No der offizieller "iertemlecher" Ukënnegung vum Austrëtt vu Südafrika aus dem Internationale Strofgeriichtshaff (IStGH) Enn Abrëll hu vill Internetnotzer behaapt, dass d'Land beim Sommet vun de BRICS-Staaten de Wladimir Putin, dee mat internationalem Haftbefeel gesicht gëtt, empfänke kéint.

A well e Réckzuch aus dem Vertrag, un deen d'Memberstaate gebonne sinn, op d'mannst ee Joer dauert, wär Pretoria trotzdeem verflicht, de russesche President festzehuelen, wann hien an den nächst Méint südafrikaneschen Territoire betriede sollt.

RTL

© AFP

"Südafrika: D'Regierungspartei fuerdert, dass Pretoria aus dem IStGH austrëtt", schreift en Internetnotzer an engem Bäitrag op Facebook (hei archivéiert).. D'Informatioun gouf a Masse vun enger Rei Säiten a Konten aus dem franséischsproochegen Afrika propagéiert (1,2,3...).

"An de Kommentarer halen et e puer fir eng "clever Entscheedung", Johannesburg virun enger Bestrofung duerch den Internationale Strofgeriichtshaff (IStGH) ze schützen, wann d'Land de Wladimir Putin, deen zënter dem 17. Mäerz 2023 per internationalem Haftbefeel gesicht gëtt (Matdeelung vun der AFP hei archivéiert), wëllkomm heesche sollt.

Südafrika preparéiert sech drop, am August de 15. Sommet vun de Schwellelänner, de BRICS-Staaten - Brasilien, Russland, Indien, China a Südafrika - auszeriichten. Als Member vum IStGH soll Südafrika theoreetesch de russesche President festhuelen, wann hie säin Territoire betrëtt. Den IStGH zu Den Haag huet am Mäerz en Haftbefeel géint de Wladimir Putin wéinst Krichsverbriechen, ë.a. wéinst "Deportatioun" vun ukrainesche Kanner am Kader vun der Offensiv vu Moskau an der Ukrain, erlooss.

Südafrika bleift Member vum IStGH


De südafrikanesche President Cyril Ramaphosa hat zwar de 25. Abrëll ugekënnegt (Matdeelung hei archivéiert), seng Partei, den Afrikaneschen Nationalkongress (ANC), hätt "tranchéiert an et fir gutt gehalen", dass d'Land, dat säit dem Krich an der Ukrain wéinst senger Proximitéit zu Moskau kritiséiert gouf, "aus dem IStGH austrëtt", awer säi Cabinet hat dëse "Kommunikatiounsfeeler" séier korrigéiert.

"D'Presidence géing gär kloerstellen, dass Südafrika weiderhin Signataire vum Réimesche Statutt ass (...) Dës Kloerstellung ass d'Suite op eng falsch Bemierkung op enger Pressekonferenz vum ANC", wéi si owes ugekënnegt hat, e puer Stonnen no de konsequenzräichen Äusserunge vum Här Ramaphosa.

Südafrika trëtt dohier net aus dem IStGH aus, a souguer wann dat de Fall wär, géif den Austrëttsprozess aus dem IStGH op d'mannst ee Joer daueren. Sollt de Putin am August dës Joers e Fouss op südafrikanesche Buedem setzen, géif d'Land weiderhin de Flichten als Member vun der Institutioun ënnerleien.

Am Artikel 127 Paragraf 1 vum Réimesche Statutt vum IStGH (hei archivéiert) heescht et nämlech, dass de Réckzuch vun engem Signataire, dee vum Generalsekretär vun der UNO ze notifiéieren ass, "ee Joer nodeem d'Notifikatioun agaangen ass, wierksam gëtt, wann an der Notifikatioun net e spéideren Datum virgesinn ass".

RTL

© AFP

D'Prozedur implizéiert "e strengt parlamentarescht Verfaren, mir wären nach 12 Méint no der Annonce vun eisem Réckzuch un eis Verflichtunge géintiwwer dem IStGH gebonnen", sot d'Nicole Fritz, Direktesch vun der Helen Suzman Foundation, déi sech fir d'Verteidegung vun de Mënscherechter asetzt.

Doriwwer eraus heescht et am Vertrag iwwer der Geriichtshaff, dass den Austrëtt vun engem Vertragsstaat "d'Zesummenaarbecht mam Geriichtshaff bei strofrechtlechen Enquêten a Prozesser, bei deenen de Staat zu der Zesummenaarbecht verflicht war an déi virum Zäitpunkt ageleet goufen, op deem den Austrëtt wierksam gouf, net affektéiert".

