Villa zu Kitzbühel gëtt ouni Beweiser mam Annalena Baerbock a Verbindung bruecht

Den éisträichesche Staatsschutz beschäftegt sech schonn zënter Abrëll 2022 mat engem Haus zu Kitzbühel am éisträicheschen Tirol. Berichter vum Recherchenetzwierk OCCRP no gouf d'Haus vum Putin senger Duechter genotzt, kaf gouf d'Immobilie iwwer zypriotesch Bréifkëschtefirmen. Bäiträg a sozialen Netzwierker bréngen d'Haus mat der däitscher Ausseministesch Annalena Baerbock a Verbindung.

© AFP
Iwwer déi däitsch Ausseministesch sinn ëmmer nees onbegrënnt Behaaptungen am Ëmlaf, z.B. dass si angeeblech d'Ofschafe vun der Pensioun fir Wittleit gefuerdert hätt a sech fir d'Legaliséierung vu Sex mat Kanner agesat soll hunn. Béides stëmmt net, genee sou wéineg wéi d'Behaaptung iwwer de Kaf vun der Villa op der Foto.
Keng Villa bei Wien, mee zu Kitzbühel
D'Haus, dat ze gesinn ass, steet allerdéngs net bei Wien am Oste vun Éisträich. Eng Réckwäertssich huet d'AFP an de Weste vun Éisträich, op Kitzbühel an Tirol, gefouert. Dat läit ronn 370 Kilometer vu Wien ewech. De Mekka fir Wantersport ass als Heemeschtsuert vum Hahnenkammrennen a virun allem als Vakanzendestinatioun vu ville Prominente bekannt.
D'Sich no engem Extrait aus dem Video weist, dass d'Haus am Oberleitenweg 31b steet. Mat Hëllef vun der Réckwäertssich ass d'AFP op Opname vum Haus gestouss, déi geneesou ausgesi wéi d'Opname an de Bäiträg, déi aktuell verbreet ginn. Fir e Bericht iwwer russesch Oligarchen - dozou gläich méi - huet ë.a. den den estesche Medium Delfi héichopléisend Videoopname vum Haus aus zuelräiche verschiddene Perspektive verëffentlecht.
Detailer, wéi e rechteckege Pool, zwee Ligestill virum Haus, d'Unzuel u Kamäiner um Daach oder d'Placéierung vu Beem an Hecke stëmmen iwwereneen, geneesou wéi d'Positioun vun aneren Haiser an der Noperschaft.

