Zanterdeems d'EU decidéiert huet, "d'CO2-Emissiounen an Europa bis 2035 op Null ze senken", gëtt déi effektiv Auswierkung vun Elektroautoen op d'Ëmwelt dacks a Fro gestallt.

D'Faktencheck-Plattform Faky vun der RTBF huet probéiert, eng Fro ze beäntweren, déi sech vill Autofuerer stellen: Wat verknascht d'Ëmwelt am meeschten? Den Elektroauto oder den Auto mat engem Verbrennungsmotor?

Doriwwer gëtt an de sozialen Netzwierker, wou vill Internetnotzer d'Ëmweltbelaaschtung vun Elektroautoe beschreiwen, vill diskutéiert. Den Internetnotzer no hätten déi leschtgenannt e méi schiedlechen Impakt wéi Autoe mat Verbrennungsmotor.

D'Hierstellung vun Elektroautoen ass zwar méi ëmweltschiedlech, awer wärend hirer Liewensdauer an Europa sinn d'Ëmweltauswierkunge méi kleng wéi déi vun engem Auto mat Verbrennungsmotor.

--> Dir hutt d'Wuert: Är Meenung zum Enn vu Verbrennungsmotoren, "Den Elektroauto: eng falsch gutt Iddi"

Liewenszyklus vun engem Auto berécksiichtegen

Fir d'alleréischt erënnert d'Plattform Faky dorun, dass de gesamte "Liewenszyklus" vun engem Auto berécksiichtegt gi muss.

Dozou mussen zwee Gefierer mam selwechte Gewiicht an de selwechten Dimensioune verglach ginn. Fir eng korrekt Berechnung huet de Francisco Contino, Elektroingenieur a Professer op der UCLouvain, dass et noutwenneg wär, de gesamte Liewenszyklus vun engem Gefier ze berécksiichtegen. Dëse Kreeslaf ëmfaasst d'Hierstellung, d'Benotzen an de Recycling oder den Demontage.

Bei Elektroautoe muss eng Batterie hiergestallt ginn, déi de ganzen Auto mat Stroum versuergt.

Den Här Contino huet der RTBF géintiwwer erkläert, dass "dës Batterie eng grouss Quantitéit un Energie brauch, fir hiergestallt ze ginn. Ausserdeem gëtt se dacks a China hiergestallt, wou haaptsächlech Kuel benotzt gëtt, fir Stroum ze produzéieren. Zulescht ass de Prozess vun der Hierstellung fir d'Batterie am Moment immens energieintensiv an net wierklech ëmweltfrëndlech".

Et geet och ëm d'Gewiicht vun de Batterien: "Fir eng Batterie hierzestellen, muss net just gespäichert Energie beweegt ginn, mee och eng Anlag, fir se ze späicheren. Et ass eng elektrocheemesch Konversiounsanlag. A wann Dir d'Anlag mat beweegt, ass et relativ schwéier. Wann een eng Energieunitéit an enger Batterie späichert, transportéiert een eng grouss Zuel un anere Saache mat dëser Energie. Dat weit schwéier am Verglach zu engem Bensinnstank. Et kann ee soen, eng Batterie ass 10 bis 20 Mol méi schwéier am Bezuch op d'Gewiicht".

Den Akademiker betount weider d'Auswierkunge vun de Materialien, déi fir d'Hierstellung vun de Batterië benotzt ginn: "Mir mussen dës Materialien a Minnen ofbauen, mir musse se raffinéieren, mir musse se a Form bréngen, mir musse se verpaken... An dat alles kascht enorm vill Energie an duerch d'Tatsaach, dass mir fossil Energië benotzten, gëtt och vill CO2 fräigesat. Et gëtt geschat, dass d'Hallschent vun den CO2-Emissioune bei der Hierstellung vun engem Elektroauto op d'Batterie zeréckzeféieren ass."

Fir d'Hierstellung vun dëse Batterien aus Lithium an Ione gi Materialie wéi Kobalt oder Néckel benotzt. Hir Exploitatioun gehäit net just eethesch, mee och ekologesch Froen op.

Generell gëtt bei der Hierstellung vun engem Elektroauto méi CO2 verbraucht wéi bei engem Auto mat Verbrennungsmotor. D'Agence Reuters huet berechent, dass 8,1 Millioune Gramm CO2 fir d'Hierstellung vun engem Elektroauto néideg sinn, verglach mat 5,5 Millioune Gramm fir en Auto mat Verbrennungsmotor. Dat entsprécht enger Differenz vu 47 Prozent.

Elektroautoe si wärend hirer Utilisatioun manner schiedlech

Wärend der gesamter Liewensdauer verbessert den Elektroauto säi Bilan géintiwwer dem Verbrenner.

Et stëmmt, dass en Elektroauto keen CO2 ausstéisst, awer e muss nees opgeluede ginn. Wéi gesäit den CO2-Bilan vum Stroum aus, dee fir dësen Zweck agesat gëtt?

D'Plattform Faky erënnert drun, dass Stroum, dee fir d'Luede vu Gefierer benotzt gëtt, souwuel aus erneierbaren Energië wéi och a Kuelekraaftwierker produzéiert gi kann. Dat hänkt vum Land of, an deem den Auto geluede gëtt.

