Nom Ausgang vun de Presidentiellen a Frankräich hu Meldunge den Tour gemaach, d'Marine Le Pen hätt manner Stëmme kritt, wéi si ze gutt hätt. Dat ass op en technesche Probleem vun engem Tëleessender zeréckzeféieren.

D'Bäiträg weise meeschtens véier verschidden Ausschnëtter vun ënnerschiddlechen Zäitpunkte vun der Walemissioun op France2, an deenen d'Stëmme fir d'Marine Le Pen ofhuelen. Wärend an der Sendung géint 21.30 Auer méi Stëmme fir d'Le Pen wéi fir de Macron ugewise goufen, louch de Macron ronn eng Stonn méi spéit vir.

Honnerte User hunn d'Behaaptung op Facebook gedeelt. E Blog huet eng änlech Behaaptung verbreet, genee wéi User an zuelräiche Sproochen, wéi zum Beispill op Franséisch, Kroatesch oder Tschechesch.

RTL

Facebook-Screenshot der Behauptung: 27.04.2022

Déi zweet Ronn vun de franséische Presidentschaftswale war de 24. Abrëll mat enger Victoire fir de President sortant Emmanuel Macron iwwer d'Marine Le Pen, d'Kandidatin vun der rietspopulistescher Partei Rassemblement National, op en Enn gaangen. Nom Ausziele krut de Macron, de Kandidat vun der pro-europäescher Partei La République en Marche, 58,5 Prozent vun de Stëmmen.

Stëmmen op der franséischer Tëlee fälschlecherweis duebel gezielt

D'Screenshots sinn echt a stamen aus der Walemissioun vum franséischen ëffentlech-rechtleche Sender France2. De Sender hat am Laf vum Walowend de 24. Abrëll ëmmer nees Tëscheresultater publizéiert.

Um 21.11 Auer hat de Sender 13,7 Millioune Stëmme fir de Macron an 13,9 Millioune fir d'Le Pen ugewisen. Eng Minutt méi spéit sinn dës Zuelen dann op 14,2 Millioune fir de Macron a 14,4 Millioune fir d'Le Pen geklommen. Um 22.46 Auer hat de Sender op en Neits aktualiséiert Resultater publizéiert. France2 hat dunn dem Macron 14,2 Milliounen an der Le Pen 11,6 Millioune Stëmmen zougeschriwwen.

Déi angeeblech 14,4 Millioune Stëmme fir d'Le Pen um 21.12 Auer vergläichen d'Bäiträg da mam Walresultat vun 13,3 Millioune Stëmmen, dat méi spéit bekannt gi gouf. Aner Posts vergläichen déi éischt Zuel, déi vu France2 gewise gouf, mat der Zuel, déi annerhallef Stonn méi spéit gewise gouf, a komme souguer op angeeblech méi wéi zwou Millioune verschwonne Stëmmen.

RTL

Ausschnitte aus der Berichterstattung von "France 2" zu unterschiedlichen Zeitpunkten

An der Sendung koum et allerdéngs zu engem Feeler. De Sender huet dozou de 25. Abrëll op sengem Twitter-Account eng Entschëllegung publizéiert. "E Computerfeeler huet dozou geféiert, dass um Walowend bei France2 e Sonndeg 24. Abrëll falsch Zuele gewise goufen. Mir bieden eis Spectateuren, dat ze entschëllegen."

Dëse Feeler wär geschitt, well "d'Software, mat där de Sender d'Donnéeë vum Inneministère uweist, d'Stëmmen aus verschiddene Gemenge fir béid Kandidaten duebel gezielt huet". De Feeler wär direkt bemierkt ginn, zu kengem Moment hätt den Inneministère dem Marine Le Pen 14 Millioune Stëmmen zougeschriwwen.

De Christophe de Vallambras, Direkter vum Medialab vu France Télévisions, huet op AFP-Ufro erkläert, dass een d'Zuelen net bewosst verännert hätt: "Es gëtt absolut kee mënschlecht Agräifen tëscht deem Moment, an deem d'Informatioun vum Ministère ausgeet, an deem Moment, an deem se um Bildschierm erschéngt. Dat ass eng technesch Schwieregkeet bei eis."

Hie betount weider, dass d'Le Pen zu kengem Moment tatsächlech 14 Millioune Stëmme kritt hätt, wéi an der Emissioun ugewisen: "Et handelt sech ëm en Traitementsfeeler vun der Maschinn zum Zäitpunkt vun der Mise à jour vum Feed vum Ministère." Déi Donnéeën, déi erakoumen, hätten net séier genuch verschafft kënne ginn a Gemengeresultater wäre sou "e puer Mol gezielt" ginn.

"Eis Informatiker hunn eis direkt dorop opmierksam gemaach, dass et e Probleem gëtt. Si hunn direkt e Protokoll geännert, dat d'Berechnunge korrigéiert huet", illustréiert den de Vallambras d'Virgoe vum Sender: "Et weist ee live Kaarten, déi ee soss eréischt den nächsten Dag weist, awer et gouf e Moment, an deem de Computer net richteg funktionéiert huet. En huet Zuelen ugewisen, déi ze héich waren, an dat ass leider op Sendung gaangen. Dat deet eis immens leed." De Probleem wär "séier behuewe" ginn.

