Den Elon Musk, Besëtzer vun Twitter, huet versprach, säi soziaalt Netzwierk zu der "preziister Informatiounsquell vun der Welt" ze maachen. Am Géigesaz dozou huet hien awer säin eegene Kont ëmmer nees dofir benotzt, fir falsch Behaaptunge vun e puer vun de bekanntsten Desinformaten am Internet ze verbreeden. Zu dësem Resultat koum d'AFP no enger Analys vum Musk sengen Online-Aktivitéiten.

Dem Elon Musk seng Bäiträg lenken d'Opmierksamkeet op Falschinformatiounen zu Sujete wéi den Ugrëffskrich an der Ukrain oder den Iwwerfall op de Mann vun der Nancy Pelosi, enger Kongressdeputéierter an den USA. Och huet de Musk en Tweet gedeelt, dee fälschlecherweis behaapt huet, dass verschidden Dokteren d'Gripp angeeblech als Corona-Doudesfäll diagnostizéiert hätten.

"Eent vun de gréisste Rätsele vu Covid-19: Wou war d'Gripp an de Joren 2020 an 2021?", huet e Kont mam Numm "KanekoaTheGreat" gefrot. De Musk huet geäntwert: "Gutt Fro".

Zënter der Iwwernam vun Twitter duerch de Musk fir 44 Milliarden US-Dollar viru ronn engem hallwe Joer huet de Musk op d'mannst 40 Mol dësem Profil geäntwert, deen och d'Konspiratiounstheorië vu QAnon ënnerstëtzt huet. An dëser Zäit huet de Musk just mat wéineg anere Konten interagéiert.

RTL

© AFP

PolitiTweet ass eng Internetsäit, déi d'Bäiträg vu Persoune vum ëffentleche Liewe suivéiert, bis Twitter den Zougank gespaart huet. Unhand vun dëse gesammelten Donnéeën huet dAFP Dausende vu Bäiträg ënnersicht, déi de Musk tëscht Oktober 2022 a Mäerz 2023 publizéiert huet.

Hien huet e gefälschte Bäitrag iwwer den US-amerikanesche Fernseesender CNN gedeelt, huet en Zitat, dat erfonnt ass, als "schlau Wierder" bezeechent a behaapt, dass d'Police de 6. Januar 2021 beim Stuerm op d'US-Kapitol angeeblech ee vun den Demonstranten duerch d'Gebai guidéiert hätt. Hien huet engem Bäitrag zu grousser Reechwäit verhollef, dee Persoune vun der queerer Gemeinschaft fir Massenerschéissunge verantwortlech gemaach huet an huet eng gefälscht Duerstellung vun den Afferzuelen an der Ukrain bekräftegt.

De Musk huet ausserdeem Covid-19 verharmloost a falsch Behaaptungen iwwer en angeeblecht Ausléise vu Bluttgerënnsel, Feelgebuerten an Häerzproblemer duerch Impfstoffer ënnerstëtzt.

"Eis ginn d''Konspiratiounen' aus, déi sech als wouer erausgestallt hunn", sot de Besëtzer vun Twitter am Mäerz 2023. De Musk huet dobäi op e Bäitrag reagéiert, an deem Covid-19 an d'Sécherheet vun Impfstoffer als "gréisst Medieligen" bezeechent goufen.

E puer Deeg méi spéit huet hien en Tweet mat der Ausso verëffentlecht, dass de beschte Wee, Feelinformatiounen ze bekämpfen, dora bestoe géif, mat korrekten Informatiounen ze äntweren.

Expertinnen an Experten halen dem Musk seng Aktivitéite fir besuergneserreegend  - an dat net just wéinst sengem Afloss am Internet. De Brendan Nyhan ass Professer um Dartmouth College an den USA a fuerscht do zu Feelaschätzungen an der Politik. Hie sot den 12. Abrëll 2023 géintiwwer der AFP: "De Musk huet bal 135 Millioune Followerinnen a Follower op Twitter an huet seng Ingenieuren dozou gezwongen, seng Reechwäit eropzeschrauwen, dohier sollte mir besuergt sinn, wann hie Falschinformatioune verbreet."

