Vu Klengem u kréie mer an der Schoul, vun eiser Famill an de Medie bäibruecht, dass d'Äerd eng Kugel ass a sech ëm d'Sonn dréit. Alles Quatsch?

Ëmmer nees héiert ee vu Leit dobaussen oder liest een am Internet déi wëllsten, kuriéisten a verschiddensten Theorien. Iwwert de Summer gräife mer bei RTL.lu déi bekanntste Verschwörungstheorien aus de verschiddenste Beräicher op, probéieren z'erklären, u wat d'Supporter vun den eenzelen Theorië gleewen, a setzen deem wëssenschaftlech Erklärungen a Fakten entgéint.

Wann een de "Flat-Earther" gleewe wëll, ass d'Virstellung vun der Äerd als Kugel näischt anescht wéi Propaganda a wier absolutte Quatsch. Fir déi allermeescht Unhänger aus der Zeen vun der Renaissance vum "Platt-Äerd-Modell" - déi wéi sou dacks am Internet entstanen ass a floréiert - ass et eng joerhonnertelaang Indoktrinatioun vu Propaganda, déi net op der Wourecht baséiert. Wiem déi "Masseverblödung" vun der ronner Äerd (där mir jo dann all zum Affer gefall sinn) eppes bréngt oder e Virdeel verschaaft - also "Cui bono?"-, do kënnt een dann nees an d'Fléisswaasser vun anere Verschwörungstheorien a si souguer intern dacks ëmstridden. Stéchwuert: NASA, Moundlandung, US-Regierung, New World Order etc.

An dësem Deel vun eiser Serie beschäftege mer eis awer gären exklusiv mat der Theorie, déi d'Äerd als Scheif duerstellt, déi onbeweeglech am Raum steet a sech och net dréit. Eleng heizou kéint ee Bibliothéike fëllen, och ouni d'Fro ze klären, wisou dës Leit mengen, dass de Modell vun der Kugel-Äerd falsch ass an d'Leit fir domm gehale solle ginn. D'Rotatioun vun der Äerd, déi Dag an Nuecht beschreiwen, d'Joreszäiten, déi am Verhältnis vun der Sonn zu der Äerd kënnen erkläert ginn, d'Unzéiungskraaft, d'Krëmmung vun der Äerd, déi een zum Beispill bei Booter um Mier-Horizont mat bloussem An erkenne kann... Alles Blödsinn, sou d'Flat-Earther.

Wéi gesäit de Modell vun der platter Äerd aus?

Wéi den Numm et seet, beschreiwen d'Unhänger vun der Flat-Earth-Theorie eis Äerd als eng Scheif, déi ouni sech ze beweegen am Raum steet, also sech weder ëm sech selwer, nach ëm d'Sonn dréit. Och de Mound dréit sech net ëm d'Äerd, ma béid Himmelskierper, also d'Sonn an de Mound, befanne sech nëmmen e puer Kilometer iwwert der Äerdscheif an dréien do hier Bunnen. D'Sonn geet och net ënner, ma beweegt sech mam Mound, wéi zwee Zeigere vun enger Auer ronderëm d'Äerd, sou dass ëmmer een Deel vun der Äerd beliicht an deen aneren Deel net beliicht ass. D'Sonn geet och net ënner, ma beweegt sech just sou wäit ewech, dass een se net méi erkenne kéint.

Verschiddener ënnert deenen, déi dorunner gleewen, schwätzen och vun enger Kuppel, änlech wéi eng Glaskuppel, déi iwwer der Scheif ass. Esou eppes wéi e Weltall, an dat ee mat enger Rakéit kéint fléien, gëtt et also och net. Eng Moundlandung ass fir sou Leit natierlech vu vir eran net dran. Dobäi kënnt, dass vill vun de Flat-Earther de Mound als eng Zort Projektioun oder semi-transparenten Objet gesinn. Kuerz, dass de Mound also net mol wierklech en Himmelskierper ass. E weidere wichtege Punkt ass, dass an dësem Modell vun der Welt d'Gravitatioun, also d'Unzéiungskraaft, keng Roll spillt, well se fir d'Unhänger net existéiert, et eng fir si erfonnte magesch Kraaft ass, déi awer net d'Wierklechkeet erkläre géif.

