Zur Zäit mécht dës Rumeur d'Ronn an de sozialen Netzwierker a suergt fir Opreegung bei zukünftegen a Mammen, déi nieren, awer och bei ongeimpfte Leit. D'AFP ass där Saach nogaangen.

Honnerte User hunn d'Behaaptung iwwer d'Iwwerdroung vun Impfstoffer op Facebook gedeelt (hei, hei). D'Online-Blogs "Uncut News" a "Contra24" hunn entspriechend Artikelen zu deem Theema publizéiert. Dës goufen och dausendfach op Telegram an e puer honnert Mol op Twitter ugekuckt. "Uncut News" huet den Artikel mëttlerweil geläscht.

RTL

Facebook-Screenshot der Behauptung: 12.04.2022

Wouhier staamt d'Behaaptung?

Déi däitschsproocheg Blog-Artikele verweisen als Ursprong vun hire Behaaptungen op en identeschen engleschsproochegen Artikel, deen de 4. Abrëll 2022 souwuel op den Internetsäiten Anonymouswire an Newspunch publizéiert gouf.

An den Artikele gëtt op en Dokument vum Impfstoffproduzent Pfizer verwisen, dat als Grondlag vun de Behaaptungen dénge soll. A Wierklechkeet ass dat verlinkt Dokument awer weder "nei" nach "brisant". Et handelt sech ëm e Protokoll zu enger Sécherheetsetüd vum Corona-Impfstoff vu Biontech/Pfizer. D'Dokument war schonn am Mee 2021 Grondlag vun änleche Faktenchecks vun anere Redaktiounen (hei, hei).

Wat steet an de Pfizer-Dokumenter?

Am Dokument gëtt et effektiv ab der Säit 67 e Passage, dee sech mat der Expositioun vu Schwangeren a Mammen, déi nieren, mam Impfstoff beschäftegt, wéi och mat "aarbechtsbedéngter Expositioun". Déi online propagéiert Blog-Artikele bezéie sech op genee dëse Passage.

Doran heescht et, Kontakt mat der sougenannter "study intervention", also dem ze ënnersichenden Impfstoff, wärend der Schwangerschaft oder dem Niere sollt bannent 24 Stonnen nom an Uecht huelen u Pfizer gemellt ginn. Dat géif och fir déi aarbechtsbedéngt Expositioun gëllen.

Weider gëtt definéiert, wéini beispillsweis eng Expositioun wärend der Schwangerschaft virläit. Sou géif ë.a. och eng Expositioun aus dem Ëmfeld virleien, wann "e weibleche Familljemember oder eng medezinesch Beschäftegt bericht, schwanger ze sinn, nodeems si der 'study intervention' duerch Anootmen oder Hautkontakt ausgesat war." Et géif och eng Expositioun virleien, wann e Mann ënner de selwechte Konditioune mam Impfstoff a Kontakt gewiescht sollt sinn a seng Partnerin da "virum oder ëm den Zäitpunkt vun der Empfängnis" sollt exponéieren.

D'Definitiounen déngen deemno als Grondlag fir eng Meldung u Pfizer am Fall vun enger Expositioun. Bei Participanteë vun der Etüd géifen dann och Detailer iwwer d'Schwangerschaft bis zu sechs Méint no der leschter Applikatioun vum Impfstoff gesammelt ginn. Bei Schwangeren, bei deene beispillsweis just iwwer de Partner eng Expositioun virleie géif, géif dat net geschéien. Et géif awer gemellt ginn.

Zur Beuerteelung vun de Schwangerschaftsdonneéën heescht et weider am Dokument: "Abnormal Schwangerschaftsresultater gëllen als grav Niewewierkungen". Et gëtt och beschriwwen a wat fir enge Fäll dës virleien, beispillsweis bei net gewollte Schwangerschaftsofbréch.

Änlech Definitiounen a Virgaben iwwer d'Meldeflicht ginn am Dokument och iwwer d'Expositioun beim Nieren a bei der aarbechtsbedéngter Expositioun genannt. All dës Passagen déngen allerdéngs dozou, ze definéieren, a wat fir enge Fäll eng Expositioun mam Impfstoff u Pfizer gemellt soll ginn. An de Passagë gi weder confirméiert Niewewierkunge gelëscht, nach gëtt dovun ausgaangen, den Impfstoff kéint sech vu Mënsch zu Mënsch iwwerdroen. Dat entspriechend Kapitel befaasst sech just mat de Prozesser vun der Etüd.

