Foto aus Nordkorea benotzt, fir iranesch Preparativen duerzestellen

An de sozialen Netzwierker gëtt behaapt, dass e Bild iranesch Zaldote weist, déi sech dorop preparéieren, Israel ze attackéieren. Dat wär e Revancheakt fir den déidlechen Ugrëff vum 1. Abrëll 2024 op dat iranescht Konsulat a Syrien. Den Iran beschëllegt Israel, dës Attack duerchgeféiert ze hunn. Dës Behaaptung an d'Bild sinn awer falsch.

© AFP
Änlech Bäiträg, déi dat selwecht Bild weisen, dat Reie vu gepanzerte Gefierer an Artillerie weist, déi laanscht enger Küst opgereit sinn, hunn op der Plattform X fir Opmierksamkeet gesuergt.
"Den Iran ass prett fir d'Revanche. #WWIII", steet an engem Post. En anere füügt bäi: "Iran an Israel wäerte sech géigesäiteg ugräifen."

© AFP

© AFP
D'Uschëllegunge kommen e puer Deeg nodeem eng Explosioun den 1. Abrëll déi konsularesch Sektioun vun der iranescher Ambassade an der syrescher Haaptstad Damaskus zerstéiert a siwe Membere vun der Islamescher Revolutiounsgard ëmbruecht huet - dorënner zwee Genereel.
Teheran huet Israel fir d'Bombardéierung responsabel gemaach, awer d'Land, dat elo zënter méi wéi sechs Méint am Krich géint déi militant palästinensesch Hamas-Grupp ass, huet sech zënter dem 8. Abrëll net dozou geäussert. D'USA hu wärenddeem niéiert, dass Washington eppes mat der Attack ze dinn hätt.
Wärend den héchste Leader vum Iran, den Ayathollah Ali Khamenei, sot, Israel géif fir d'Attack "geschloe ginn", weist d'Foto, déi am Internet am Ëmlaf ass, net, dass sech d'Natioun aus dem Noen Oste op eng Revanche preparéiert.
Eng ëmgekéiert Billersich huet dat selwecht Bild an engem CNN-Bericht vum 25. Abrëll 2017 iwwer Nordkorea erëmfonnt, dat ulässlech der Grënnung vun senger Arméi eng grouss Militärübung duerchgeféiert hat (hei an hei archivéiert).
"Ulässlech dem 85. Joresdag vun der Grënnung vun der koreanescher Volleksarméi huet eng Liveiwwerdroung vu Militärübungen zu Wonsan, Nordkorea, stattfonnt, mellen nordkoreanesch Staatsmedien", schreift den US-Sender a senger Iwwerschrëft. D'Informatiounen zu dësem Artikel hätt de Sender vun der nordkoreanescher Regierung an der offizieller Zeitung Rodong Sinmun.
Rodong Sinmun hat d'Foto zesumme mat méi wéi 30 anere Fotoen, déi d'Militärübung detailléiert weisen, de 26. Abrëll 2017 publizéiert (hei archivéiert).

© AFP
Den nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un war bei der Übung an der ëstlecher Hafestad Wonsan trotz groussen Tensiounen an der Regioun op der Plaz.
D'AFP hat an der Vergaangenheet Bäiträg opgedeckt, déi behaapt haten, d'Foto géif chineesesch Truppe weisen, déi sech 2022 op eng Attack op Taiwan preparéiert hätten.
D'AFP huet weider Desinformatiounen iwwer d'Kämpf tëscht Israel an der Hamas iwwerpréift.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