RTL

© MARK GARLICK/SCIENCE PHOTO LIBRA MGAScience Photo Library via AFP

Ëmkreest gëtt iwwregens d'Scheif vun enger Äismauer, déi een entweder net passéiere kann, oder net passéieren dierf, well dës Mauer militäresch géif iwwerwaacht ginn. Doduerch wier och nach ni een un de Rand vun der Scheif komm, wou jo dann normalerweis d'Kuppel ze fanne misst sinn.

Fligere géifen Ëmweeër maachen, fir eis gleewen ze doen, mir géifen op enger Kugel liewen. D'Distanzen tëscht de Länner sinn nom Modell vun der flaacher Äerd jo och eng ganz aner. Ënnert anerem Australien existéiert fir vill Unhänger net, well de Kontinent ganz einfach net an de Flat-Earth-Modell dra passt.

Modell kann ëmmer mat wëssenschaftleche Beweiser, Theorien an Experimenter widderluecht ginn

De grousse Probleem, deen de Flat-Eath-Modell huet, ass, dass en an direkter Konkurrenz mam wäit verbreete Modell vun der Äerd als Kugel steet. De Grond, wisou dëse Modell vun der Majoritéit vun de Leit op der Welt akzeptéiert gëtt, ass allerdéngs manner, well hei besser Reklamm, respektiv "Propaganda" fir de Modell gemaach gouf iwwert d'Joren, ma éischter, well de Modell komplett op wëssenschaftlechen Theorien, Beweiser an Experimenter baséiert, déi ee kann novollzéien an och selwer moossen an duerchféiere kann.

Hei kann de Flat-Earth-Modell praktesch ni mathalen, well e sech entweder guer net op d'Physik an Astrophysik stäipt, oder et just de Schäin huet. Dacks ginn nämlech Modeller an dëser Community net akzeptéiert, well se dacks net verstane ginn, respektiv deelweis falsch interpretéiert ginn.

Dëst gesäit een dacks um Beispill vun der Unzéiungskraaft, déi als Hokus Pokus ofgestempelt gëtt, well hei ganz einfach d'Fachwësse feelt, fir méi schwéier mathematesch a physesch Zesummenhäng ze verstoen an een da gären tentéiert ass, op de Wee vun der "méi einfacher a plausibeler Erklärung" ze goen. D'Welt an alles ëm se ronderëm ass nu emol komplizéiert. Esou ass d'Wourecht hannert de verschiddene Phenomener och dacks komplizéiert a kann an de mannste Fäll a 7 Minutten op Youtube erkläert ginn.

RTL

De Modell "Flaach-Äerd" vs. Modell "Kugel-Äerd"

Eent vun de plausibelsten Argumenter fir eng ronn Äerd wier de Fakt, dass ee relativ einfach mat engem Fliger ronderëm d'Welt fléien a scho vill méi laang mat engem Boot seegele kann, esou de Dr. Jean-Luc Lehners vum renomméierte Max-Planck-Institut fir Gravitatiounsphysik a Leader beim Grupp fir theoretesch Kosmologie am RTL-Interview. Wann dës eng Scheif wier, da géif dat natierlech net goen.

Dat war iwwregens och den Haaptgrond, wisou viru laanger Zäit d'Leit op d'Iddi komm sinn, dass d'Äerd guer keng Scheif ka sinn, dass et praktesch muss a Richtung Ball, respektiv Kugel goen. Hei gëtt awer da vu Säite vun de Kugel-Géigner behaapt, d'Pilote selwer wiere säitens der Regierung oder der NASA ageweit a speziell instruéiert a géifen dohier och komplett aner Strecke fléien, fir dass ee just den Androck géif kréien, et kéint ee ronderëm d'Äerd reesen. Deem wier awer net sou, sou op d'Behaaptung. Ma et ginn awer och eng ganz Partie aner, wëssenschaftlech baséierten Argumenter, dass d'Äerd eng Kugel ass, vun deene mer hei déi wichtegst presentéieren.