D'Fro, ob Südafrika de Wladimir Putin verhafte géif, géif "evaluéiert" ginn, hat de südafrikanesche Staatschef och de 25. Abrëll erkläert (Matdeelung hei archivéiert), wärend déi regéierend Partei sichtlech Méi hat, mat enger Stëmm ze schwätzen. Virdrun hat de Generalsekretär vum ANC, de Fikile Mbalula, him verséchert, dass de russesche President "zu all Moment an dëst Land komme kann". "Den IStGH déngt net den Intressie vun allen, mee deene vun e puer", sot hien nach op där Pressekonferenz.

Südafrika a Verleeënheet bruecht


Déi südafrikanesch Regierung war offensichtlech verleeë wéinst dem bevirstoende BRICS-Sommet, a lokal Medien hunn iwwer lafend Diskussiounen op héchstem Niveau iwwer d'Verhale bei engem méigleche Besuch vum Putin bericht (Artikel hei archivéiert).

De Fuerscher Sascha-Dominik Bachmann, Droitsprofesser op der University of Canberra (Australien), deem säi Bäitrag (hei archivéiert) Enn Mäerz op der Websäit "The Conversation" publizéiert gouf, schwätzt vun engem "groussen Dilemma" fir Pretoria.

Op der enger Säit versicht d'Regierung Ramaphosa, "Tensioune" mat Russland ze vermeiden, déi d'Exekutioun vum internationalen Haftbefeel onweigerlech mat sech brénge géifen. Anerersäits, wou mengt hien, "géif d'Land seng international Glafwierdegkeet duerch den Accueil vum Putin abéissen Eng warscheinlech Konsequenz ass, dass Südafrika seng Handelspreferenzen verléiere kéint. Sou kéinte seng Exportatiounen an d'USA a Gefor sinn."

Südafrika, eng diplomatesch Muecht um afrikanesche Kontinent, weigert sech zënter dem Ufank vum Krich an der Ukrain, Moskau ze verurteelen a behaapt, eng neutral Positioun anzehuelen, fir an der Lag ze sinn, "eng Roll bei der Léisung vu de Konflikter zu spillen", sou de Cyril Ramaphosa, deen ëmmer nees Gespréicher mam Putin geféiert huet.

Am Februar huet d'Land och Übunge vun der Marinn mat Russland a China viru senge Küsten duerchgeféiert, wat op der internationaler Bün "Beonrouegungen" ausgeléist hat. D'Bezéiungen tëschent Südafrika a Russland reeche bis an d'Zäit vun der Apartheid zeréck, well de Kreml den ANC bei der Bekämpfung vum rassistesche Regimm ënnerstëtzt hat.

Prezedenzfall Sudan


D'Fro vum Réckzuch aus dem IStGH war schonn an der Vergaangenheet opkomm. Pretoria wollt 2016 no engem Besuch vum eemolege sudaneesesche President Omar al-Baschir de Geriichtshaff verloossen. D'Autoritéiten hate sech geweigert, de Mann festzehuelen, deen och per internationalem Haftbefeel gesicht gouf.

Awer de Réckzuch vu Pretoria gouf vun der Justiz am Land konterkaréiert, déi esou eng Decisioun fir verfassungswiddreg gehalen hat.

De Putin net op sengem Buedem festzehuelen, géif fir Pretoria bedeiten, géint seng eege Legislatioun ze verstoussen, confirméiert de Jurist Sascha-Dominik Bachmann: "Wann de Putin um nächste BRICS-Sommet deelhuele géif an d'Regierung Ramaphosa hien net festhuele géif, géif dat bedeiten, dass Südafrika seng national Legislatioun a seng eege Verfassung mëssuechte géif. Artikel 165 Paragaf 5 vun der Verfassung vum Land leet eendeiteg fest, dass d'Regierung un d'Uerderen an d'Entscheedunge vu Geriichter gebonnen ass."

"Wéis ech d'Regierung Zuma geweigert huet, den al-Baschir festzehuelen, (...) huet dat Iewescht Appellgeriicht vu Südafrika decidéiert, dass ee souwuel géint internationaalt Recht wéi och nationaalt Recht verstouss huet", sou de Sascha-Dominik Bachmann.

Déi angeeblech Uwiesenheet vum Putin um BRICS-Sommet, deen usteet, war Géigestand vu fréiere Feelinformatiounen, déi vun der AFP iwwerpréift goufen. Internetnotzer hu behaapt, hie wär viru Kuerzem a Südafrika gewiescht, obwuel e Mandat d'arrêt op him laaschte géif (hei an hei archivéiert).

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.