
E puer dausend User hunn zënter Enn Januar 2023 e Video op Facebook gedeelt, dee e Wollefsruddel an engem Bësch am Bundesland Niederösterreich weise soll. Tatsächlech staamt de Video awer aus Kanada.
E kuerze Video a sozialen Netzwierker suergt an Niederösterreich fir Opreegung. E weist angeeblech e Ruddel Wëllef, dee sech am ëstleche Bundesland néiergelooss soll hunn. D'Opname goufen zënter Enn Januar 2023 zu dausenden op Facebook gedeelt.

Screenshot der Behauptung auf Facebook: 16. Februar 2023
De Video vum Wollefsruddel goung iwwer d'Grenze vun Éisträich fir Intressi gesuergt. An de leschte Wochen huet nieft den éisträichesche Medien "oe24" an den "Niederösterreichischen Nachrichten", och de "Stern" iwwer de Clip bericht an en als Fake identifizéiert. Och de Faktencheck-Blog "Mimikama" koum an engem eegene Faktencheck iwwer de Video zur Konklusioun, dass d'Opnam net aus Niederösterreich, mee aus Kanada staamt.
Eng ëmgekéiert Billersich mat eenzelen Astellunge vum Video huet d'AFP zu engem Bäitrag op Instagram geféiert. E weist dee selwechte Video vum Wollefsruddel wéi an deem Bäitrag, deen am Moment gedeelt gëtt.
E gouf de 5. Dezember 2022 um Account vum Andrew Hendry publizéiert. Den Hendry ass sengem Profil no Professer fir evolutionär Ekologie am kanadesche Montreal. Op senger Internetsäit gëtt den Evolutiounsbiolog an Déierefilmer Ablécker a seng Aarbecht a verlinkt seng verschidde Social-Media-Profiller.
E Bléck op dem Hendry seng Kanäl weist: De Video vum Wollefsruddel ass och op sengem TikTok-,Twitter- a YouTube-Account ze fannen. An der Videobeschreiwung op YouTube fënnt een den Hashtag "#britishcolumbia", woumat déi westkanadesch Provënz British Columbia gemengt dierft sinn, en Hiweis op déi méiglech Plaz, wou de Video opgeholl gouf.
Den Hendry huet de 16. Februar 2023 an enger E-Mail un d'AFP confirméiert, dass et sech beim Clip, deen am Moment fir Intressi suergt, ëm eng vu sengen Opnamen handelt. Se wär vun enger Kamerafal a British Columbia opgeholl ginn. Dem Zäitstempel vum YouTube-Video no huet d'Wëldkamera de Ruddel den 30. November 2021 um 5 Auer nomëttes Lokalzäit agefaangen.
De Video kann nach aus engem weidere Grond net an Éisträich opgeholl gi sinn: Bei de Wëllef am Video handelt et sech den Aussoe vum éisträichesche Beoptraagte fir Wëllef Aldin Selimovic ëm sougenannt Timberwëllef, enger Ënneraart vum Wollef, déi an den nërdlechen USA a Kanada doheem sinn. "Am Video sinn héchstwarscheinlech Timberwëllef an net Europäesch Wëllef, déi bei eis virkommen, ze gesinn", huet de Selimovic der AFP de 17. Februar 2023 an enger E-Mail matgedeelt.

Kanadischer Timberwolf in einem französischen Wildpark ( AFP / JEAN-CHRISTOPHE VERHAEGEN)

Europäischer Wolf in einem Wildpark in Verden ( AFP / PATRIK STOLLARZ)
Änlech huet sech de Jeeër vum Juegdbezierk Zwettl, an deem Allentsteig läit, de Manfred Jäger, de 17. Februar 2023 geäussert. Am Video wären Timberwëllef ze gesinn, déi an Éisträich net virkéimen. Ausserdeem géif de staarke Schnéifall souwéi d'Vegetatioun net zur Géigend ronderëm Allentsteig passen.
Dem Beoptraagte fir Wëllef Selimovic no goufen am Joer 2022 a ganz Éisträich unhand vun DNA-Prouwe 54 Wëllef gezielt, déi a siwe Ruddele liewe géifen. Déi tatsächlech Unzuel u Wëllef léich awer warscheinlech däitlech méi héich. An Niederösterreich, wou de Video, deen aktuell am Ëmlaf ass, angeeblech opgeholl gi soll sinn, wäre momentan véier Ruddelen ënnerwee.
Een dovun lieft an der Ëmgéigend vun Allentsteig an ass am Moment Deel vun engem Fuerschungsprojet, wéi den Aldin Selimovic erkläert huet. "De Video staamt sécher net vun Allentsteig. De Ruddel zu Allentsteig gëtt am Kader vun engem wëssenschaftleche Projet iwwerwaacht, an do si sécher keng Wëllef wéi am Video ënnerwee." Och aus anere Géigenden an Niederösterreich géif et keng Hiweiser op esou Wëllef.
Fazit: De Video, deen aktuell gedeelt gëtt, gouf 2021 an der kanadescher Provënz British Columbia opgeholl an net rezent an Éisträich. E weist e Ruddel Timberwëllef, déi net a Mëtteleuropa doheem sinn.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