D'Äerd dréit sech mat 1.670 Kilometer an der Stonn ëm hir eegen Achs, déi sougenannten Äerdrotatioun, déi ënnert anerem dofir suergt, dass d'Sonn moies opgeet an owes erëm ënnergeet. Kuerz: d'Erklärung fir Dag an Nuecht. Dobäi kënnt, dass d'Äerd selwer jo och nach zäitgläich ëm d'Sonn dréint, eng Ëmdréiung ëm d'Sonn dauert 365 Deeg an e puer Stonnen, also wéineg méi wéi e Joer (wat och d'Schaltjoer erkläert). D'Äerd huet hei eng Vitesse vun eppes ëm 107.000 Stonnekilometer. Alles Punkten, wou bei de Sympathisante vun der flaacher Äerd d'Hoer zu Bierg stinn.

Flat-Earther behaapten nämlech, dass sou Vitessen net méiglech wieren, well wann, géife mir Mënschen an alles wat soss um Planéit wier, fortkatapultéiert ginn. Änlech wéi bei engem Tennisball, deen een an d'Waasser zappt an da mat engem Spin an d'Loft gehäit. Wat geschitt? Den naassen Tennisball sprëtzt d'Waasser duerch déi héich Rotatioun an all Richtungen. En einfacht Experiment, dat op den éischte Bléck plausibel erschéngt...

RTL

© Pixabay

Allerdéngs ginn et hei massiv Ënnerscheeder. Beispillsweis, dass d'Äerd zwar och eng Kugel ass, ma dofir awer ronn 200 Millioune Mol méi grouss wéi en Tennisball. D'Zentrifugalkraaft beim Tennisball ass doduerch enorm am Verglach zu der Äerd, déi sech zwar mat 1.600 Stonnekilometer dréit, dofir awer 24 Stonne brauch, fir sech eng eenzeg Kéier ze dréien. De Jean-Luc Lehner: "Deen Effekt ass do, deen Effekt ass och absolut reell, mä verhältnisméisseg vill méi kleng beim Tennisball wéi bei der Äerd. Dat heescht t'ass scho wouer, duerch d'Dréiung vun der Äerd gëtt et eng Kraaft, déi ee géif erausschleideren. Mä dës Kraaft kann een ausrechnen an déi ass eben net ganz staark, well d'Äerd sou grouss ass."

Den Dr. Jean-Luc Lehners iwwert den Effekt vun der Zentrifugalkraaft


Vill méi staark wierkt also hei d'Unzéiungskraaft, déi sou staark ass, dass souguer de Mound net aus der Bunn ronderëm d'Äerd méi rauskomme kann. Theoretesch huet och den Tennisball eng gewëssen Unzéiungskraaft, well alles wat eng Mass huet, och eng Unzéiungskraaft huet. Allerdéngs hunn dat an der Reegel just Planéiten an aner Himmelskierper, respektiv sinn dës Kräften esou grouss, dass een se och spiert a moosse kann.

De Grond wisou Objeten, Déieren a mir selwer ëmmer Richtung Zentrum vun der Äerd ugezu ginn, ass also d'Gravitatiounskraaft. Dës Kraaft als Quatsch duerzestellen ass ee vun den Haaptargumenter vun de Flat-Earther. Dëst wier hinnen no nämlech eng Kraaft, déi een iwwerhaapt net wëssenschaftlech erkläre kéint a gëtt dann och dacks ofwäertend als "magesch" Kraaft aus dësem Lager bezeechent. Dass e Ball op de Buedem fält, wier praktesch ausschliisslech wéinst der Mass vun engem Objet z'erklären. En Argument, dat nëmmen hallef stëmmt: "T'ass d'Mass, déi tatsächlech jo dofir responsabel ass, dass d'Saache rëm eroffalen, awer nëmme well d'Äerd och eng Mass huet an déi zou Massen sech unzéien."

