An engem ierféierenden Artikel gëtt behaapt, dass den US-Staat Kalifornien Kannermord per Gesetz erlabe wéilt. Deem ass awer net esou, wéi d'AFP ënnersicht huet.

"D'Kommissioun vum kalifornesche Parlament gëtt gréng Luucht fir Gesetzesvirschlag, dee Kannermord wuertwiertlech legaliséiere kéint" ("California Assembly Committee Gives Green Light For Bill That Could Literally Allow Infanticide") heescht d'Iwwerschrëft vun engem Artikel vum 6. Abrëll 2022, dee vun der Websäit Not The Bee, engem Spin-Off vun der satirescher Websäit The Babylon Bee, publizéiert gouf an "absurd a lëschteg (awer richteg) Noriichten" matdeelt.

Den Artikel zitéiert eng Story, déi vun der Anti-Ofdreiwungs-Websäit LifeSite News publizéiert gouf, déi behaapt, dass d'Sprooch vun der Gesetzesvirlag 2223 "Mammen, déi hir Neigebueren ëmbréngen, ausschléisst."

RTL

Screenshot of an online article taken on April 8, 2022

D'Perinatalstierflechkeet ëmfaasst Doutgebuerte wéi och fréizäiteg neonatal Doudesfäll, déi als Doud bis zum siwenten Dag no der Gebuert definéiert sinn. Divers aner Online-Artikelen a Facebook-Posts hunn d'Gesetzesvirlag ugeprangert, well se eng Referenz op de perinatalen Doud am Text hëlt.

Awer de Projet de loi - deen der Gesondheetskommissioun vum kalifornesche Parlament virgeluecht gouf - gouf geännert a leet elo fest, dass den Doud "op eng Schwangerschaft zeréckzeféieren" si muss. Trotz der Ännerung goufen d'Originalbäiträg net iwwerschafft a gi weiderhin online gedeelt.

D'Deputéiert Buffy Wicks, eng vun de Firspriecher vum Gesetz, huet eng Erklärung publizéiert, an där d'Duerstellung vum Gesetzentworf verurteelt gëtt.

"Anti-Ofdreiwungs-Aktivisten hauséiere mat engem absurden an onéierlechen Argument, dass et bei dësem Gesetzentworf ëm d'Ëmbrénge vun Neigebuerene geet, wärend ironescherweis den Deel vum Gesetzentworf, op dee si weisen, iwwer de Schutz an d'Ënnerstëtzung vun Eltere geet, déi d'Trauer vun engem verluerene Kand erfueren", heescht et an der Erklärung.

D'Erin Ivie, eng Spriecherin vun der Wicks hirem Büro, sot der AFP, de Gesetzvirschlag wär de 6. Abrëll geännert ginn, "fir kristallkloer ze maachen, dass e mat enger Schwangerschaft an engem Schwangerschaftsoflaf zesummenhänkt, just well et verschidden onéierlech sproochlech Interpretatioune gouf."

D'Ivie sot och, dass de Gesetzentworf Situatioune vermeide soll, an deene Fraen, déi doutgebuere Kanner op d'Welt bréngen, fir hiert Verhale wärend der Schwangerschaft strofrechtlech poursuivéiert kéinte ginn.

"Dëse Gesetzentworf géif Elteren an Trauer, déi perinatal Verloschter erleiden, protegéieren an ënnerstëtzen, andeems verhënnert gëtt, dass se am warscheinlech donkelste Moment vun hirem Liewe vu Enquêteuren a Procureure verhéiert a méiglecherweis kriminaliséiert ginn", sot si.

D'Ivie zitéiert d'Beispill vun der Chelsea Becker, enger Fra aus Kalifornien, déi strofrechtlech poursuivéiert gouf, well si nom Konsum vu Methamphetamin e Kand dout op d'Welt bruecht hat.

Rechtsexperte soten och, d'Intentioun vum Gesetz wär kloer, an et wär onwarscheinlech, dass et erfollegräich an enger Mordverdeedegung benotzt kéint ginn.

"Et gëtt keng Hiweiser dorop, dass et eng Defense fir dat post-partuumt Ëmbrénge vun engem lieweg gebuerene Kand bidde géif", seet den Jonathan Simon, Professer fir Strofrecht op der University of California zu Berkley.

De Franklin Zimring, Direkter vum UC Berkley Center for Studies in Criminal Justice, stëmmt sengem Kolleeg zou. "Jiddereen, deen dëst an e Privileeg fir onofhängeg Versich, neigebuerent Liewen op en Enn ze bréngen, erweidere wëll, wäert en haarde Kampf viru sech hunn", seet hien.

An de Stephen Munkelt, Gerant vun der Associatioun California Attorneys for Criminal Justice, sot: "Déi lescht Klausel stellt kloer, dass e perinatalen Doud duerch Handlungen no der Gebuert net stroffräi ass."

D'Lisa Ikemoto, Juraprofessesch op der University of California zu Davis, sot, dass d'Ännerung vun der Gesetzessprooch däitlech mécht, dass et näischt mat Kannermord ze dinn huet.

"De Gesetzentworf sou ze interpretéieren, dass et Mënschen erlaabt wär, hir Bëbeeën no der Gebuert vum Kand ëmzebréngen, erfuerdert souwuel aussergewéinlech kreativ Fräiheet wéi och d'Mëssuechtung vun de Grondsätz vun der gesetzlecher Interpretatioun", sot si.