Si begleeden eis am Alldag: D'Kondenssträifen um Himmel. Wat fir déi Eng en interessanten Effekt vum Fluchverkéier ass, ass fir déi Aner eng chemesch Waff.

Ëmmer nees héiert ee vu Leit dobaussen oder liest een am Internet déi wëllsten, kuriéisten a verschiddensten Theorien. Iwwert de Summer gräife mer bei RTL.lu déi bekanntste Verschwörungstheorien aus de verschiddenste Beräicher op, probéieren z'erklären, u wat d'Supporter vun den eenzelen Theorië gleewen, a setzen deem wëssenschaftlech Erklärungen a Fakten entgéint.

Wat gleewen d'Unhänger vun der Chemtrails-Theorie?

D’Kondenssträifen, déi een um Himmel hannert de Fliger gesäit, sinn der Meenung vu Supporter vun dëser Theorie Gëfter, déi Liewen op der Äerd beaflossen, sief et duerch Gedanken- oder Klimakontroll, respektiv duerch d'Kontroll vun der kompletter Populatioun. Dohier kënnt dann och den Numm Chemtrails: Mat Chemikalië versate Kondenssträifen (aus dem Engleschen: Chems fir "Chemicals" also Chemikalien an Trails fir "Contrails" also Kondenssträifen)

Chemtrails loosse Mënsche verdommen
Interessi, datt d’Populatioun verdommt oder d'Gedanke vun de Bierger kontrolléiert gëtt, hätt virun allem d’Elitt*: Geschäftsleit, Politiker, Herrscher oder einfach just d'USA. Esou wéilte si hir Muechtpositioun weider festegen a stäerken. Verschidde Verschwierungstheoretiker ginn esouguer esouwäit, datt si behaapten, datt d'Populatioun mat de Gëfter an de Chemtrails soll reduzéiert ginn.

Chemtrails veränneren d'Klima

D'Klimakontroll da géif vun der IPCC, dem Weltklimarot vun der UNO duerchgefouert ginn. Den Intergovernmental Panel on Climate Change hätt de Projet Shield an d'Liewe geruff, mat deem een d'Klima beaflosse kéint. Esou erkläre sech da verschidde Leit schwéier Wieder- oder Naturkatastrophen.

Wärend Corona* gouf esouguer behaapt, datt een iwwer d’Chemtrails d’Populatioun "zwangsimpfe*" wéilt.

RTL

© Photo by Artur Widak/NurPhoto / NurPhoto via AFP

Wie profitéiert vun de Verschwörungstheoretiker?

Et muss een awer net onbedéngt un dës Theorie gleewen, fir se auszenotzen. Esou verkafen antëscht verschidde Geschäftsleit e "Schutz" géint d’Chemtrails. Sief datt "Medikamenter", "Iessen" oder och "Gadgeten", déi ee solle schützen. Ganz beléift ass den Aluhutt, deen hëllefe soll, datt d’Gedanken net gelies kënne ginn.

Wat stécht wierklech hannert dëser Verschwörungstheorie?

Wat sinn iwwerhaapt Kondenssträifen?

Dëst si "mënschegemaachte Wollek an enger Héicht vun 8 bis 12 Kilometer, déi duerch d'Turbinne vum Fliger entstinn", seet eis den Adnan Ceman, Chef vum Lëtzebuerger Meteorologeschen Déngscht MeteoLux. Si bestinn aus den Ofgase vum Fliger, wat haaptsächlech Waasserdamp an CO2 ass. "A Verbindung mat weidere Partikel, sougenannten Aerosolen, déi bei der Verbrennung vum Kerosin entstinn, setze sech Waassermoleküllen un an eng Wollek aus Äiskristallen entsteet", esou den Expert weider. Déi selwecht Erklärung gëtt och d'Chemikerin Professer Dokter Emma Schymanski, déi op der Uni Lëtzebuerg eng Ekipp Leed, déi sech mat onbekannte Chemikalië beschäftegt an deenen hir Auswierkungen op d'Gesondheet an d'Ëmwelt analyséiert.

Den Adnan Ceman präziséiert dann och nach, datt et vun der Héicht a Loftfiichtegkeet ofhänkt, ob Kondenssträife séier verschwannen oder méi laang um Himmel ze gesi sinn. "Wann d'Loft net gesättegt ass, also relativ dréchen, da verweilen d'Sträifen éischter kuerz um Himmel a verdonsten nees. Wann d'Loft awer méi fiicht ass, also no un der Sättegung, da bleiwen d'Kondenssträife bestoen oder breede sech aus, well se net nees mat dréchener Loft duerchmëscht ginn an doduerch verschwannen."

