E puer zéngdausend Leit goufe beim Burning Man Festival an engem ofgeleeëne Gebitt an der Wüüst vun heftegem Schloreen iwwerrascht. Doropshin hunn Notzer a sozialen Netzwierker behaapt, en Ebola-Ausbroch hätt si doru gehënnert, den Terrain vum Festival ze verloossen. Deem war awer net sou.

RTL

© AFP

De Post ass ee vu villen op X an anere Plattformen, déi anscheinend e Screenshot vun enger Warnung virun Ebola vun den US-amerikanesche Centers for Disease Control and Prevention (CDC) weise sollEbola ass eng Viruserkrankung, déi sech duerch Kierperflëssegkeeten ausbreet a Féiwer, Erbriechen, Bluddungen an Duerchfall ausléise kann.

De supposéierte Message, deen dem offizielle CDC-Kont op X zougeschriwwe gëtt, enthält eng Infografik a seet: "Ebola-Ausbroch zu Black Rock City, Nevada confirméiert. Et gëtt recommandéiert, dass all d'Visiteure vum Burning Man Festival bis op Weideres an hire Wunnenge bleiwen. Am Moment besteet den Noutstand."

Den angeebleche Bäitrag an aner Behaaptunge vun engem Ausbroch hate weider verbreet, wéi d'Visiteure vum Festival am US-Bundesstaat Nevada wärend Deeg hu musse waarden, dass de Buedem no dem heftege Reen, duerch deen de ganze Site am Bulli ënnergoung, dréche ginn ass.

De Bulli an de Knascht hate Gefierer agespaart an haten d'Leit dozou beweegt, sech ze Fouss op de Wee ze maachen. D'Organisateuren haten dozou opgeruff, um Site Schutz ze sichen a mam Iessen a Gedrénks ze spueren. D'Stroosse goufen de 4. September nees opgemaach, sou dass d'Visiteure konnten heemgoen.

D'Police seet, si géif en Doudesfall op dem Festival ënnersichen, engem géigekulturelle Camp mat Danzpartyen a Konschtinstallatiounen, dat all Joer stattfënnt a bei deem, als Héichpunkt, e risegt Bild wärend enger Zeremonie verbrannt gëtt.

Et gëtt awer keng Hiweiser op en Ausbroch vun Ebola.

"D'Rumeure sinn net fundéiert an net wouer", sot den Dominique Debucquoy-Dodley, stellvertriedende Kommunikatiounsdirekter vum Burning Man Project, géintiwwer der AFP an enger E-Mail vum 5. September, wouran hien eng Matdeelung widderhëlt, déi e puer Deeg virdrun op der Internetsäit vum Event gepost gouf (hei archivéiert).

Den angeebleche CDC-Bäitrag ass och gefälscht - en ass net an de Live- nach an den archivéierte Versiounen op der CDC-Säit op X ze fannen.

"Dës Rumeure sinn net wouer", sot de Benjamin Haynes, de Kommunikatiounschef vun der Agence, der AFP an enger E-Mail vum 5. September.

D'Infografik, déi an der Spéngel vum fabrizéierte Bäitrag ze fannen ass, ass eng manipuléiert Versioun vun enger echter CDC-Warnung. Op der Infografik sinn eng Foto vum Festivalsite an den Text "Kierzlech an Nevada?" ze gesinn.

D'Original (hei archivéiert) gouf wärend der Ebola-Epidemie 2014-2016 op elektroneschen Affichagen an amerikanesche Fluchhäfe ugewisen, seet d'Agence. Et weist eng Kaart vu Westafrika, mam Text "Kierzlech a Westafrika?"

RTL

© AFP

RTL

© AFP

'Keng Gültegkeet'


En TikTok-Video, dee méi wéi 3,8 Millioune Mol gekuckt an och op anere Plattforme wéi X an Instagram promovéiert gouf, behaapt, dass en Zonk op dem Site opgebaut gouf an dass d'Federal Emergency Management Agency (FEMA) (den amerikanesche Katastropheschutz, Um. v. d. Red.) am Kader vun engem "nationalen Noutstand" Agenten agesat hätt, fir d'Visiteuren kontrolléieren ze kënnen.

De Spriecher deit un, dass déi angeeblech Bedeelegung vun der FEMA bedeite géif, Ebola, an net d'Iwwerschwemmungen, wär de Grond, firwat d'Mënschen net goe kéinten.

Awer den Jeremy Edwards, de Pressespriecher vun der Agence, sot der AFP an enger E-Mail vum 5. September, dass "kee Personal oder Material vun der FEMA fir de Burning Man Festival agesat gouf an et keng Ufro vu lokalen oder staatlechen Autoritéiten no eiser Ënnerstëtzung gouf."

D'AFP huet och op Internetsäite vun der Regierung keng Opzeechnungen iwwer eng national oder ëffentlech sanitär Noutstandserklärung fonnt (hei, hei an hei archivéiert).

Den Jerry Allen, Sheriff vu Pershing County an Nevada, huet d'Behaaptungen am Video och an engem Statement, deen den amerikanesche Medien zougänglech gemaach gouf, zeréckgewisen (hei archivéiert).

"Et gëtt keng Gültegkeet fir Berichter iwwer en Ebola-Ausbroch oder eng aner Krankheet", sot hien. "De Bulli ass echte Bulli, a keng Entitéit op dem Festival huet iergendwellech Strukturen opgebaut, fir iergendeen dovun ofzehalen, d'Playa ze verloossen."

D'AFP huet de Büro vum Sheriff fir e weidere Kommentar kontaktéiert, krut awer keng Äntwert.

En AFP-Journalist, deen um Festival war, huet kee gesinn, deen un Ebola erkrankt wär. E puer Visiteure vum Burning Man, déi Fotoen an Updates a sozialen Netzwierker gepost hunn, hunn d'Behaaptungewidderluecht (hei, hei an hei archivéiert).

"Et gouf keen Ebola, keng FEMA an et gouf och keen Zonk opgebaut", sot eng Persoun op TikTok.

Falsch Schlagzeil vu Forbes

Aner Bäiträg hunn e Bild, dat virgëtt, eng Schlagzeil vu Forbes ze weisen, déi seet: "Jo, et gëtt en Ebola-Ausbroch bei Burning Man."

Mee de Bill Hankes, de Kommunikatiounschef vun der amerikanescher Zäitschrëft, sot der AFP, dat wier beaarbecht.

Déi ursprénglech Iwwerschrëft, déi déi selwecht Bezeechnung, Datum, Zäitstempel a Foto enthält, seet: "Nee, et gëtt keen Ebola-Ausbroch bei Burning Man" (hei archivéiert).

RTL

© AFP

RTL

© AFP

D'AFP  huet an der Vergaangenheet nach aner Feelinformatiounen iwwer Ebola opgedeckt.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.