E verbleechten Zeitungsartikel aus dem Joer 1974 beschäftegt sech mat engem mëlle Januardag. Esou Deeg widderleeën allerdéngs net de Klimawandel. Eenzel Wiederphenomeener widderspriechen och net der Äerderwiermung.

"Dat nennt een haut Klimawandel", heescht et an engem Facebook-Bäitrag vum Februar 2024. Zousätzlech gëtt en Artikel vun der däitscher Dageszeitung "Die Welt" aus dem Joer 1974 gedeelt. "Fréijoer am Wanter: 15 Grad Wäermt" (dt: "Frühling im Winter: 15 Grad Wärme"), housch den Titel. Dem Bericht no goufen den 13. Januar 1974 am bayresche Flaachland Temperature vu bis zu 15 Grad an op der Zugspitze vun null Grad gemooss. Schipisten a méi déiwen Héichte ware meeschtens net méi befuerbar, stoung weider am Artikel.

E puer User hunn opgrond vum Artikel de Klimawandel a Fro gestallt. "All Klimakleber a Klimaleegner gehéieren zur Verantwortung gezunn", huet zum Beispill e User op der Plattform X geschriwwen an de Bäitrag gedeelt. "1974 gouf et waarme Wanter! Dat BEWEIST dach EENDEITEG, dass de Klimawandel eng LIGEN ass", stoung an engem Posting zu dësem Sujet op der Plattform Reddit. Och op LinkedIn gouf d'Behaaptung verbreet. Se ass och an anere Sprooche wéi Franséisch a Russesch am Ëmlaf.

RTL

© AFP

Notzerinnen an Notzer stellen ëmmer nees d'Existenz vum mënschegemaachte Klimawandel a Fro. Se gesinn d'Ursaach vun der Äerderwiermung beispillsweis an natierlechen Zykle vum Magnéitfeld, a Sonnenzyklen oder sinn der Usiicht, Temperaturverännerunge wäre villméi natierlech Wiederphenomeener. Faktenchecken zum Theema Klima sammelt d'AFP hei.

An Däitschland ginn d'Wanteren am Laf vum Klimawandel ëmmer méi waarm. A Sozialen Netzwierker gëtt awer behaapt, dass e waarme Januardag am Joer 1974 an Däitschland géint déi aktuell Äerderwiermung schwätzt.

Eng AFP-Ufro bei "Die Welt" gouf bis zur Publikatioun vun dësem Artikel net beäntwert. Géintiwwer dem Faktencheck-Team vu "Correctiv" huet e "Welt"-Spriecher awer confirméiert, dass den Artikel echt wär an tatsächlech am Joer 1974 gedréckt gouf.

Héich Temperaturen an Däitschland um Januardag 1974


Den Zeitungsartikel gouf de 14. Januar 1974 verëffentlecht. Inhaltlech hëlt den Text awer Bezuch op den Dag virdrun. Et ass ze liesen, dass d'Temperaturen den 13. Januar 1974 "bei ausgepräägter Fönlag a munchen Alpendäller an am bayresche Flaachland bis op 15 Grad" geklomme waren. "Souguer op der Zugspitze, den héchste Bierg vun Däitschland, gouf déi fir Januar sensationell Temperatur vun null Grad gemooss", heescht et weider.

Vum Däitsche Wiederdéngscht (DWD) housch et den 12. Abrëll 2024 op AFP-Ufro, dass d'Héchsttemperaturen op der Zugspitze den 13. Januar 1974 bei minus 0,5 Grad louch. D'Dagesmëtteltemperatur louch bei minus 4,2 Grad. A Garmisch-Partenkirchen, enger Uertschaft, déi ganz no läit, goufen op dësem Dag Héchstwäerter vu 7,5 Grad gemooss. D'Dagesmëtteltemperatur louch bei 2,2 Grad. Aus Opzeechnunge vum DWD geet ervir, dass de Januar 1974 an Däitschland effektiv vergläichsweis waarm war.

Klimawandel ass reell – a vum Mënsch gemaach


Grondsätzlech gi vergaange waarm Phasen ëmmer nees als Argument géint de mënschegemaachte Klimawandel ugeféiert. Doduerch gëtt suggeréiert, dass den aktuelle Klimawandel haaptsächlech op natierlech Aflëss beroue géif. Eenzel Wäerter widderspriechen awer net der Tatsaach, dass d'Temperature konstant klammen an d'Klima sech wandelt. Aus dem Departement fir Presseaarbecht vum DWD housch et géintiwwer der AFP, dass et "bannent der natierlecher Variabilitéit" vum Klima "ëmmer méiglech" wär, dass och an den 1970er-Jore ganz waarm Januardeeg opgetruede sinn - oder an Zukunft och ganz kal Deeg optriede kënnen. "Just hëlt d'Warscheinlechkeet vu ganz kalen Deel mat der Äerderwiermung grondsätzlech of an déi vun zimmlech waarmen, am Wanter, zou. Dësen Trend ass kloer beluecht."

Sech eenzel vergaangen Evenementer erauszepicken an dann zur Konklusioun ze kommen, dass et dohier haut kee Klimawandel géif, wär "wëssenschaftlech, fir et frëndlech auszedrécken, net ze halen", housch et vum DWD weider. "Fir Trends beleeën oder widderleeën ze kënnen, muss een op d'mannst Mëttelwäerter iwwer 30 Joer betruechten - fir eeben déi natierlech Variabilitéit net ze vergiessen."

RTL

© AFP

Dat confirméiert op Ufro och de Stefan Rahmstorf, Klimafuerscher um Potsdam-Institut für Klimafolgenforschung. Hien huet der AFP den 12. Abrëll 2024 geschriwwen, dass och d'Erwiermung, déi bis elo opgetrueden ass, ugesiichts vun de grousse wiederbedéngte Schwankungen kengesfalls ausschléisse géif, dass et nach méi al Rekorder gëtt, déi bis haut net gebrach goufen. "D'Äerderwiermung bedeit jo kengesfalls, dass ongewéinlech héich Temperature fréier ni virkomm sinn. Se bedeit just, dass dës am Zuch vun der Äerderwiermung vill méi heefeg ginn. Dat ass eng Tatsaach duerch Miessungen", sou den Expert. An Däitschland sinn déi mëttel Temperaturen zënter dem spéiden 19. Joerhonnert schonn ëm 2,0 Grad geklommen.

Eng onzweiwelhaft Miesstatsaach wär och, dass nei Rekorder (also tatsächlech nach ni verzeechent Temperaturen) "immens vill méi heefeg" optrieden. Unhand vun engem eenzele Wiederphenomeen kéint déi mënschegemaacht Klimaerwiermung jiddefalls net widderluecht ginn, bilanzéiert de Rahmstorf: "Se ass eng zënter Joerzéngte geséchert Tatsaach."

Dem Weltklimarot no ass déi global Uewerflächentemperatur zënter 1970 méi séier geklomme wéi an allen anere 50-Jores-Zäitraim vun de leschten 2000 Joer. Änleches geet och aus enger Etüd ervir, déi 2021 an der Fachzäitschrëft "Nature" verëffentlecht gouf.

Fazit: Eenzel héich Temperaturen an der Vergaangenheet si kee Beleeg dofir, dass et d'Äerderwiermung net gëtt. Expertinnen an Experte si sech eens, dass de Klimawandel vum Mënsch gemaach ass.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.