Kéinte Gëfter, déi an d'Kondensstäife gemëscht ginn, en Effekt op d'Populatioun hunn?

D'Chemtrails-Theorië besoe jo weider, datt Gëfter an d'Kondennssträife gemëscht ginn, fir der Populatioun ze schueden oder se ze kontrolléieren. Do seet d'Chemikerin Emma Schymanski awer kloer, datt dëst guer net de Fall kéint sinn, datt schonn eleng duerch d'Héicht vun 8 bis 12 Kilometer, an deenen d'Fligeren ënnerwee sinn. "Kondenssträifen entstinn ze héich an der Atmosphär, fir en direkten Afloss op d'Gesondheet vun der Populatioun ze hunn." Fir si ginn et do aner Sourcë vu Loftverschmotzung, déi fir de Mënsch däitlech méi geféierlech sinn, wéi "d'Ofgase vun den Autoen oder den Zigaretten, déi d'Leit direkt anootmen."

Kann ee mat "Chemtrails" d'Klima veränneren?

Verschidde Chemtrails-Supporter ginn dovunner aus, datt d'Kondenssträifen um Himmel genotzt ginn, fir d'Klima ze kontrolléieren oder ze veränneren.

Dozou seet de Chef vu MeteoLux Ednan Ceman, datt déi Kondenssträifen, déi laang um Himmel bleiwen, effektiv Cirruswolleken, also déi Wolleken, déi fir e verschleierten Himmel suergen, kënne forméieren. Laut verschidde Etüden droe Cirruswolleken éischter dozou bäi, dass d'Klima sech erwiermt. "Also wieren 'Chemtrails' éischter kontraproduktiv an genau de Géigendeel par Rapport zu deem, wat an de Verschwörungstheorie behaapt gëtt", esou de Klimatolog. Och d'Chemikerin Emma Schymanski confirméiert, datt et verschidden Indicë ginn, datt d'Formatioun vu Wolleken duerch d'Kondenssträife kéinten zum Klimawandel bäidroen.

RTL

© Photo by Nicolas Economou / NurPhoto / NurPhoto via AFP

Geoengineering: En Deel Wouerecht an der Verschwörungstheorie?

D'Theorie vun der Klimaverännerung kéint awer och op déi wëssenschaftlech Iwwerleeung vum "Geoengineering" zeréckgoen. Geoengineering bedeit, datt d'Wëssenschaft probéiert, mat technesche Mëttel an d'Klima vun der Äerd anzegräife mam Zil, déi vum Mënsch verursaacht Klimaerwäermung ze reduzéieren an esou d'Äerderwärmung oder d'Konzentratioun vun CO2 an der Atmosphär ze verréngeren.

Aktuell ass ee beim Geoengineering awer nach an de Kannerschong. Et gi verschidden Iddien an Theorien, wéi een d'Äerderwiermung reduzéiere kéint, ma esouguer bei dëse lafen nach intensiv Diskussiounen iwwer de méiglechen Asaz, d'Niewewierkungen an d'Gefore vum Geoengineering. Ënner anerem feelt och aktuell eng kloer juristesch a politesch Linn zu dësem Thema.

Wat awer ausgeschloss ka ginn, ass, datt de Geoengineering aktuell mat Hëllef vu Chemtrails agesat an domadder probéiert gëtt, fir d'Klima an d'Populatioun ze beaflossen.

Fazit

Um Himmel gesi mer keng Chemtrails, mä eng Mëschung aus Waasserdamp, CO2 an Aerosolen, och nach Kondenssträife genannt. Dës mat Gëfter oder Chemikalien unzeräicheren, fir domadder en Afloss op d'Populatioun ze hunn, wier net méiglech, well dës Sträifen um Himmel an enger vill ze grousser Héicht entstinn, fir datt d'Gëfter d'Mënschheet iwwerhaapt erreeche kéinten.

Etüden no kéinten d'Wolleken, déi duerch d'Kondenssträifen entstinn, e gewëssenen Afloss op d'Klima hunn, awer quasi genau am Géigendeel zu deem, wat vill vun de Verschwörungstheorië  behaapten.

Sourcen

AFP-Faktencheck: Gi Fliger um Frankfurter Fluchhafe mat Chemtrails getankt?
Bundeszentrale für politesche Bildung
Klimaschutzportal
Planet Wissen
Interview mat der Chemikerin Professer Dokter Emma Schymanski vun der Uni Lëtzebuerg
Interview mam Meteorolog Adnan Ceman vu MeteoLux

*An engem weideren Deel vun eiser Serie gi mer méi genau op d'Verschwörungstheorien ëm Corona an d'Impfungen, respektiv iwwert d'Elitten op der Welt an.