E Bild, dat duerch Kënschtlech Intelligenz hiergestallt gouf, gouf e puer honnert Mol an de Sozialen Netzwierker gedeelt. Fälschlecherweis gouf an de Bäiträg behaapt, d'Bild géif en echte "Risen-Oktopus" un der Küst vu Bali, eng beléift Touristeninsel an Indonesien, weisen.

D'Bild, dat op verschiddene Plaze visuell Onstëmmegkeeten opweist, gouf fir d'éischt op Instagram vun enger Persoun gedeelt, déi sech als Content-Hiersteller vu KI-Biller ausgëtt.

"Risen-Oktopus op Bali, Indonesien fonnt", steet an enger Iwwerschrëft op Tagalog (eng vun den Haaptsproochen an Indonesien, Um. v. d. Red.) vun engem Facebook-Post, deen zënter senger Verëffentlechung de 7. Juni 2024 méi wéi 100 Mol gedeelt gouf. 

En enthält dräi Biller vun eppes, dat wéi eng riseg Kreatur mat Tentakelen un enger Plage ausgesäit.

RTL

E Screenshot vum falsche Facebook-Post.

Identesch Biller goufen och op Facebook an op der Plattform X als reell verbreet; op X goufe se méi wéi 1.000 Mol gedeelt.

Déi falsch Behaaptung gouf vun der US-amerikanescher Faktencheck-Organisatioun Snopes opgedeckt.

E puer Notzer hu Kommentarer hannerlooss, an deene gemengt hunn, dass d'Biller en echten Oktopus weise géifen.

"Grujeleg, mee beandrockend", steet an engem Kommentar. "En ass esou grouss...", huet en anere geschriwwen.

Awer eng ëmgekéiert Billersich op Google huet d'Hierkonft vum Bild erausfonnt. Et gouf vun engem Notzer mam Decknumm "best_of_ai" den 2. Juni 2024 gepost, also e puer Deeg éier d'Bild mat de falsche Behaaptungen an de Sozialen Netzwierker an den Ëmlaf koum (archivéierte Link).

An der Biografie vum Notzer heescht et, d'Leit wären "digital Kreativer", déi sech op "AI Storytelling" mat verschiddene KI-Techniken konzentréiere géifen.

De Bäitrag mat dem risegen Oktopus dréit den Numm "D'Trauer vun abyssalen Titanen" a gouf mat enger Beschreiwung online gesat, wou den Notzer sot, et wär eng fiktiv Geschicht iwwer dës imaginär Kreatur.

Am Video sinn nach néng weider KI-generéiert Biller vun enger änlecher Kreatur ze gesinn, déi vu Mënschen ëmginn ass.

Ënnen ass e Screenshot-Verglach vum gefälschte Bäitrag (lénks) an dem Bild, dat den Instagram-Notzer gedeelt huet (riets):

RTL

E Screenshot-Verglach vun de Fotoen am falsche Bäitrag (lénks) an d'Originalkreatioun vum Notzer op Instagram (riets)

RTL

Screenshot-Verglach vun engem falsche Bäitrag (lénks) an d'Bild, dat op Instagram gedeelt gouf (riets)

De Kont huet ëmmer nees aner KI-generéiert Biller vu risege Mieresdéiere gepost, ënner anerem hei, hei an hei (archivéiert Links hei, hei an hei).

D'Biller vum "Risen-Oktopus" weisen eng Rei Onstëmmegkeeten op, wéi zousätzlech Glidder a Kierper ouni Kapp, wat dorop hindeit, dass se kënschtlech hiergestallt goufen, wéi an der Ofbildung ënnen ervirgehuewen:

RTL

Screenshot vum KI-generéierte Bild, dat op Instagram gedeelt gouf, mat visuellen Onstëmmegkeeten giel markéiert 

D'AFP huet an der Vergaangenheet ëmmer nees Social-Media-Bäiträg opgedeckt, déi KI-generéiert Biller als echt ausginn hunn, zum Beispill hei, hei an hei.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.