Den Dr. Jean-Luc Lehners iwwert d'Prinzip vun de Massen

D'Mass eleng erkläert net, wisou Objeten eroffalen, dëst geet just a Kombinatioun mat der Gravitatioun. Hei kéint een e Flat-Earther jo u sech froen, wisou d'Objeten dann net op d'Säit oder eropfléien, wann ee se lass léisst? D'Erklärung ass eben, dass d'Äerd dës méi liicht Mass unzitt, genee wéi d'Äerd selwer beispillsweis vun der Sonn ugezu gëtt. An hei gëtt de Jean-Luc Lehners weider ze bedenken, dass grad well sech jo alles am Universum géigesäiteg permanent méi oder manner unzitt, déi stabilste Form eng Kugel wier, respektiv dës Form géif sech da fréier oder spéider a méi oder manner automatesch formen. Dës ass souwuel bei Planéiten, awer och Stären iwwerall jo z'observéieren. Iwwregens huet och d'Waasser, also eis Mierer, eng Mass a gëtt dofir vun der Äerd ugezunn, wat erkläert, wisou souguer d'Waasser sech um Äerdball mat krëmmt.

Déi präziisten Theorie vun der Gravitatioun ass natierlech dem Einstein seng weltberüümte Relativitéitstheorie. Dëser Theorie no krëmmen net nëmme schwéier Objete wéi Planéiten oder Sonnen d'Gravitatiounsfeld, ma de Raum selwer ass gekrëmmt. Dës Theorie, sou den Dr. Lehners, ass dann och vill méi präzis wéi dem Newton seng Theorie, déi just seet, dass zwou Massen sech unzéien. Dass de ganze Raum gekrëmmt ass a sech d'Objeten och deemno verhalen, ass eréischt méi spéit vum Einstein komm an ass natierlech méi schwéier, fir sech dat also Net-Expert virzestellen. Ma d'Relativitéitstheorie beschreift dem Expert no awer trotzdeem ganz präzis, wéi d'Planéiten sech am Universum verhalen, wéi se ronderëm Sonnen dréien a souguer wéi sech Galaxien am Universum beweegen. Hei géif et och en extrem grousse Konsens ginn, virun allem an der Wëssenschaft. Zweiwel un dëser Theorie ginn et u sech praktesch keng. Natierlech wäerten et ëmmer nach besser a méi genee Theorien an Zukunft ginn, ma warscheinlech wäert sech awer näischt méi drun änneren, dass d'Äerd eng Kugel ass, sou de Jean-Luc Lehners.

RTL

© MARK GARLICK/SCIENCE PHOTO LIBRA MGAScience Photo Library via AFP

Eng weider Kraaft, déi net sou bekannt ass, déi awer de Modell vun der Äerd bestäerkt, ass déi sougenannte Corioliskraaft, eng Kraaft, déi haaptsächlech fir de Wand an d'Wolleke responsabel ass. Doduerch dass d'Äerd dréit, beweege sech d'Wolleken, déi zum Beispill vun Norden no Süden zéien, an eng gewësse Richtung, dat well d'Äerd, wéi de Jean-Luc Lehners seet, "ënnert hinnen ewech dréit". De Jean-Luc Lehners: "Dat heescht da gesäit et op der Äerd aus, wéi wann de Wand dann op grouss Distanzen net géif ganz riicht goen, mä liicht gekrëmmt géif ginn. Dat huet als Konsequenz, dass och sou Orkaner tendenziell an déi nämmlecht Richtung dréien op der Nordhallefkugel an an déi entgéintgesate Richtung op der Südhallefkugel."

De Jean-Luc Lehners iwwert d'Corioliskraaft

Genee dat ass jo och meteorologesch bei sou Stierm z'observéieren an einfach festzestellen.

