Am franséischsproochegen Afrika zirkuléiert ëmmer nees eng Rumeur a sozialen Netzwierker, dass a Japan eng nei Geschlechtskrankheet entdeckt gi wär. D'AFP huet dozou recherchéiert an erausfonnt, firwat dës Rumeur fir esou vill Opreegung an den afrikanesche Länner suergt.

RTL

Capture d’écran d’une publication Facebook, réalisée le 8 avril 2022

An de Kommentaren äussere sech eng Partie Internetbenotzer besuergt iwwer dës Noriicht. "Et ass beängschtegend", schreift een. "Et ass ganz schlëmm", kommentéiert een aneren.

RTL

Capture d’écran de commentaires sur une publication Facebook, réalisée le 8 avril 2022

Dës Angscht ass ouni Zweiwel op dat Trauma zeréckzeféieren, dat duerch HIV (humaant Immundefizienzvirus) an aner sexuell iwwerdrobar Infektiounen (IST) an Afrika verursaacht gëtt.

No den Donnéeë vun der UNO liewen zwee Drëttel (67 Prozent) vun den HIV-Infizéierten an Afrika südlech vun der Sahara. Um Kontinent liewen ongeféier 25,7 Millioune Mënsche mam Virus. Am Joer 2018 sinn an der Subsahara 470.000 Mënschen un enger AIDS-bedéngter Krankheet gestuerwen.

An net just AIDS: An engem Rapport vum Juni 2021 schätzt d'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO), dass "d'Zuel vun heelbare sexuell iwwerdrobaren Infektiounen, duerch Chlamydien, Gonorrhoe, Syphilis an Trichomonase, bei Mënschen am Alter vu 15 bis 45 Joer bei iwwer 86 Millioune Persoune pro Joer an der afrikanescher Regioun" läit.

"Falsch Rumeur"

Allerdéngs ass de Message, deen am franséischsproochegen Afrika iwwer déi nei Krankheet aus Japan zirkuléiert, falsch.

De japanesche Gesondheetsministère huet op Nofro vun der AFP de 7. Abrëll 2022 erkläert, en hätt "keng Kenntnes vun esou enger neier sexueller iwwerdrobarer Krankheet, wéi se am Facebook-Post vun 2015 beschriwwe gëtt." Eng Behaaptung, déi vum Nationalen Institut fir Infektiounskrankheeten vu Japan confirméiert gëtt: "Déi Rumeur ass falsch", schreiwe si der AFP. "Méiglecherweis bezitt se sech op d'Hausse vu Syphilis (déi sécherlech keng nei Geschlechtskrankheet ass) an de leschte Joren a Japan", gëtt nach dobäigefüügt.

An hirer Äntwert un d'AFP dementéiert och d'WHO dësen "falsche" Message.

Et gëtt also keng nei sexuell iwwerdrobar Krankheet, déi a Japan entdeckt ginn a bei där e Kondom onwierksam wär.

Ausserdeem steet d'Bild, dat fir dësen ierféierende Message benotzt gëtt, a kengem Fall am Zesummenhang mat enger sexuell iwwerdrobarer Krankheet.

D'Pouken, eng ausgerott Krankheet

D'AFP huet eng ëmgekéiert Billersich duerchgeféiert (sou geet et) an huet d'Bild an enger Billerdatebank vum Alamy-Portal fonnt. An der Legend steet, dass et e Mann mat Pouke weist, deen 1886 vum Georges Henry Fox fotograféiert gouf.

RTL

Capture d’écran prise sur alamyimages.fr, réalisée le 8 avril 2022

D'Resultater vun enger séierer Google-Sich deiten dorop hin, dass den Georges Henry Fox en amerikaneschen Dermatolog war. Hien huet en plus e Buch publizéiert, dat d'Hautkrankheete weist. Op der Säit 32 vun dësem archivéierte Buch befënnt sech d'Foto, déi fir déi ierféierend Publikatioun op Facebook benotzt gouf. Se weist effektiv e Patient, deen un de Pouken erkrankt war.

RTL

Capture d’écran de la page 32 de l’ouvrage de George Henry Fox, archivée sur archive.org

Engem Communiqué vun der WHO no, deen den 8. Mee 2020 publizéiert gouf, sinn d'Pouken eng ausgerott Krankheet. "Den 8. Mee 1980 hat déi 33. Weltgesondheetsversammlung offiziell erkläert, dass alleguer d'Vëlker vun der Welt vun de Pouke befreit sinn."

D'Organisatioun erkläert, dass "dës Erklärung de Schluss vun enger Krankheet markéiert huet, déi d'Mënschheet zënter op d'mannst 3000 Joer vernicht an eleng am 20. Joerhonnert 300 Milliounen Doudesaffer gefuerdert hat."

An engem WHO-Archiv ginn d'Pouken als "akut Exanthem-Erkrankrung" (mat Hautausschlag, Um. v. d. Red.) duergestallt, déi duerch de Varicëvirus verursaacht ginn. "De Virus gëtt vum ausbriechende Patient op empfindlech Persounen iwwerdroen, entweder iwwer kuerz Distanzen duerch Aerosolen oder indirekt iwwer kontaminéiert Bettwäsch oder Kleedung", heescht et.

Déi viral Foto weist also keng Persoun mat enger sexuell iwwerdrobarer Infektioun, wéi an de sozialen Netzwierker vermutt gëtt. "HIV ass a Bezuch op Morbiditéit a komplizéiert Ursaachen de gréisste Probleem ënner de Geschlechtskrankheeten", betount den Dr. Ousmane Faye, Virolog a Chef vum Departement fir Virologie um Institut Pasteur zu Dakar am Senegal.

Op d'Fro, ob et eng Geschlechtskrankheet gëtt, géint déi e Kondom net schütze géif, äntwert den Dr. Faye: "Ech mengen net, awer et muss ee bedenken, dass et keen Nullrisiko gëtt." Als Preventiounsmoyen géint Geschlechtskrankheeten stellt d'WHO fest, dass "Kondomer eng vun de wierksaamste Methode fir de Schutz viru Geschlechtskrankheeten, HIV inclus, duerstellen."

Dësen Artikel vun AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.