Faktencheckerinnen an -checker gi schikanéiert, menacéiert a si finanziell knapp drun

Vun Indien a Südkorea bis a Kroatien an Nordmazedonien kämpfe Faktencheck-Organisatiounen an engem wichtege Waljoer géint eng stänneg wuessend Flut vun Desinformatioun a gesi sech mat rechtleche Menacen, Schikanen a Finanzéierungsenkpäss konfrontéiert.
D'Widderleeung vu gefälschte politesche Behaaptungen an Desinformatiounen, déi d'Integritéit vu Wale menacéieren, gëtt vun enger Rëtsch Fuerscherinnen a Fuerscher als Sisyphusaarbecht bezeechent. Se bréngt eng ganz Rei vun Erausfuerderunge mat sech, déi den Drock op déi schaffend Leit an engem entscheedende Joer nach erhéijen.
Laut enger neier Ëmfro vum International Fact-Checking Network (IFCN), un där 137 Organisatiounen aus 69 Länner deelgeholl hunn, besteet déi gréisst Erausfuerderung am Beschafe vu finanzielle Mëttelen, fir d'Aarbecht oprechtzëerhalen.
De FactCheck Center vun der Seoul National University (SNU) - déi eenzeg Plattform fir d'Iwwerpréiwung vu Fakten a Südkorea - steet méiglecherweis virum Aus, well déi Entreprise, déi am meeschten finanzéier, - Naver, eng Entreprise fir Sichmaschinnen - am leschte Joer seng finanziell Ënnerstëtzung agestallt hat.
Naver huet et ofgeleent, sech zu de Grënn dozou ze äusseren, awer d'Direktesch vum SNU FactCheck Center, d'Eunryung Chong, mengt, dass "politeschen Drock" vun der regéierender konservativer Partei mam Numm "Muecht vum Vollek" (PPP) de "gréisste Faktor" war.
"Informatiounskrichsféierung"
"Préiwer vu Fakte gesi sech mat enger wuessender Quantitéit u Falschinformatioune konfrontéiert, hunn awer just limitéiert Ressourcë fir d'Berichterstattung an d'Verëffentlechung", sot d'Angie Drobnic Holan, Direktesch vum IFCN, géintiwwer der AFP."Et gëtt och rechtlech an digital Campagnë géint Préiwer vu Fakten - dës gi vu Mënsche bedriwwen, déi et léiwer hätten, wa Fakten net op der Grondlag vu Beweiser a Logik gepréift géifen, well se un enger 'méi rabiater Informatiounskrichsféierung' interesséiert sinn." D'IFCN-Ëmfro ergouf, dass ongeféier 72 Prozent vun den Organisatioune mat Schikane konfrontéiert waren, wärend vill och vu physeschen a rechtleche Menacë bericht hunn.
Déi kroatesch Faktencheck-Internetsäit Faktograf.hr huet sech gezwonge sinn, a Sécherheetsmoossnamen ze investéieren, nodeem Aarbechter Mordmenacë kritt haten a Reporterinne sexistesch ugegraff gi waren. sou d'Gerante Ana Brakus géintiwwer der AFP. An enger Textnoriicht gouf e Mataarbechter virdru gewarnt, dass een him "d'Fangeren ofschneide" géif.
"Mir hu misse Weeër fannen, fir mat dëser Zort vu Stress ëmzegoen, ouni dass eis Missioun, Fakten ze iwwerpréiwen, doduerch beanträchtegt géif ginn", sot d'Brakus an huet bäigefüügt, dass d'Organisatioun hire Mataarbechter psychologesch Ënnerstëtzung ubidde géif.
An Indien, dem Land mat de meeschten zertifiéierte Faktencheckerinnen a Faktenchecker weltwäit, gouf dem Premierminister Narendra Modi - dee bei de bevirstoende Parlamentswalen eng drëtt Amtszäit hannerteneen ustrieft - virgehäit, onofhängeg Medien ze ënnerdrécken.
De Mohammed Zubair, Matbegrënner vun Alt News an dacks Zilscheif vun Zurechtweisunge vun der Regierung, gesäit sech weiderhin rechtlechen Droungen ausgesat, nodeem hien 2022 fir kuerz Zäit am Prisong war, well hie véier Joer virdrun an engem Posting en Hindi-Gott beleidegt soll hunn. Wärend enger Spendenaktioun op der Plattform X huet de Zubair geschriwwen, indesch Medienorganisatioune wäre "gezwongen, sech selwer ze zenséieren" an an e puer Fäll "zu Sproochréier vun der Regierung ze ginn".

© AFP
"Existenziell Bedroungen"
Mat hire knappe Budgete musse vill Faktepréiwer op extern finanziell Ënnerstëtzung zeréckgräifen, fir sech géint déi "existenziell Menacen" ze verdeedegen, déi - dacks onseriö - Plainten duerstellen, sou den IFCN-Rapport. An e puer Fäll sinn och Faktencheckerinnen a Faktenchecker selwer Zil vun Desinformatioun.Truthmeter, de Faktencheckdéngscht vu Metamorphosis Foundation, déi hire Sëtz an Nordmazedonien huet, war Ufank vum Joer (2024) mat enger ëmfaassender Diffamatiounscampagne konfrontéiert, nodeem Faktenchecke vu Facebook-Bäiträg zu Uschëllegunge geféiert haten, dass Inhalter doduerch zenséiert géifen.
D'Campagne ass sou wäit eskaléiert, dass et Beleidegungen, Diffamatioun a "schlecht getarnt Opriff zu Gewalt" géint hir Mataarbechter koum, sou de Faktencheckdéngscht an enger Matdeelung u seng Lieserschaft. "Mir sinn eis doriwwer am Kloren, dass esou Desinformatiounscampagnen a Form vun Attacken, Manipulatiounen, Menacen an Haassriede weidergoe wäerten, besonnesch an der Zäit virun de Walen", huet et geheescht, wärend sech Nordmazedonien op d'Presidentschaftswalen Enn vum Mount preparéiert.
D'Moderatioun vu Contenuen a Sozialen Netzwierker ass souguer an héichentwéckelten Ekonomië wéi an de Vereenegte Staaten - wou am November d'Presidentiellen ustinn - zu engem brisanten Theema ginn, well vill Notzerinnen an Notzer d'Iwwerpréiwung vu Fakte mat Zensur gläichsetzen. "'Wien iwwerpréift Faktenchecker?' ass eng heefeg Reaktioun op eis Aarbecht", sot den Eric Litke, Chef vun enger Entreprise fir Faktenchecken an den USA. Hien huet betount, wéi bedeitend Transparenz wär, fir d'Vertraue vun der Lieserschaft ze gewannen.
Faktencheck-Organisatioune wéi beispillsweis den AFP FactCheck, déi am Kader vum Faktencheck-Programm vu Meta Feelinformatioune widderleeën, gesi sech online reegelméisseg mat Aggressioune vu Mënsche konfrontéiert, déi hir Texter unzweiwelen - an dat, obwuel dës Mënschen heiansdo offensichtlech Falschinformatioune verbreeden. "Ech hunn observéiert, wéi dës Beweegung Faktenchecker als Deel vun engem 'Zensur-Industriekomplex' bezeechent", sot d'Holan. "Ironescherweis ziilt dëst zudéifst ierféierend Argument selwer dorop of, Kritik an Debatten ze ënnerdrécken."
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
