Mat der Dréchent kommen nees vill Konspiratiounstheorien op

Fligere géint Reen, absichtlech zerstéiert Dämm, rationéiert Waasser, fir d'Bevëlkerung ze ënnerwerfen oder ze kontrolléieren. D'Dréchent, déi am Abrëll dat westlecht Mëttelmier heemgesicht huet, huet eng Well vun Desinformatiounen a Konspiratiounstheorien opflame gelooss, déi a klimaskeptesche Späre räichlech verbreet ginn.
"De Klimawandel, et si si, déi en ausléisen", andeem si Staudämm an Deecher "zerstéieren", heescht et a Publikatiounen (hei oder hei) iwwer d'Situatioun op dem spuenesche Festland, wou, wéi a Portugal, Temperaturen enregistréiert goufen, déi deenen aus engem Juli entspriechen (36,9 resp. 38,8 Grad).
Och a Marokko goufe lokal Rekorder gebrach an d'Temperature louchen deelweis iwwer 41 Grad. An Algerien gouf d'Limitt vu 40 och iwwerschratt.
Fir World Weather Attribution (Archiv), e weltwäit Netzwierk vu Wëssenschaftler, dat den Zesummenhang tëscht extreeme Wiederphenomeener a klimatesche Stéierungen ënnersicht, ass de Constat kloer: "De vum Mënsch ausgeléiste Klimawandel huet d'Warscheinlechkeet vun esou Rekordhëtztwellen a Spuenien, Portugal, Marokko an Algerien op d'mannst ëm dat Honnertfacht erhéicht" am Verglach zum virindustrielle Klima.
Am Kloertext: "Dës Well wär ouni de Klimawandel bal onméiglech gewiescht", huet de WWA an engem Rapport, deen de 5. Mee 2023 publizéiert gouf, betount (Archiv).
Op verschiddene Konte vu Sozialen Netzwierker ass d'Analys vun dëser exzeptioneller Dréchent ganz anescht, virun allem an de konspiratoresche Sphären, déi doran net d'Konsequenze vum Klimawandel gesinn, mä d'Handele vun den Autoritéiten, déi hirer Meenung no versichen, d'Bevëlkerung ze "ënnerwerfen".
Dës Konten, déi haaptsächlech aus Spuenien kommen, hunn der Regierung vum Pedro Sanchez d'Zerstéierung vu Staudämm virgehäit, well déi am Joer 2021 eng Rekordzuel un Infrastrukturen ofgerappt hätt, wéi de Kollektiv Dam Removal Europe matdeelt (Archiv).
Tatsächlech waren déi meescht vun dësen Anlage stëllgeluecht an hiren Ofrëss ass Deel vun der Strategie vun der Europäescher Kommissioun (Archiv), déi dorop ofziilt, de fräie Verlaf vum Floss bis 2030 op enger Längt vun op d'mannst 25.000 Kilometer an europäesche Länner nees hierzestellen.
D'Dréchent wär eng direkt Konsequenz vun der globaler Erwiermung, erënnert de Simon Mittelberger, Klimatolog bei Météo France (Archiv).

© AFP
Bei Konspiratiounsexperten ass d'Theorie vun de "Chemtrails", déi an de leschte Jore manner present war, nees staark um Kommen.
Den Unhänger vun dëser Theorie, déi schonn dacks widderluecht gouf (hei oder hei), no sinn d'Sträife vun de Fligeren, déi um Himmel siichtbar sinn, Spuere vu Chemikalien, déi absichtlech aus geheime Grënn verdeelt ginn, wat sech jee no Aktualitéit ännert. Ënner de géigewäertegen Ëmstänn sollen dës Chemikalien d'Néierschléi stoppen an Dréchenten ausléisen.
A Frankräich war et d'Annonce (Archiv) vum "Plang fir sober ze sinn" ("Plan de sobriété") vum Emmanuel Macron virun e puer Wochen, déi dat Ganzt nees un d'Rulle bruecht huet. Konten an Internetsäite (Archiv) hunn an "dësem neien Narrativ vun Dréchent a Waasserknappheet" de Wëlle gesinn, "d'Kontroll vun der Bevëlkerung duerch Iwwerwaachungsinstrumenter ze verstäerken".
"Mat der Dréchent hu mir en Tabutheema", seet de Laurent Cordonier (Archiv), Fuerschungsdirekter vun der Fondation Descartes, déi sech mat Froen am Zesummenhang mat Informatiounen an Desinformatioune beschäftegt.
"Op der enger Säit hu mir déijéineg, déi soen, dass d'Dréchent vun der Regierung inzeenéiert gëtt, op der anerer Säit Leit, déi soen, 'et belitt een eis, et gëtt keng Dréchent, kuck, et reent, kuck, d'Flëss si voll'- dat ass einfach an entsprécht engem Trend vun der Desinformatioun iwwer d'Klima", wéi de Fuerscher bäifüügt.
An de leschte Wochen hunn ierféierend Bäiträg an de Sozialen Netzwierker d'Existenz vun der globaler Erwiermung a Fro gestallt, andeem se op déi jéngst Reen- a Schnéifäll a verschiddene franséische Regiounen opmierksam gemaach hunn. Eng Feelinterpretatioun, déi op enger Verwiesslung tëschent Wieder, dat kuerzfristeg Phenomeener vun Dag zu Dag charakteriséiert, an dem Wieder, dat sech mat der laangfristeger Entwécklung vun de Phenomeener beschäftegt, wéi AFP Factuel viru Kuerzem erkläert hat.
D'Desinformatioun iwwer d'Klima ass net just op Sozial Netzwierker limitéiert, mee fannen heiansdo och de Wee op déi politesch Bün. Dat ass a Spuenien de Fall, wou en Deputéierten den 1. Mee 2023 d'Regierung ëffentlech gefrot huet (Archiv), ob si d'Wieder duerch "d'Verspreeë vu Chemikalien" "manipuléiere" géif.
Fir de Laurent Cordonier ass et dat Schlëmmst, wat geschéie kann. "Dat bréngt onbegrënnt Hypotheesen aus der Internetwelt eraus, déi eng Bevëlkerung treffe wäerten, déi dës Theorien bis elo net kannt huet an déi sech potenziell soe wäert 'wann en Deputéierten dat seet, dann...'. Dat ass katastrophal."
Hei fannt Dir eis Faktenchecken zu dësem Sujet:
Les pluies récentes ne remettent pas en cause l'existence du réchauffement climatiqueL'obligation de compteurs d'eau sur les puits n'est pas une mesure nouvelle mais date de 2009 La France échange de l'eau contre du pétrole ? C'est fauxDësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
