Wann de pro-russeschen Narrativ an de westleche Medien "ageluede" gëtt

The Guardian, Bild, 20 Minutes, Le Monde: Zënter dem Ufank vum Krich an der Ukrain hunn Dosende vu Pirate-Sitten, déi grafesch Identitéit vu villen europäesche Medie kopéieren, fir Artikele mat pro-russeschen an anti-westlechen Erzielungen ze deelen. Enn September gouf den Afloss op en Artikel opgedeckt, deen awer nach ëmmer aktiv ass.
"Et ass e Site, deen an all Hisiicht dem Parisien änlech ass... mat Ausnam vun hirem Contenu". An engem Artikel, deen den 11. Mee verëffentlecht gouf, prangert déi franséisch Dageszeitung de Plagiat vun enger "geheimnisvoller Internetsäit" am Internet un (Link hei archivéiert).
De selwechten Design an déi selwecht Charta, d'Iwwerhuele vum Logo, d'Ervirhiewe vun Hypertext-Links, déi op d'Homepage an d'Artikele vum Medium verweisen. Déi verschidde Pirate-Sitte gesinn dem Site vum Parisien zum Verwiesselen änlech.
Awer eppes ass opfälleg: Den Domain-Numm vun der URL vun dëser Spigelsäit (.ltd) ënnerscheet sech effektiv vun deem vum Medium (.fr).
All Artikelen, déi op dësem falsche Site verëffentlecht goufen, goufen iwwregens net vun der Redaktioun vun der Zeitung geschriwwen. Ofgesi vun e puer Schreif- a Sazfeeler hu se all "gemeinsam, de Westen, d'USA oder de Krich an der Ukrain ze kritiséieren", schreift "Le Parisien".
Insgesamt goufen zënter Februar 20 pro-russesch Artikelen oder Attacke géint d'Ukrain an déi westlech Länner ënner dëser URL verëffentlecht.
Wéi vill Lieser sinn zënterhier vun dësem Trick getäuscht ginn? Vill vun dësen Artikele sinn net méi wierklech zougänglech, a just e puer vun hinne schéngen, mat e puer Ausnamen, eng grouss Lieserschaft kritt ze hunn.

© AFP
No dem Artikel vum Parisien huet den eemolege Politiker zouginn, vun der Qualitéit vum Plagiat getäuscht ginn ze sinn. Awer ee vu sengen Tweets, deen de Link weiderleet an insgesamt méi wéi 600 Mol gedeelt gouf, ass nach ëmmer aktiv (Stand 12. Juni 2023).
Eng Dosen europäesch Medie betraff
Déi Paräisser Dageszeitung ass bei wäitem net den éischte Medium, deen esou en Doppelgänger-Prozess duerchlafen huet. An enger Ëmfro, déi Enn September verëffentlecht gouf, hat déi europäesch Organisatioun EU DisinfoLab, déi sech op d'Bekämpfe vun Desinformatioune spezialiséiert huet, 17 europäesch Medien ermëttelt, deenen hiren Internetsite kopéiert gi war (Link bei de Rapport hei archivéiert).Bei der detailléierter Beschreiwung vun de Mechanisme vun dëser Influenz, déi aus Russland kënnt, hat d'Organisatioun insgesamt méi wéi 50 esou Spigel- oder Duebelsäite gezielt.
"D'Zil vun dëser Campagne war et, anti-ukrainesch a pro-russesch Erzielungen ze fërderen, andeem Artikelen op Spigelsäiten agefüügt goufen", erkläert den Alexandre Alaphilippe, CEO vum EU DisinfoLab a Matauteur vun der Ëmfro.
De Logo, d'Grafikcharta an d'URL vu Medie wéi "The Guardian", "Der Spiegel" oder "20 Minutes" goufen illegal nogemaach. Dat selwecht gëllt fir d'Bild-Zeitung. E gefälschten Artikel, deen am August zejoert ënner enger änlecher URL verëffentlecht gouf an ëmmer nach online disponibel ass, behaapt, dass d'Kriminalitéit zu Berlin nuets opgrond vu Stroumausfäll am Zesummenhang mat der Energiekris an dem Ukrain-Krich "staark geklomme" wär.
Dës Operatiounen hunn am Iwwregen net opgehalen. Säit September hunn och aner Medie wéi "Le Monde" d'Käschten ze spiere kritt. Enn Dezember gouf an engem falschen Artikel ënner lemonde.ltd - dem selwechten Domain-Numm wéi de Pirate-Site vum Parisien - bericht, dass de franséischen Arméisminister "Sebastien Lecornu" (an net Sébastien) "d'Ermuerdung vu russeschen Zaldoten an der Ukrain ënnerstëtzt (huet)".

© AFP
"Ech weess net, ob d'Acteuren [déi den Double vum Parisien initiéiert hunn] déi selwecht sinn, awer et ass ganz däitlech en änleche Modus operandi ze observéieren", beschreift den Alexandre Alaphilippe.
Vu Russland aus duerchgeféiert "geheim Awierkungsoperatiounen"
Wien dohannert stécht? Dat ass dacks schwéier ze soen. "Dës Spigelsäite benotzen Top-Level-Domaine wéi .ltd oder .vip, also Domain-Nimm, déi a Bezuch op d'Méiglechkeet vun der Réckverfollgung vill manner opfälleg sinn", erkläert den Alexandre Alaphilippe.Am Géigesaz zu hierkëmmlechen Domain-Endungen (.com, .de, .gouv, etc.), déi virun allem aus Copyright-Grënn méi schwiereg zougänglech sinn, sinn Entreprisen, déi Erweiderunge verkafen an zougänglech maachen, heiansdo méi oppen.

