Beweisen dës Fotoen, dass de Mieresspigel geklommen ass?

Déi weltwäit Hausse vum Mieresspigel ass e wëssenschaftlech unerkannt Phenomen, dee sech mat der globaler Erwiermung verschlëmmert a méi séier gëtt. An awer behaapte Bäiträg op Twitter, dass de Verglach vun zwou Opname vu Liberty Island zu New York aus de Joren 1898 an 2017 weist, dass de Mieresspigel net klëmmt.
"Esou gesäit eng katastrophal Hausse vum Mieresspigel aus", schreift e User de 15. Mäerz ironesch op Twitter an deelt zwou Fotoe vu Liberty Island, der Insel, op där sech d'Fräiheetsstatu zu New York befënnt. Op béide Biller schéngt de Mieresspigel identesch ze sinn.
D'Fotoen, déi iwwer 17.000 Mol op Twitter gedeelt goufen, ware schonn am Mee 2022 a franséischer Sprooch op Facebook verëffentlecht ginn. Esou eng Ausso war och schonn 2021 op Spuenesch am Ëmlaf.

Tweet partagé en ligne depuis le 15 mars (capture d'écran du 21 mars 2023)
Eng Hausse vu bal 30 cm bannent engem Joerhonnert
Mä dës Biller soen näischt iwwer dat aktuellt Klamme vum Mieresspigel un der Küst vun New York aus, wéi aus den Observatiounsdonnéeë fir d'Regioun ervirgeet an och eng Rei Spezialisten am Gespréich mat der AFP erënnert hunn.D'Donnéeë (hei verlinkt) vun der National Oceanic and Atmospheric Administration (NOAA), der US-amerikanescher Agence fir d'Observatioun vum Mieresspigel, weisen effektiv eng konstant Hausse vum Waasserspigel un der Küst vun New York zanter engem Joerhonnert.
Mat enger Hausse vun 2,9 mm pro Joer säit 1856 ass de Mieresspigel bannent engem Joerhonnert ëm bal 30 cm (0,95 Fouss) geklommen, wéi den Observatoire feststellt.

Graphique du NOAA, illustrant la hausse constante du niveau de la mer à New York depuis 1856
"Dës viral Messagë versichen, d'Hausse vum Mieresspigel ze diskreditéieren, andeems se esou Biller weisen", erkläert d'Catherine Walker, Ozeanographin op der Woods Hole Oceanographic Institution (hei verlinkt), déi de 16. Mäerz vun der AFP interviewt gouf.
"Awer Mareografe moossen de Mieresspigel zimmlech genee - wat dës Leit net wëssen. An dës Outilen hu gewisen, dass de Mieresspigel klëmmt. Dat steet ausser Fro", erkläert si.
Fotoen an engem Intervall vun 100 Joer opgeholl
D'Fotoen, déi an de Publikatioune benotzt goufen, goufe sécher an engem Ofstand vu méi wéi 100 Joer opgeholl. Duerch eng ëmgekéiert Biller-Sich ass et méiglech, d'Schwaarz-Wäiss-Foto op der Internetsäit vum New Yorker Stad-Musée (hei verlinkt) ze fannen, wou preziséiert ass, dass d'Foto "ëm 1900" geschoss gouf.
L'image utilisée dans le tweet, issue de la collection du musée de la ville de New York
Déi aktuell Foto, déi op 2017 datéiert ass, staamt eigentlech aus dem Joer 2012. Duerch eng ëmgekéiert Biller-Sich am Internet huet d'AFP d'Originalfoto (hei verlinkt) an engem Bäitrag vun engem New Yorker Touristeblog fonnt, deen 2012 verëffentlecht gouf. De Metadaten no gouf d'Foto de 17. Abrëll 2012 gemaach.

