an de sozialen Netzwierker behaapt gëtt.

Honnerten Notzerinnen an Notzer hunn d'Behaaptung iwwer de Gerant vun Disney op Facebook gedeelt (hei, hei, hei). Op Telegram hunn Honnertdausenden en entspriechende Bäitrag gesinn. D'Behaaptung, déi op engem Artikel vun der "Vancouver Times" vum 17. Mäerz berout, gouf och op Franséisch, Spuenesch an Tschechesch propagéiert.

RTL

Facebook-Screenshot der Behauptung: 22.03.2022

An deem Artikel vun der "Vancouver Times" heescht et, de CEO vun Disney Bob Chapek wär a sengem Wunnuert am Süde vu Kalifornien verhaft ginn. De Chapek ass zënter Februar 2020 Gerant vun der US-amerikanescher Entreprise mat Sëtz a Kalifornien a lieft verschiddene Medieberichter no am Los Angeles County (hei, hei).

Op Ufro vun der AFP huet d'Policeagence Los Angeles County Sheriff's Department allerdéngs de 24. Mäerz erkläert, de Chapek wär net vum zoustännege Policekommissariat verhaft ginn.

Déi zoustänneg Task Force fir Mënschenhandel vun der Policestatioun huet och erkläert, et wäre keng Verhaftungen a Relatioun mam Gerant vun Disney bekannt.

Eng Sich am Informatiounszenter fir Prisonéier vun der Regioun Los Angeles County huet en plus keng Inscriptioun ënner dem Numm "Bob Chapek" oder "Robert Chapek" erginn.

Et handelt sech ëm e satiresche Bäitrag

Wéi eng Online-Recherche gewisen huet, handelt et sech beim Artikel vun der "Vancouver Times" ëm e satiresche Bäitrag. Eng entspriechend Markéierung gouf allerdéngs eréischt méi spéit op der Websäit bäigefüügt.

RTL

Die Satire-Kennzeichnung wurde zunächst nicht auf der Website erwähnt und später hinzugefügt, wie dieser Screenshot vom 23. März 2022 (links) zeigt. Dagegen die Behauptung auf Facebook gepostet am 18. März (rechts), Screenshot vom 29.03.2022.

User hunn d'Geschicht vun der "Vancouver Times" gedeelt, nodeems d'Police a Florida effektiv Verhaftungen a Relatioun mat Mënschenhandel a Prostitutioun ëffentlech gemaach huet. Och Prostitutioun ass am US-Bundesstaat Florida illegal.

Am Ganze goufen et 108 Arrestatiounen, 4 dovun am Kontext mat deplacéiertem Verhale géintiwwer Mannerjäregen. De responsabele County-Sheriff Grady Judd huet dozou de 16. Mäerz op enger Pressekonferenz erkläert, dass 4 Disney-Mataarbechter ënnert de Leit wären, déi festgeholl goufen.

Dem Sheriff no goufen 3 Employéen aus de Beräicher vun der Gastronomie, vun der Software-Entwécklung, respektiv vum IT-Departement vun Disney wéinst Opfuerderung zur Prostitutioun verhaft. E 4. wär dräifach am Zesummenhang mam Verschécke vun inappropriéierten Noriichten ugeklot ginn. "Hie war Rettungsschwëmmer am Polynesian Resort fir Disney an huet sech domat gebretzt", huet de Sheriff iwwer de Leschtgenannte gesot.

D'AFP huet déi vollstänneg Lëscht vun de bei der Aktioun arrêtéierte Verdächtege vum 23. Mäerz vum lokale Policebüro kritt a kaconfirméieren, dass dem Chapek säin Numm net doran enthalen ass.

D'AFP huet en plus bei der Walt-Disney-Company nogefrot, ob et en Zesummenhang tëscht dem Chapek an den Arrestatioune gëtt. Bis zum Zäitpunkt vun der Publikatioun vun dësem Faktencheck huet d'AFP allerdéngs keng Äntwert kritt.

Fazit: Neen, de Gerant vun Disney gouf net wéinst Mënschenhandel verhaft. Dat huet déi zoustänneg Police-Agence confirméiert. Beim betraffenen Artikel, deen dës Behaaptung an d'Liewe geruff huet, handelt et sech ëm e satiresche Bäitrag.

Dësen Artikel vun AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.