© AFP
Domat ass beluecht, dass d'Haus aus de Bäiträg zu Kitzbühel steet, net bei Wien. Och Satellittebiller op Google Maps a Bing passen zu den Opnamen.
Verstréckungen no Russland
D'Haus am Oberleitenweg 31b ass net iergendeen Haus. Et gouf immens vill Berichter iwwer dëst Haus an Éisträich um Rand vu Kitzbühel. Dat läit haaptsächlech un de Recherchë vum Investigatiounsnetzwierk OCCRP. An enger Kooperatioun hunn "Der Spiegel" / Paper Trail Media aus Däitschland, "Der Standard" aus Éisträich, Tamedia aus der Schwäiz souwéi den esteschen Delfi, de finnesche Yle a Follow The Money aus Holland Berichter iwwer déi sougenannt Rotenberg-Files verëffentlecht. Hir Recherche dréit den Titel "Dokumenter leeën no, dass e milliardeschwéieren Oligarch de Kaf vun engem éisträichesche Chalet finanzéiert huet, dat vum Putin senger Duechter genotzt gouf".
Doran deckt d'Netzwierk op, wéi de russeschen Oligarch a Putin-Vertrauten Arkadi Rotenberg, géint dee schonn 2014 Sanktioune verhaange goufen, d'Haus finanzéiert soll hunn, an deem, den Noperen no, och dem Putin seng Duechter Zäit verbruecht hätt.
Déi zypriotesch Entreprise Wayblue Investments Limited huet d'Haus 2013 fir 10,8 Milliounen Euro mat dem Inventar kaf. Wayblue gëtt vun der zypriotescher Treihandfirma Velidom Limited verwalt. Wiem Wayblue schlussendlech gehéiert, ass domat net kloer. No Recherchë vun OCCRP krut Wayblue awer vun Olpon Investments Limited e Prêt. De russesche Milliardär Arkdai Rotenberg ass nees Chef vun Olpon. "Der Standard" vermutt dohier, dass de Rotenberg d'Luxusimmobilie als Gefale fir de Wladimir Putin verstoppt finanzéiert.
Haus gouf 2013 kaf
Net just Medien hu sech scho genee mat deem Haus zu Kitzbühel beschäftegt, och déi éisträichesch Direktion Staatsschutz und Nachrichtendienst (DSN) huet d'Immobilie schonn ënner d'Lupp geholl. D'DSN ass en zivillen Inlandsgeheimdéngscht a fir de Verfassungsschutz responsabel. E Spriecher vum éisträicheschen Inneministère huet de 4. August 2023 geschriwwen: "Schonn zënter Abrëll 2022 goufe souwuel am In- wéi och am Ausland Erhiewungen am Zesummenhang mat dem Objet Oberleitenweg 31b, 6370 Kitzbühel an enger zypriotescher Gesellschaft duerchgeféiert." De Proprietéit vu Wayblue zanter 2013 kéint säitens vun der DSN confirméiert ginn. Ob d'Ermëttlungen eng Verbindung zu der Madamm Baerbock erbruecht hätten, huet d'DSN mat Verweis op den Dateschutz net kommentéiert.
En Auszuch aus dem Grondbuch vum Oberleitenweg 31b, dee vun der AFP ugefuerdert gouf, confirméiert dat. De 17. Januar 2013 huet Wayblue Investments Limited mat Sëtz zu Nikosia de Kafvertrag ofgeschloss. Hätt d'Annalena Baerbock d'Immobilie selwer direkt kaf, stéing hei hiren Numm.

© AFP
D'Acquisitioun vum Eegentum am Joer 2013 ass och an enger Entscheedung vum Landesverwaltungsgeriicht Tirol festgehalen. D'Geriicht huet sech am Juni 2023 mat der ënnersoter Notzung vum Haus als Fräizäitwunnsëtzbeschäftegt - am Géigesaz zu enger zoulässeger Notzung fir Wunnzwecker - an huet dëst verbueden. Den Objet gouf dem Geriicht no och als Plaz fir verschidde Gäscht fir Schi ze fueren an als Vakanzeressort genotzt. Der Haushälterin no, déi am Urteel zitéiert gëtt, wären et ëmmer aner Gäscht gewiescht, besonnesch Familljen, déi ëmmer nees zeréckkomm wären, wat och duerch eng Kontroll am Dezember 2022 confirméiert gi war. Ob an der Enquête den Numm Baerbock thematiséiert gouf, konnt d'Landesverwaltungsgeriicht Tirol och aus Dateschutzgrënn net kommentéieren.
Och vu bausse gëtt et op den éischte Bléck näischt, wat op d'Annalena Baerbock oder e weidere Besëtzer hindeit. D'Bréifkëscht an d'Schell sinn net personaliséiert, wéi e Besuch op der Plaz gewisen huet.

© AFP

© AFP
Hirer Internetsäit no lieft d'Baerbock mat hirer Famill zu Potsdam. Medieberichter ernimmen och de Wunnuert vun der Ministesch zu Potsdam - en Hauskaf an Éisträich gëtt an der Press allerdéngs net opgegraff. Dat Auswäertegt Amt huet sech zu de Behaaptungen net geäussert.
Fazit: En Haus, dat déi däitsch Ausseministesch Annalena Baerbock angeeblech fir e puer Milliounen Euro kaf soll hunn, steet net zu Wien, mee zu Kitzbühel. Eng Rei vun éisträicheschen Autoritéite souwéi zuelräich international Medien hu sech scho mat dem Haus beschäftegt, dat 2013 vun enger zypriotescher Firma kaf a säithier als Vakanzendomizil genotzt gouf. A kenger vun de Verëffentlechunge gëtt d'Baerbock ernimmt. D'Haus schéngt villméi iwwer eng Firmekonstruktioun duerch e russeschen Oligarch finanzéiert ginn ze sinn.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