© AFP
Awer dës Operatiounen hannerloossen och Spueren: Den EU DisinfoLab konnt unhand vu Video-Metadaten, déi op dëse gefälschten Internetsäite verëffentlecht goufen, feststellen, dass d'Operatioun a Russland stattfonnt huet. Dës Metadaten, déi Informatiounen iwwer d'Hierkonft vun de Fotoen oder Video liwweren, hunn ë.a. gewisen, dass déi d'Zäitzon, déi genotzt gouf, déi sibiresch Regioun war an dass d'Computeren, vun deenen déi Videoe koumen, op Russesch agestallt waren.
Eppes Änleches gëllt fir Facebook: Enn September huet Meta, d'Mammegesellschaft vum sozialen Netzwierk, an enger Erklärung matgedeelt, dass si op hirer Plattform eng "geheim Awierkungsoperatioun" aus Russland opgeléist hätt, bestoend aus Honnerte vu Facebook-Konten a -Säite mat "koordinéiertem onauthenteschem Verhalen", déi aus allen Deeler erstallt goufen, fir d'Siichtbarkeet vun dësen Artikele vu falsche Sitten ze erhéijen.
Ofgesi vun de gefälschte Säiten a Konten huet Meta och dorop higewisen, dass dës Links heiansdo vun den offizielle Konte vun de russeschen Ambassadë weidergedeelt goufen.
Als "déi gréisst a komplexst Operatioun aus Russland zënter dem Ufank vum Krich an der Ukrain" beschriwwen, huet Meta am Dezember opgedeckt, dass et dëst Netzwierk aus Säiten a Konte mat zwou russeschen Entreprisen a Verbindung brénge konnt: enger Marketing- a Politikberodungsfirma, Social Design Agency, an enger IT-Firma, Structura Natural Technologies.
105.000 Dollar Reklamm op Facebook
D'Entreprise huet och uginn, dass d'Awierke vu béide russeschen Entreprisen insgesamt 105.000 Dollar u Reklamm op Facebook kascht hätt, fir dës Contenuen op d'Plattform ze bréngen.Meta weist awer dorop hin, dass dës "Amplifikatioun" bei wäitem net esou sophistiquéiert war wéi d'Techniken, mat deenen Internetsäite reproduzéiert ginn. "Et ass éischter e Versuch, gefälscht Domains sou wäit wéi méiglech an esou séier wéi méiglech ze verbreeden, an der Hoffnung, dass op d'mannst e puer richteg Leit déi gefälscht Internetsäite gesi kënnen, éier se entdeckt ginn."
Dohier eng Investitioun mat begrenzter Wierkung: Just 4.000 Konten hate beispillsweis ugefaangen, déi 703 erstallt Säiten ze verfollegen, sou de Rapport vu Meta vum September. Déi 29 gefälscht Instagram-Konte goufe vun insgesamt 1.500 Mënsche suivéiert.
"Dës Aart vun Operatioun mécht vill Feeler an huet Auswierkungen, déi relativéiert musse ginn", beschreift den Alexandre Alaphilippe a füügt dobäi, "haut muss een ophalen ze mengen, dass et keng Méiglechkeet gëtt ze handelen. Mir all kënnen dëse Praktiken hir Limitten opweisen, andeem mir eis beschwéieren a Grenze setzen. A virun allem dierf een net gleewen, dass verschidden Acteuren ze staark oder ze schlau sinn. An awer hu si méi wéi 100.000 Euro fir bal keng Auswierkungen ausginn."
Hien erkennt awer un, dass et "op dem Pabeier eng ganz gutt duerchduecht Virgoen" ass, fir eis Schwaachstellen auszenotzen, nämlech dass, wa keng Medie sech beschwéieren, dës Aart vun Internetsäit weiderhin ouni Problem existéiert. A schlussendlech weess een net méi, ob ee wierklech 'Le Parisien' oder 'Le Monde' liest."
Plainte vum Parisien bei der ICANN
Fir d'Pirate-Websäit leparisien.ltd, déi den 1. Juni 2023 nach aktiv war, ofzeschalten, huet "Le Parisien" sengersäits decidéiert, bei der ICANN, der Verwaltungsgesellschaft fir d'Weidergi vun Domain-Nimm, Plainte anzereechen.D'Dageszeitung mellt, dass si an der Vergaangenheet "dëst Virgoe scho géint eng e frauduléisen Internetsite benotzt huet, déi déi selwecht Methode benotzt hat". "Dat géif et dem 'Parisien' erméiglechen - eng Usurpatioun vu senger Mark ze mellen -, den Domain-Numm zeréckzekréien an dem Plagiat en Enn ze setzen", sou d'Zeitung.
Genuch, fir dës Aart vu Praxis ze stoppen? Ufank Juni waren déi verschidden Artikelen, déi ënner der URL leparisien.ltd verëffentlecht goufen, souwisou net méi zougänglech.
Dësen Artikel gouf ursprénglech op der Internetsäit vum Observatoire DE FACTO publizéiert, deenen hiert Zil ass, d'Qualitéit vun den Informatiounen, d'Villfalt vun der ëffentlecher Debatt, d'Entwécklung vu kritescher Denkweis an d'Reguléierung vun digitale Plattformen ze fërderen. Artikel idsponibel op: https://defacto-observatoire.fr/Medias/De-Facto/Sites-pirates-de-medias-quand-le-narratif-pro-russe-s-invite-dans-la-presse-occidentale/
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