Weider sot den Nyhan: "Am meeschte beonrouegt mech awer, wat dës Twitter-Bäiträg iwwer d'Urteelsverméige vun enger Persoun aussoen, déi iwwer d'Richtlinne vun engem grousse sozialen Netzwierk bestëmmt."

De Feed vum Elon Musk

Fuerscherinnen a Fuerscher hunn déi jéngst Ännerungen un de Richtlinne vun Twitter mat der Hausse vun de Feelinformatiounen a Verbindung bruecht. Deel vun dësen Ännerunge war dem Musk seng Reaktivéierung vu gespaarte Konten an d'Iwwerschaffe vun de Verifizéierungspraktiken.

NewsGuard, eng Entreprise, déi d'Glafwierdegkeet vun Internetsäite bewäert, huet festgestallt, dass Profiller, déi fir den Abomodell vun Twitter, "Twitter Blue", bezuelen, dat soziaalt Netzwierk mat falsche Behaaptunge fëllen. De Musk erhéicht och d'Opmierksamkeet vu verschiddene vun dëse Profiller.

"Ech hunn de Geneemegungsstempel vum Elon Musk kritt", huet de "KanekoaTheGreat" op Telegram no enger Äntwert vum Musk op ee vu senge Bäiträg geschriwwen.

RTL

© AFP

Eng Etüd vum "Institute for Strategic Dialogue", enger Denkfabrick vu London, déi am Januar 2023 verëffentlecht gouf, huet eng "grav" Hausse vum Musk sengem Interaktioune mat rietse Profiller festgestallt, säitdeem hien Twitter kaaft huet. Dorënner waren eng Rei Profiller, déi an aneren Enquêten als Multiplicateur vu Feelinformatiounen iwwer d'US-Walen identifizéiert goufen.

De Musk huet ëmmer nees Bäiträg vu Konte wéi der Pro-Donald-Trump-Säit "Catturd", dem Anti-LGBTQ+-Account "Libs of TikTok" an der Konspiratiounssäit "ZeroHedge" eng méi grouss Reechwäit verschaaft.

Den Ian Miles Cheong, e rietse Blogger, huet op d'mannst 60 Äntwerte vum Musk kritt, wat enger AFP-Analys no all aner Profiller bis op e puer Ausnamen iwwertrëfft.

An engem Fall huet de Musk engem Tweet zu méi Opmierksamkeet verhollef, deen den US-President Joe Biden fir en Awanderungsprogramm responsabel gemaach huet, dat ënner dem Ex-President Donald Trump gestart gouf.

"De Musk hieft e puer vun de schlëmmste Stëmmen op Twitter ervir", sot den Nyhan géintiwwer der AFP. "Dës Interaktioune wäerte warscheinlech d'Reechwäit an de Bekanntheetsgrad vun dëse Konten erhéijen."

An e puer Fäll huet de Besëtzer vun Twitter dozou bäigedroen, dass falsch Behaaptunge weider verbreet goufen. Am Oktober 2022 war en Abriecher an d'Haus vun der Kongressdeputéierter Nancy Pelosi a Kalifornien agedroen an hat hire Mann mat engem Hummer néiergeschloen. Duerno hat de Musk op Twitter de Link zu engem Artikel publizéiert, an deem behaapt gouf, hire Mann wär bedronk gewiescht an hätt sech mat engem Sexaarbechter gestridden. Den Hashtag #Pelosigaylover hat et souguer an d'Trends op Twitter gepackt.

RTL

© AFP

Geriichtsdossieren a Videomaterial vum Virfall hunn dës Behaaptunge widderluecht. D'Behaaptunge stame vu Säiten, déi scho virdru Falschinformatioune verëffentlecht haten. Mee de Schued war scho gemaach.

"Et ass immens traureg fir dëst Land, dass sech Persoune vun esou grousser Siichtbarkeet esou oppe vu Fakten a vun der Wouerecht distanzéieren", sot d'Nancy Pelosi dozou. "Fir déijéineg, déi dovu betraff sinn, ass et traumatiséierend. Awer dëse Leit ass et egal, offensichtlech."

Twitter huet op AFP-Ufroen no engem Kommentar mat engem Fäkal-Emoji geäntwert, eng automatesch Äntwert, déi den Elon Musk am Mäerz 2023 agefouert hat.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.