An der Auswäertung vun der Pfizer-Etüd, déi am Dezember 2020 publizéiert gouf, heescht et och, d'Inzidenz vu graven onerwënschte Resultater wär geréng gewiescht an an der Impfstoff- wéi och der Placebogrupp änlech observéiert ginn.

Keng Beweiser fir Impfstoff-Shedding bei mRNA-Impfungen

Als Shedding bezeechnen Impfskeptiker d'Virstellung, en Impfstoff kéint vu Geimpften op Ongeimpfter iwwerdroe ginn. Effektiv kann de Kierper bei ofgeschwächte Liewegimpfstoffer Deeler vum Impfstoff erëm fräisetzen. Dëse Shedding bedeit allerdéngs nach net automatesch d'Iwwerdroung vun engem Erreeger. Bei de Corona-Impfstoffer ass esou ee Shedding net.

Déi ugeschwate Passagen aus dem Pfizer-Dokument sinn deementspriechend keng Beweiser fir eng Iwwerdroung vum Impfstoff op Ongeimpfter. Op Ufro vun der AFP huet eng Spriecherin vum Impfstoff-Hiersteller Pfizer den 20. Abrëll erkläert, den Impfstoff géif just duerch déi applizéiert Dosis an de mënschleche Kierper geroden a kéint net duerch weidere Kontakt weider iwwerdroe ginn.

Am Etüdeprotokoll wären och just Moossnamen iwwer d'Meldung vun engem méigleche Kontakt mam Impfstoff wärend der Schwangerschaft un e Gesondheetsservice oder un d'Entreprisen, déi d'Etüd duerchféieren, festgeluecht ginn. "Déi sekundär Expositioun ass an de meeschte klineschen Etüden zu den Impfstoffer a potenziellen Therapien eng Standardmoossnam, déi nom Protokoll verleeft, genee wéi d'Fërderung no Abstinenz oder akzeptabele Verhütungsmethoden."

D'AFP huet schonn am Abrëll 2021 nogewisen, dass d'Behaaptungen zum Impfstoff-Shedding net zoutreffen. Déi presuméiert Iwwerdroung vum Impfstoff gouf deemools op déi mRNA-Impfstoffer benotzte Spike-Proteinnen zeréckgefouert. Och de Biontech-Impfstoff benotzt RNA-Schnëpsel, fir Muskelzellen am Kierper an d'Produktioun vun esou Spike-Proteinnen unzereegen (hei méi dozou). Dës ginn dem Immunsystem vum Kierper presentéiert, dat dorop erëm reagéiert an Antikierper forméiert.

An deem Zesummenhang huet d'Mikrobiologin Dasantila Golemi-Kotra vun der York Universitéit am kanadeschen Toronto an enger E-Mail erkläert: "Kee Spike-Protein gëtt lassgeléist, wa mir geimpft ginn." Souguer wa sech dës Spikes léise géifen, kéinten d'Proteinne keen infizéieren.

"Proteinne si pecheg Moleküller an héich instabil. Wa se verdaut ginn, gi se vum niddrege pH-Gehalt am Mo an den Enzymer zerstéiert. Wa se un eiser Haut pechen oder an de Mond, d'Aen oder d'Nues geroden, ass et ganz warscheinlech, dass se vun den Enzymer ofgebaut ginn, déi eis Zellen an dëse Regiounen ofginn."

Och de Barry Pakes, Assistenz-Professer un der Dalla Lana School of Public Health op der Universitéit Toronto, huet dat an enger E-Mail un d'AFP confirméiert: "Et gëtt absolut keng Beweiser fir d'Ofdroe vu Spike-Proteinne bei Geimpften. Dat ass och theoretesch guer net méiglech."

Déi amerikanesch Centers for Disease Control and Prevention (CDC) erklären zum presuméierte Shedding op hirer Websäit: "Sheddiing ka just optrieden, wann am Impfstoff eng ofgeschwächt Versioun vum Virus enthalen ass." Beim Biontech-Impfstoff handelt et sech allerdéngs ëm en mRNA-Impfstoff ouni esou eng ofgeschwächt Versioun vum Virus.

Eng Spriecherin vum däitsche Paul-Ehrlich-Institut (PEI) huet den 13. Abrëll 2022 op eng AFP-Ufro en plus gesot, et wär net méiglech, dass den mRNA-Impfstoff duerch Hautkontakt oder Otemloft op Ongeimpfter iwwerdroe géif ginn.

