Den amerikanesche Philanthrop a Grënner vu Microsoft Bill Gates gouf vum australeschen Noriichtesender ABC News interviewt.

Facebook-User a Malaysia hunn de Video säit dem 8. Mäerz 2023 gedeelt. De Video gouf mat änleche Behaaptungen och op der Plattform TikTok gedeelt. Änlech Bäiträg sinn och op Portugisesch, Spuenesch a Rumänesch am Ëmlaf.

D'Behaaptung: "Mr. Gates, an Ären eegene Wierder, wat hutt Dir bäigedroen...", heescht et an der Iwwerschrëft vum Bäitrag. An nach: "Bill Gates gediergängelt." An deem Video schéngt eng Fernseejournalistin den amerikanesche Milliardär Bill Gates iwwer säin Zousproch fir Corona-Vaccinen ze befroen an hie mat deenen hiren angeeblechen Niewewierkungen ze konfrontéieren. Doropshin äntwert de Gates scheinbar ofwierend a beendegt den Interview mat de Wierder: "Okay, dat ass genuch. Dësen Interview ass eriwwer."

RTL

© AFP

An de vergaangene Woche goufen ëmmer nees Biller an de sozialen Netzwierker gedeelt, déi vun enger KI erstallt goufen. Se sinn deelweis schwéier als KI-generéiert Biller ze erkennen. Dat biergt d'Gefor vu Falschinformatiounen. D'AFP erkläert hei, wéi ee KI-Biller erkenne kann. An der Vergaangenheet huet d'AFP schonns aner manipuléiert Videoen iwwerpréift.

Frëndschaftlechen Austausch


De Video vermëttelt direkt den Androck, dass déi geschwate Wierder vum Gates a vun der Journalistin net ëmmer de Beweegunge vun de Lëpsen iwwereneestëmmen.

Am ieweschte rietsen Eck vum Bildschierm ass de Logo "7/30" ze gesinn. D'AFP huet no de Stéchwierder "Bill Gates" an "7/30" gesicht an huet en echten Interview mam Gates an der Moderatorin, dem Sarah Ferguson, fonnt, deen den 31. Januar 2023 vun der Australia Broadcasting Corporation (ABC) op YouTube verëffentlecht gouf.

De Video, dee bal 13 Minutte laang ass, dréit den Titel: "Bill Gates beschwéiert sech bei Tech-Entreprisen iwwer 'lächerlech' COVID-19-Konspiratiounstheorien". En plus steet "7.30", den Numm vun den Owendnoriichten vun ABC News.

De Matschnëtt vum Interview gouf den 30. Januar 2023 och op der Internetsäit vun ABC News verëffentlecht. E Bléck op de gesamten echte Bäitrag weist, dass de Gates an d'Ferguson néierens déi angeeblech Wierder gesot hunn, déi am manipuléierte Video gewise ginn.

Am manipuléierte Video fänkt d'Ferguson den Interview angeeblech mat der Fro un: "Här Gates, wat hutt Dir an Ären eegene Wierder zur Welt bäigedroen?" De Gates äntwert angeeblech, dass hien "de beléiftste Computerbetribssystem vun der Welt" kreéiert hätt, wouropshin si him virwërft, de System just geklaut ze hunn. Weder dësen Dialog nach dat uschléissend Gespréich dauchen am ABC-Interview op, och net d'Befroen zu de Covid-Impfstoffer.

De Groussdeel vum echte Gespréich tëscht dem Gates an der Ferguson dréint sech ëm d'Roll vun Australien bei der Bekämpfung vum Klimawandel, d'Verbreedung vu falschen Inhalter an de sozialen Netzwierker an d'Finanzéierung, déi de Gates fir d'Fuerschung un Impfstoffer a kënschtlecher Intelligenz bereetgestallt huet.

Déi Versioun vum ABC-Interview, dee fir esou vill Opreegung am Internet suergt, ass eendeiteg d'Resultat vun enger Manipulatioun, well souwuel de Gates wéi och d'Ferguson genee déi selwecht Kleedung unhunn a virun dem selwechten Hannergrond sëtze wéi an der manipuléierter Versioun. Beim Verglach vun de Biller vum Video, deen an de sozialen Netzwierker verbreet gouf (lénks), a vum ABC-Interview (riets), mécht däitlech, dass d'Fale an der Kleedung vun der Ferguson an d'Positioun vun hirer Hand a béiden Interviewen t'selwecht sinn.

RTL

© AFP

D'AFP huet bei ABC News no deem Video gefrot. Den 28. Mäerz 2023 sot d'ABC-News-Spriecherin Sally Jackson: "De beaarbechte Video op TikTok ass Fake. En ass och op Twitter am Ëmlaf. Mir hu keng Informatiounen iwwer seng Hierkonft." Weider sot si: "De Gates huet den Interview net ofgebrach. D'Enn vum Video ass op der Säit vun ABC ze gesinn. Et ass näischt Ongewéinleches geschitt."

Um Enn vun der Sendung verabschide sech déi zwee frëndlech, ganz am Géigesaz zum Schluss vum manipuléierte Video, an deem de Gates den Interview angeeblech ofbrécht.

Kënschtlech Intelligenz


De Video an de sozialen Netzwierker schéngt mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz erstallt ginn ze sinn, huet de Bruno Sartori, Journalist an Expert fir Deepfakes, am Mäerz 2023 géintiwwer der AFP erkläert. Bei esou KI-Videoe gi Gesiichter a Stëmme verännert, sou dass et esou ausgesäit, wéi wann d'Persoune Saache soen géifen, déi si net soen.

Eng aner Versioun vum Video gouf den 8. Mäerz 2023 mat der Iwwerschrëft "Wéi geféierlech KI si kann" an den Hashtags #artificialintelligence an #ai op TikTok gepost.

Et handelt sech ëm gefälscht Inhalter, déi awer komplett realistesch sinn, wéi d'Stëmm an d'Gesiicht vun enger Persoun", so de Sartori. Eng Rei Aspekter vum Filmmaterial weisen dorop hin, dass et sech ëm eng Fälschung handelt, huet hie bäigefüügt. "Déi niddereg Qualitéit, fir Onvollkommenheeten ze verstoppen, an d'Beweegunge vun de Lëpse sinn a bestëmmte Passagen net richteg mat den Zeile synchroniséiert."

Fazit: De Video, deen a sozialen Netzwierker gedeelt gouf an en Interview vum Bill Gates mat ABC News weist, dat hien ofbrécht, ass mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz manipuléiert. Am originale Video sinn esou Zeenen net ze gesinn. Och ABC News widdersprécht deem Video.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.