Transport & Environment, den europäesche Verbond fir Verkéier an Ëmwelt, schätzt, dass "en Elektroauto mat Batterie, deen a China hiergestallt an a Polen gefuer gëtt, am schlëmmste Fall 37 Prozent manner CO2 ausstéisst wéi e Bensinner. An am beschte Fall kann en Elektroauto mat enger Batterie, déi a Schweden produzéiert an do gefuer gëtt, 83 Prozent manner emittéiere wéi e Bensinner."

WannDir also en Elektroauto an Europa benotzt, wäert Dir den CO2-Ausstouss ausgläichen, dee bei der Hierstellung vum Elektroauto fräigesat gouf. D'Dauer, déi fir esou en Ausgläich néideg ass, hänkt awer vun den Notzungsmodalitéiten of.

RTL

© Shutterstock

D'Ëmweltauswierkunge vu réngem Stëbs

Bei der Verbrennung entstinn Partikele wéi Stéckoxiden, déi sech an der Loft ausbreeden, wouduerch Elektroautoen an dëser Hisiicht manner ëmweltbelaaschtend si wéi Autoe mat Verbrennungsmotor.

De Francesco Cortino seet dozou: "Schuedstoffer a besonnesch Partikele kommen och vun de Bremsen a Pneuen, déi bei hirem Benotze Mikropartikelen ofginn." D'Gewiicht vum Auto spillt eng grouss Roll bei der Ëmweltverknaschtung. "De Probleem ass, dass den aktuellen Trend a Richtung SUVe geet. An e méi groussen Elektro-SUV ass wesentlech méi schwéier. An dann hu mir e Probleem, well mir um Enn awer eng grouss Quantitéit u Partikele beim Bremsen emittéieren. Och wann d'Bremse manner beusprocht gi wéi bei Autoe mat Verbrennungsmotor, well Elektroautoe regenerativ Systemer benotzen, fir beim Bremse mat Elektroautoen Energie zeréckzegewannen."

Ëmgedréint erkläert de Professer: "Et ass kloer, dass en Elektroauto am direkte Verglach, mat der selwechter Mass, d'Ëmwelt vill, vill manner verknaschte wäert wéi en Auto mat Verbrennungsmotor."

Elektrogefierer produzéiere manner Kaméidi wéi Autoe mat Verbrennungsmotor, well se quasi ouni Geräisch lafen. Perfekt fir d'Bekämpfung vu Belästegung duerch Kaméidi, mat där Stied reegelméisseg konfrontéiert sinn.

Batterie recycléieren, fir schiedlech Impakter ze limitéieren

Wann d'Liewensdauer vun de Gefierer op en Enn kënnt, gi se demontéiert. Dëse Schratt verleeft fir béid Autostyppe ongeféier d'selwecht. Verschidden Elementer kënne vu Fachleit nees benotzt a recycléiert ginn.

Mee souguer, wann d'Batterie vun Elektroautoen déi gesamt Liewensdauer vum Gefier iwwerdauere sollt, si verschidde vun hire Materialie rar a mussen onbedéngt recycléiert ginn, fir déi negativ Konsequenze vun hirer Extraktioun ze vermeiden.

Lithium-Ionen-Akkue sinn deelweis bis zu 90 Prozent recycléierbar. Carbone 4, enger franséischer Entreprise fir Energie- a Klimaberodung no ginn awer manner wéi 5 Prozent vun dëse Batterien effektiv recycléiert. D'Recycling-Kette stécht nach an de Kannerschong, well Elektroautoen nach relativ nei sinn.

Wat fir Léisunge ginn et?

Elektroautoe sinn dohier net ouni Konsequenze fir d'Ëmwelt. Awer wat ass mam Hybridauto?

D'Bedeitung vun Hybridgefierer hänkt vun hiren Notzungskonditiounen of. An dësem Zesummenhang huet de Cortino géintiwwer der RTBF erkläert: "En Hybridauto kann nëtzlech fir ee sinn, dee laang Distanze fiert an éischter dozou tendéiert, op esou laange Strecken e Verbrennungsmotor ze benotzen, a wann hien an der Stad ukënnt, wiesselt d'Gefier an den Hybridmodus. Dat ass duerchaus relevant, esoulaang et en Auto ass, deen net all ze schwéier ass."

Wëssenschaftler si sech generell eens, dass Elektroautoe manner ëmweltschiedlech si wéi Autoe mat Verbrennungsmotor. Doriwwer eraus ginn aktuell Recherchë gemaach, fir hir Auswierkungen ze verréngeren. D'Fuerscher schaffe virun allem un der Hierstellung vu Batterien, déi héich CO2-Emissioune verursaacht. E weidere wichtege Punkt bei der Reduzéierung vun den Ëmweltauswierkungen ass d'Manéier, wéi sech déi eenzel Staate mat Stroum versuergen. Ëmsou méi si op CO2-neutral Ressourcen zeréckgräifen, ëmsou méi nëtzlech wäerten Elektroautoe sinn. Doriwwer eraus ass et vu grousser Bedeitung, d'Méiglechkeete vum Recycling fir déi verschidde Komponente vun der Batterie ze verbesseren.

Bis elo hunn Elektrogefierer zwar e schiedlechen Impakt op d'Ëmwelt, mee wann een zwee änlech Gefierer vergläicht, déi an Europa mat normaler Liewensdauer ënnerwee sinn, ass den Impakt manner grouss wéi dee vu Gefierer mat Verbrennungsmotor. Et mussen also weider Fortschrëtter gemaach ginn, fir den Ënnerscheed ze vergréisseren, an d'Ëmweltauswierkungen ze verréngeren.