D'AFP huet ausserdeem den techneschen Responsabele vum Sender fir de Walowend kontaktéiert, deen erkläert huet: "Vun 20 Auer u war de Prinzip, dass mir all Minutt déi verfügbar Resultater, déi um Site vum Ministère ugewise ginn, an Echtzäit aktualiséiere sollten. Mir hu festgestallt, dass d'Annoncen e bëssen ze séier geklomme sinn. Et gouf e Rechefeeler."

Richteg Zuele vum Ministère

Dass d'Le Pen am Ufank vum Owend virum Macron louch, ass net onbedéngt iwwerraschend. Dat spigelen d'Walresultater aus verschiddene ländleche Géigenden erëm, wou d'Walbüroe méi fréi zoumaachen a méi séier ausgezielt konnt ginn. Anerersäits schéngt d'Zuel vun den ausgezielte Stëmmen just ronn eng Stonn no der Clôture vun de leschte Walbüroe vill ze héich.

Och d'AFP hat wärend der Walnuecht reegelméisseg Donnéeë vum Inneministère kritt. Um 21.15 Auer, e puer Minutten no den éischten zwee Screenshots aus der Emissioun vu France2, weisen d'Zuelen aus dem Ministère wäitaus manner Stëmme wéi déi, déi vu France2 iwwerdroe goufen.

RTL

Zwischenstand der Auszählung nach Angaben des französischen Innenministeriums um 21.15 Uhr

Och d'Websäit vum Inneministère, déi an Internetarchiven e puer Mol gespäichert ass, beleet d'Gréisstenuerdnung vun der Zuel. Dem Backup vun 21.42 Auer (19.42 GMT) no louch de Macron zu deem Zäitpunkt bei 9,6 Millioune Stëmmen, d'Le Pen bei 8,6 Milliounen.

Nodeems den Inneministère vun der AFP kontaktéiert gouf, hat hien de 26. Abrëll geschriwwen, dass d'Meldung vun de Resultater vun der zweeter Ronn vun de Presidentiellen "ouni Probleem" verlaf wär an dass "keng Feelermeldung un den Inneministère weidergeleet gouf, ganz besonnesch och net vun de ville Journalisten, déi mat den Donnéeë verbonne waren."

Gültegt Walresultat

Dem Endresultat no koum den Emmanuel Macron um Enn op 58,5 Prozent vun de Stëmmen, d'Marine Le Pen op 41,5 Prozent. Am Verglach zu senger Wal am Joer 2017 huet de Macron domat ronn zwou Millioune Stëmme verluer: 18,8 Millioune Franséisinnen a Fransousen hunn aktuell fir hie gestëmmt, 2017 waren et nach 20,7 Milliounen. D'Marine Le Pen huet bannent fënnef Joer bal aacht Prozentpunkten zougeluecht an huet mat 41,5 Prozent en historescht Resultat realiséiert. D'Abstentioune bei dëse Walen hu mat ronn 28 Prozent den héchste Wäert zënter de Presidentschaftswale vun 1969 erreecht. En plus hunn 2,3 Millioune Walberechtegt en eidele Stëmmziedel ofginn.

De 27. Abrëll huet de franséische Verfassungsrot (Conseil constitutionel) dat amtlecht Schlussresultat bekannt ginn. An 48 Walbüroen hat et den Donnéeë vum Verfassungsrot-President Laurent Fabius "Onreegelméissegkeete" ginn. Dowéinst goufen 20.594 Stëmmziedele (0,06 Prozent) fir ongülteg erkläert.

Och d'Marine Le Pen selwer huet d'Resultat nach um Walowend unerkannt: "E grousse Wand vun der Fräiheet hätt iwwer dem Land opkomme kënnen. D'Schicksal vun de Walurnen, dat ech respektéieren, huet et anescht gewollt."

Den op Facebook verbreete Blogartikel zweiwelt ausserdeem d'Walresultat vun de franséische Presidentielle vun 2017 un. Do hätt et scho "ganz änlech 'Ongereimtheete'" ginn. Deemools wären angeeblech Walziedele mam Numm vum Le Pen scho beschiedegt an dohier ongülteg ausgeliwwert ginn. Kuerz virun der Wal hate Politikerinnen a Politiker vum Front National, wéi d'Partei vum Marine Le Pen bis 2018 housch, scho mat dëser Behaaptung Zweiwel um rechtméissegen Ausgang vun der Wal geséit.

De Verfassungsrot huet fir d'Presidentschaftwalen 2017 allerdéngs festgestallt, dass déi zwee Walgäng "insgesamt ënner gudde Konditioune verlaf sinn". Eng änlech Behaaptung iwwer déi aktuell Presidentiellen huet d'AFP scho widderluecht.

Fazit: Bei de franséische Presidentschaftswalen 2022 si keng Millioune Stëmme fir d'Marine Le Pen verschwonnen. Déi ënnerschiddlech Zuele koumen duerch en technesche Feeler vun engem franséischen Tëleessender zustanen, wouduerch verschidde Gemengeresultater wéinst engem Mëssel duebel gezielt goufen. Déi vum Inneministère publizéiert Zuelen hunn zu all Moment den effektiven Tëschestänn entsprach.

Dësen Artikel vun AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.