Indications de métadonnées principales de la photo retrouvée sur la note de blog, grâce à l'outil ExifViewer. En bas à gauche, la date de prise de la photo est indiqué (17 avril 2012). (Capture d'écran du 22/03/2023)
D'Aarbechten, déi op der Foto vun der Publikatioun ze gesi sinn, confirméieren dësen Datum, well am Oktober 2011 Renovéierungsaarbechten ugefaangen hunn, déi ee Joer gedauert hunn, wéi et deemools um Internetsite vu Liberty Island annoncéiert war. Déi blo Baatschen op de Fotoe (an der Mëtt) souwéi déi donkelgréng Grillen (ënne riets) sinn och op anere Fotoen ze erkennen, déi tëschent Mäerz a Juni 2012 geschoss goufen an an Datebanke fir Biller archivéiert sinn (hei, hei, hei, hei).

Capture d'écran de la photo supposément de 2017 partagée dans les publications (capture d'écran du 21 mars 2023)

Capture d'écran du blog "Gray Line New York Sightseeing" faite le 20 mars 2023
Keen Ernimme vum Miereszyklus
Dës zwee Biller ouni Kontext ze deelen, ass fir d'Catherine Walker ierféierend, well de Mieresspigel opgrond vun de Gezäite variéiert. "Et ass net gewosst, wéini dës Fotoe wärend dem Miereszyklus gemaach goufen", seet si a stellt fest, dass "d'Gezäiten am Hafe vun New York en Ënnerscheed vu méi wéi 1,5 m am Dag ausmaachen".D'Dianna Padilla, Professesch fir Ekologie op der Stony Brook University zu New York, huet dat bestätegt: "Jee no Dag an Auerzäit vun der Foto kéint ee [iwwer dës Fotoe] soen, wat ee wëll", sot si de 17. Mäerz géintiwwer der AFP.
Wa beispillsweis d'Foto vun 1898 an d'Foto aus den 2010er Jore bei Ebbe respektiv bei Flut gemaach gouf, "da wäert dat natierlech déi duerchschnëttlech Hausse vum Mieresspigel vertuschen", beschreift d'Iris Moeller, Geografin um Trinity College zu Dublin, dësen Detail am Gespréich mat der AFP vum 17. Mäerz.
"Och wann d'Biller en Indicateur fir den duerchschnëttleche Mieresspigel iwwert eng Rei Jore wären - wat se eendeiteg net sinn - géife se domat zesummenhänken, wat mir de 'relative Mieresspigel' nennen", erkläert si.
Dëse Begrëff bezitt sech op d'Aart a Weis, wéi sech d'Miereshéicht am Verglach zur nächster Küst verännert. D'Iris Moeller erkläert ënnert anerem, dass d'Äerd "aus verschiddene Grënn klammen oder fale kann". Dowéinst gëtt de Mieresspigel duerch d'Gezäite gemooss an entspriechend ugepasst, wéi d'Kaart (hei verlinkt) vun der US-amerikanescher Ëmweltagence EPA weist (ënnen).