E weidere Punkt, deen dacks vu Flat-Earther gären als Beispill genotzt gëtt, dass d'Äerd sech net dréie kann, ass dass wann ee spréngt, ee jo dann e wéineg op engem anere Punkt misst landen, well d'Kugel op där mer stinn, jo weider ënnert eis dann dréit, wa mer an der Loft sinn. Hei gëtt ganz einfach vergiess, dass mir eis scho vu vir era mat der Rotatiounsvitesse vun der Äerd mat beweegen an dës Vitess och konstant ass. Wa mir also sprangen, huele mir souzesoen de Schwong vun der Äerdrotatioun mat a landen nees do, wou mer fortgespronge sinn, wann mer e Sprong vertikal an d'Luucht maachen. Teste kann een dat an engem Zuch. Wann een hei bei konstanter Vitesse spréngt, lant een net am nächste Waggon, mä nees do, wou ee fortgesprongen ass. Eenzeg beim Beschleunegen a beim Bremse wierke Kräften, déi en Afloss op eis hunn, awer net bei konstanter Vitess, eppes dat eis Äerd jo huet. Hei bemierkt den Dr. Jean-Luc Lehners dann och, dass och d'Atmosphär sech mat der Rotatioun vun der Äerd matdréint, also och de Wand, deen am Zuch oder am Auto ass, fiert mat. Dës Loft mierkt een dann natierlech och net.

RTL

© GARDEL BERTRAND / HEMIS.FR hemis.frHemis via AFP

Weider kann een d'Theorie, dass d'Äerd sech dréit, dann och mat wëssenschaftlechen Experimenter beleeën an ënnermaueren, hei géifen et och relativ simpel Beispiller ginn, sou den Dr. Jean-Luc Lehners. E prominent Experiment heizou ass de Pendel vum Foucault: "Dat Experiment huet de Foucault fir d'éischt 1851 gemaach. Et hëlt een e Pendel, deen einfach hin an hier schwéngt. An dee Pendel, dee schwéngt am Fong gewëssermoosse fir sech weider. Dat heescht doduerch, dass d'Äerd dréit, dréit d'Äerd ënnert dem Pendel ewech a wann een dann op der Äerd steet, gesäit et aus, wéi wann d'Achs vum Pendel sech géif dréien. An dat ass am Fong e ganz klore Beweis, dass d'Äerd sech dréit, wat eng direkt Konsequenz dovunner ass, dass d'Äerd eng Kugel ass."

De Jean-Luc Lehners iwwert de Pendel vum Foucault

Wann d'Äerd eng Scheif wier, hätt dat Ganzt dann och net déi Eegenschaften, déi ee beim Experiment vum Pendel kann observéieren. Dobäi kënnt och nach, dass de Pendel sech op verschiddene Breedegrade vun der Äerd anescht dréit, ënnerschiddlech séier. De Grond ass nees well d'Äerd eng Kugel ass, sou den Dr Lehners weider. Dat schéngen d'Flat-Earther dann och ze wëssen, a behaapten dohier einfach, dass hir Scheif beweegungslos am Raum steet, sech also iwwerhaapt net dréit.

Beléift ass dann och d'Diskussioun ëm d'Beispill mat de Schëffer, déi ee, wann een um Strand steet, kann um Horizont verschwanne gesinn. U sech ee gutt Argument, dass d'Äerd eng Kugel ass. Jee weider d'Schëff vun eis ewech schwëmmt, wat et méi kleng gëtt. Kloer, do leeën och d'Flat-Earth-Unhänger nach kee Veto an. Dono geschitt awer dann eppes, wou een sech net méi eens ass: No an no verschwënnt d'Schëff hannert dem Horizont, bis ee just nach dat iewescht Stéck vum Schëff gesäit an dann op eemol näischt méi. Dëst weist an sech kloer, dass eng Krëmmung do ass, dass d'Äerd also net einfach platt ass, soss géif een d'Schëff jo ëmmer nach gesinn. Hei argumentéieren d'Géigner allerdéngs, dass genee dat de Fall ass, dass just eis An d'Schëff net méi géife gesinn a kommen da mat ganz abstrusen Argumenter, wou mat Kameraen d'Schëffer nees opdauche gelooss ginn. Sou oder sou, verschwannen d'Schëffer awer och hei, an et gi wäit aus méi Opnamen, déi weisen, dass d'Krëmmung kloer erkennbar ass. Dovunner ofgesi goufen natierlech och scho Moossunge mat Lasere gemaach, déi d'Krëmmung vun der Äerd 1:1 konforméieren.