"Et handelt sech ëm mRNA mam Bauplang fir de Spike-Protein, déi - verpak an Lipidnano-Partikel, fir e méi séieren Opbau ze verhënneren - an de Muskel gesprëtzt gëtt. Et ass ausgeschloss, dass dës mRNA (oder och déi doraus forméiert Spike-Proteinnen) vun do an d'Haut oder an déi ausgeotemt Loft geroden."

Kee bekannte Risiko fir Schwangerer oder Mammen, déi nieren

Behaaptungen iwwer den Afloss vun de Corona-Impfungen op Schwangerer wéi och Feelgebuerten an Onfruchtbarkeet als méiglech Konsequenzen huet d'AFP schonn e puer Mol iwwerpréift (kuckt hei, hei, hei).

De Christian Münz ass Fakultéitsmember um Institut für Experimentelle Immunologie op der Universitéit Zürich. Hien huet den 28. Abrëll an enger E-Mail un d'AFP Folgendes zur presuméierter Iwwerdroung vum Impfstoff iwwer d'Mammemëllech geschriwwen: "Et ass onwarscheinlech, dass Deeler vum mRNA-Impfstoff, deen intramuskulär agesprëtzt gëtt, an d'Mammemëllech geroden." E Wandere vum RNA-Moleküll vum Muskel bis an d'Zelle vun der Mammemëllech wär fir hien "quasi ausgeschloss".

D'Janine Zöllkau, Doktesch an der Gebuertsklinick vum Universitätsklinikum Jena, huet der AFP den 3. Mee 2021 och an enger E-Mail geschriwwen: "D'Konklusioun, dass Bëbeeën no der Impfung vu Mammen, déi nieren, liewensbedreelech vulnerabel sinn, ass net drobar."

Si erkläert weider: "Et ass aus menger Siicht net plausibel, dass relevant Impfstoffquantitéiten an der Mammemëllech no der Impfung virleien. Och eng relevant Vulnerabilitéit vum genierte Bëbee duerch en Impfstoff, dee potenziell oral opgeholl gëtt, ass net plausibel."

Den amerikanesche Collège fir Gebuertshëllef a Gynekologie huet den 9. August 2021 zesumme mat aneren Organisatioune vu Gesondheetsexpertinnen an -experten eng "Erklärung vum staarke medezinesche Konsens fir d'Impfung vu Schwangere géint Covid-19" ofginn. D'Fachgesellschaft huet och confirméiert, dass et sécher wär, no der Impfung ze nieren.

D'US-Agence CDC erkläert op hirer Websäit (Stand 3. Mäerz 2022), Corona-Impfunge wären och fir Fraen, déi nieren, recommandéiert. En plus géif et Berichter, déi weise géifen, dass geimpfte Mammen an hirer Mammemëllech Antikierper enthalen, déi och zur Protektioun vum Bëbee bäidroe kéinten. D'Impfung wär sécher a wierksam fir Schwangerer. Weider heescht et: "Et gëtt zur Zäit keng Indicen dorop, dass Impfstoffer, Covid-19-Impfstoffer inclus, bei Fraen oder Männer Fruchtbarkeetsprobleemer verursaachen." Och d'Weltgesondheetsagence (WHO) recommandéiert d'Biontech-Impfung fir schwanger Fraen oder Fraen, déi nieren.

Op Ufro vun der AFP huet "Uncut News" erkläert, ee vun de Blogs, déi d'Behaaptung verbreet hunn, fir d'éischt keng Stellungnam kënnen ofzeginn, well d'Redaktioun fir de Moment an enger digitaler Paus wär. Den Artikel gouf fir d'éischt vun der Säit geholl, bis en intern gepréift kéint ginn. "Contra24" huet bis zur Publikatioun vun dësem Faktencheck net op d'AFP-Ufro reagéiert.

Fazit: Dat propagéiert Pfizer-Dokument beleet keng Iwwerdroung vum Impfstoff duerch Hautkontakt oder Otemloft. Et handelt sech ëm en Etüdeprotokoll, an deem gereegelt ass, wéini eng Expositioun mam Impfstoff un de Produzent gemellt gëtt. Souwuel Pfizer wéi och de Paul-Ehrlich-Institut dementéieren d'Iwwerdroung vum Impfstoff iwwer Loft oder Haut. Eng Gefor duerch den Impfstoff fir zukünfteg oder Mammen, déi nieren, besteet Expertinnen an Experten no net.

Dësen Artikel vun AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.