Zënter e puer Deeg zirkuléiere Meldungen an de sozialen Netzwierker, dass d'FIFA d'Spillzäit vu Futtballmatcher verlängere wéilt. Déi wichtegst Detailer dozou an dësem Faktencheck.

"ONVIRSTELLBAR, d'FIFA denkt doriwwer no, fir d'Dauer vu WM-Matcher op 100 Minutten ze verlängeren", heescht et beispillsweis an dëser Facebook-Publikatioun, déi zënter dem 6. Abrëll bal 2.300 Mol gedeelt gouf. Dës Rumeur goung viral a war och op anere Plazen ze gesinn (1, 2).

Se zirkuléiert och massiv an englescher Sprooch, wéi an dësem Artikel vum AFP-Faktencheck ze liesen ass.

RTL

Capture d'écran de Facebook faite le 13 avril 2022

Op dëse Publikatiounen ass eng Foto vum FIFA-President Gianni Infantino ze gesinn.

Am Futtball gesinn d'Reegelen zwou Hallschente vu 45 Minutte vir, wat enger regulärer Spillzäit vun 90 Minutten entsprécht. Um Enn vun all Hallschent leeën d'Arbitteren d'Dauer vun der zousätzlecher Spillzäit fest, woubäi e puer Minutten der regulärer Spillzäit bäigefüügt ginn, fir Spillerwiessel, Blessuren oder aner Spillënnerbriechungen ze berécksiichtegen.

"Keng Reegelännerung"


Eng Partie Publikatiounen, an deene behaapt gëtt, dass d'Matcher op 100 Minutte gesat géife ginn, zitéieren déi italieenesch Websäit Corriere dello Sport als Source, awer d'AFP konnt den Artikel net fannen.

Op alle Fall huet d'FIFA schonn de 6. Abrëll mat engem Tweet dorop reagéiert, dass déi regulär Spillzäit net ännere géif.

D'AFP huet de selwechten Dag souguer eng Meldung publizéiert, an där d'Äntwert vun der FIFA erëmgi gouf.

"No enger Partie vun Artikelen a Gerüchter, déi haut (Mëttwoch) verbreet goufen, wëll d'FIFA kloerstellen, dass et keng Ännerungen un de Reegele fir d'Dauer vu Futtballmatcher fir d'Weltmeeschterschaft oder aner Competitioune wäert ginn", léisst d'Instanz wëssen.

Den Gianni Infantino gouf den 9. Abrëll um Mikro vum Sender beINSports befrot an den Extrait ass an dësem Tweet ze fannen.

Hie confirméiert, dass keng Ännerung vun der 90-Minutte-Reegelzäit geplangt wär, huet awer d'Opfaassung vertrueden, dass "wierksam Iwwerleeungen iwwer déi effektiv Spillzäit" gemaach misste ginn.

"Et geet vill Zäit an engem Match verluer. (...) Wann een d'Zuschauer opfuerdert, fir 90 Minutte Futtball ze bezuelen, an e Match dauert (a Wierklechkeet) 50 Minutten, gëtt et eppes, dat een iwwerpréiwe muss", huet de FIFA-President bäigefüügt.

"Bedeit dat, dass en 100-Minutte-Match d'Léisung vun dësem Probleem kéint sinn?", freet de Reporter.

"Nee, et wäert keen 100-Minutte-Match sinn, awer déi zousätzlech Minutten, déi den Arbitter accordéiere soll, musse wierklech relational mat der verluerener Zäit am Match sinn, mir mussen iwwer d'Zukunft nodenken", äntwert den Infantino.

"Ass dat eng Iwwerleeung, déi Dir gemaach hutt?", freet de Journalist nach eng Kéier. "Et wäert keng Ännerung vum Reglement ginn, dat ass sécher. Awer mir mussen doriwwer nodenken, wéi mir de Futtball méi attraktiv maache kënnen", äntwert de Chef vun der FIFA.

Et ass awer kloer, dass et sech hei net ëm eng Ännerung vun der regulärer Spillzäit handelt.

Och den International Football Association Board (IFAB), de Chef iwwer d'Futtballgesetzer, huet sech zu Wuert gemellt.

"Wéi d'FIFA matdeelt, gëtt et keng Pläng, d'Spilldauer ze änneren, weder fir d'Weltmeeschterschaft am Katar nach duerno", confirméiert de Kommunikatiounschef vum IFAB, de Maximilian Müller, géintiwwer AFP Factuel.

Hien erkläert och, dass all Ännerung e klore Prozess viraussetzt, dee just vun der Generalversammlung vum IFAB ratifizéiert ka ginn, déi normalerweis am Februar oder Mäerz organiséiert gëtt, awer an dësem Joer verréckelt gouf.

"All Futtballverband kann dem IFAB eng Propositioun oder eng Recommandatioun zu de Reegele virleeën, Virschléi oder Ännerungspropositiounen op Experimenter oder aner Diskussiounspunkten areechen, andeems ee se dem IFAB-Sekretär bis den 1. November matdeelt", sou de Müller.

D'Propositioune ginn dann "vun den techneschen Experte vum IFAB gepréift a kënne bei enger Sëtzung, dem sougenannte Annual Business Meeting (ABM), virgeluecht ginn, éier se, am Fall wou, der Generalversammlung fir den Accord, fir d'Experimentatioun oder anere Deliberatioune duerch d'Beroder an d'Experte virgeluecht ginn", fiert hie weider.

No der Geneemegung gëllen d'Ännerunge vun de Reegele vum dem 1. Juli un.

Den IFAB lëscht op senger Websäit all d'Ännerunge vun de Spillreegelen am Futtballberäich op.

Lescht Joer gouf "d'Dauer vum Match" fir d'Saison 2021/22 marginal modifizéiert, fir kloerzestellen, dass "e Spillstopp um Enn vum Match méi laang ass wéi déi verbleiwend Spillzäit, woubäi d''Nospillzäit' (déi vum véierten Arbitter ugewise gëtt) der verbleiwender Spillzäit entsprécht an net der Längt vun der Spillpaus."

RTL

Capture d'écran du site de l'IFAB, faite le 13 avril 2022

Dëse Video vun der IFAB vum 10. Juni 2021 erkläert dës Upassungen.

Dës Ännerung huet awer keng Auswierkungen op déi regulär Spilldauer, déi nach ëmmer 90 Minutte bedréit.

Dës Fro no de Spillzäite kënnt dohier, well déi effektiv Spillzäit (wann d'Spiller um Terrain ëm de Ball kämpfen) dacks ënner 90 Minutte läit, wéi ë.a. eng Etüd vum Internationalen Zenter fir Sportetüden (CIES) mat Sëtz an der Schwäiz gewisen huet.

Dësen Artikel vun AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.