Montée "relative" du niveau de la mer sur la côté Est des Etats-Unis, selon l'agence de protection environnementale américaine (EPA) (1inch = 2,54cm)
De Mieresspigel virun New York klëmmt méi séier
Insgesamt ass den duerchschnëttleche Mieresspigel weltwäit ëm déi selwecht Gréisstenuerdnung geklomme wéi zu New York.D'Ozeaner sinn "am Laf vum Joerhonnert ëm 20 bis 30 cm" geklommen, wéi de Jayantha Obeysekera, Direkter vum Sea Level Solutions Center op der Florida International University, sot. Hien huet awer erkläert, dass béid Fotoen niefteneen dëse Wandel op kee Fall illustréiere kënnen.
"De Probleem mat der Hausse vum Mieresspigel ass, dass souguer déi 'klengst' Quantitéit grouss Auswierkungen huet", erkläert d'Catherine Walker.
Virun allem awer hëlt dës Hausse tendenziell zou. Laanscht déi amerikanesch Küst wäerten d'Ozeaner tëschent 2020 an 2050 viraussiichtlech ëm duerchschnëttlech 25 bis 30 cm klammen, wat der Hausse entsprécht, déi wärend engem Joerhonnert tëschent 1920 an 2020 observéiert gouf, esou e Rapport vun der NOAA aus dem Joer 2022.
An enger Etüd (hei archivéiert) aus dem Joer 2020, déi am Magasinn "Urban Climate" verëffentlech gouf, sote Klimafuerscher och, dass d'Stad New York opgrond vum méi waarme Waasser vum Mëttel-Atlantik an dem Schmëlze vun de Gletscheren e méi héije Mieresspigel wéi de weltwäiten Duerchschnëtt erwaarde kéint.
Acceleratioun och op globalem Niveau ze gesinn
Och weltwäit huet sech d'Hausse vum Mieresspigel an de leschte Joerzéngte beschleunegt, wéi Wëssenschaftler der AFP schonn am Februar 2023 erkläert hunn.D'Observatioune vu Satellittendonnéeën, déi zanter 1993 zur Verfügung stinn an online iwwert den Aviso-Tool vum franséische Centre national d'études spatiales (CNES) accessibel (hei archivéiert) sinn, weisen, dass "de globale Mieresspigel zanter 1993 weltwäit ëm duerchschnëttlech 3,6 Millimeter pro Joer zouhëlt". Dat ass bal dat Duebelt vun der duerchschnëttlecher Hausse vun 2 mm an engem Joer, déi wärend dem ganzen 20. Joerhonnert observéiert gouf.
Iwwert de globalen Duerchschnëttswäert eraus ënnersträichen d'Wëssenschaftler, déi befrot goufen, och déi sëlleg geografesch Ënnerscheeder, woubäi verschidde Regioune méi staark vun der Hausse betraff si wéi anerer.
"Déi regional Variabilitéit ënnerscheet sech staark vum globalen Duerchschnëtt", huet den Ozeanograf William Llovel der AFP den 9. Mäerz matgedeelt. Wärend d'Hausse vum Mieresspigel un de Küste vun den USA ongeféier dem weltwäiten Duerchschnëtt entsprécht, sinn aner Regioune wesentlech méi staark betraff.
Dat gëllt fir de Westpazifik, wou den CNES tëschent 1993 an 2021 eng Hausse vun 10 mm pro Joer festgestallt huet, wat enger Hausse vum Mieresspigel ëm 30 cm bannent 30 Joer entsprécht.

Le niveau moyen global des mers (GMSL) de référence de janvier 1993 à aujourd'hui, observé par satellite, selon le site Aviso Altimetry
D'Awierkung vum Klimawandel ass "eendeiteg"
Am éischten Deel vu sengem Evaluatiounsrapport vum August 2021 stellt de Weltklimarot (IPCC) fest, dass déi global Erwiermung "eendeiteg" ass an dass et "net ze kontestéieren ass, dass de mënschlechen Afloss d'Atmosphär, d'Ozeaner an d'Land erwiermt huet".Dat gëtt och duerch de jéngste Rapport vum IPCC vum 20. Mäerz 2023 confirméiert, an deem hie festgestallt huet, dass déi global Erwiermung an de Joren 2030 bis 2035 d'1,5°C géintiwwer dem virindustriellen Zäitalter erreeche wäert, obwuel d'Temperatur schonn ëm duerchschnëttlech 1,2°C geklommen ass.
D'Existenz vum mënschegemaachte Klimawandel gëtt reegelméisseg a Fro gestallt, besonnesch vun Notzer a sozialen Netzwierker. An de vergaangene Méint huet d'AFP och eng Rei vun ierféierende Publikatiounen zum Sujet Klima iwwerpréift, dozou gehéiere Faktenchecken iwwer Klimamodeller, d'arktescht Mieräis, eng NASA-Etüd iwwer d'Äismass an der Antarktis, eng Meldung, déi d'Klima-Urgence ofstreit, oder nach iwwer d'Temperaturen an der Arktis.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