RTL

© MAHMOUD ELKHWAS NurPhotoNurPhoto via AFP

Interessanterweis bräicht een esou wëssenschaftlech Erklärunge jo am Fong net, well et Fotoen an Opname vun der Äerd ginn, an dat extrem vill a verschiddene Qualitéiten a Gréissten, déi ëmmer nees weisen, dass d'Äerd keng Scheif ass, mä eng Kugel. Hei ass dann e weidere Punkt dee generell bei Verschwörungstheoretiker opkënnt, nämlech de konstante Glawen, dass iergendwellech Institutiounen, Gruppen oder Personnagen d'Wourecht verheemleche wëllen, d'Leit also "domm" hale wëllen. An dësem Fall ass et meeschtens d'NASA an d'Regierung. Fotoen, Biller a Berichter iwwert déi ronn Äerd ginn einfach kategoresch als Fake bezeechent. Hei ass et dann och schwéier, eng konstruktiv Diskussioun opzebauen, well einfach vu vir era Saachen als net wouer duergestallt ginn. Dacks gëtt och behaapt, et géif keng richteg Foto vun der Äerd ginn, wat awer doduerch kënnt, dass héichopléisend Fotoen dacks aus eenzele Biller mussen digital zesummegesat ginn, well d'Äerd eben esou enorm grouss ass.

Heizou nach eemol den Dr. Jean-Luc Lehners: "Et kann een natierlech net beweisen, dass en Aneren eng richteg Foto gemaach huet. Ech kann net beweisen, dass iergend en Astronaut mat enger Rakéit erop geflunn ass an eng Foto gemaach huet. Et ass just méi plausibel, wéi ze denken, dass all déi Leit iwwer Joerzéngten ënnerteneen ausgemaach hunn, ëmmer nëmme falsch Fotoen ze weisen. Wee géif dat Ganzt organiséieren a wien hätt Interêt dorunner, dat Ganzt z'organiséieren? Et ass einfach net plausibel. Am Fong kann ee jo gleewe wat ee wëll. Et ass jo just eng Fro, ob et engem selwer och logesch erschéngt oder net. An dësem Fall fannen ech, dass et relativ kloer ass, dass et net ganz plausibel erschéngt, dass iwwer Joerzéngten all Foto, déi jee vun der Äerd gemaach ginn ass, gefälscht ginn ass."

Den Dr. Jean-Luc Lehners iwwert d'Fotoe vun der Äerd

Déi eenzeg sécher Method wär et wuel fir esou Leit, et mat eegenen An aus dem Weltraum eraus ze gesinn. Ma dëst ass awer eppes, dat fir en Normalstierflechen ëmmer nach net sou einfach ass, och wa Weltraum-Tourismus ëmmer méi ugebuede gëtt an u Popularitéit gewënnt.

*Natierlech ginn et nach vill weider Argumenter säitens der Flat-Earth-Community, wéi beispillsweis d'Äismauer, déi sech ronderëm d'Scheif zitt an sou d'Waasser op der Scheif hält, d'Kuppel iwwer der Scheif, déi et och verhënnert iwwerhaapt an de Weltraum ze fléien, de Mound, deen anscheinend soll duerchsichteg sinn, respektiv guer net existéiert... asw. Op all eenzele Punkt konnte mer awer verständlecherweis net agoen.

Quellen

- Dr. Jean-Luc Lehner (Leader of the ERC Research Group in "Theoretical Cosmology" at Max-Planck-Institut)

- https://wiki.tfes.org/The_Flat_Earth_Wiki

- https://theflatearthsociety.org/home/index.php

- https://www.futura-sciences.com/de/geschwindigkeit-erde-universum_208/

Weider Deeler aus eiser Serie

Chemtrails um Himmel: Waasserdamp an Ofgasen oder awer Klima- a Gedankekontroll?