TV-Duell tëscht Biden an Trump am Check

Den US-President Joe Biden a säi republikaneschen Erausfuerderer Donald Trump hu sech an der éischter TV-Debatt vum Walkampf 2024 eng hëtzeg Diskussioun geliwwert. D'AFP huet d'Aussoe vu béide Kandidaten zu wichtege Sujeten op hir Richtegkeet iwwerpréift.
Angeeblech "Migrante-Kriminalitéit"
Den Trump huet fälschlecherweis behaapt, dass et ënner dem Biden "keng Grenze méi gëtt". "Opgrond vu senger lächerlecher, wansinneger an immens dommer Politik komme Mënsche bei eis a bréngen eis Biergerinnen a Bierger an engem Ausmooss ëm, wéi mir et nach ni virdrun haten. Mir nennen et 'Migrante-Kriminalitéit'. Ech nennen et 'Biden-Migranten-Kriminalitéit'."
No Kritik un de Rekordzuele vu Grenziwwertrëtt an engem parteiiwwergräifenden Awanderungsgesetz, dat am Kongress gescheitert war, huet de Biden Ufank Juni 2024 eng Direktiv ënnerschriwwen. Doduerch soll d'Grenz fir Persounen, déi Asyl sichen, bis op Weideres zougemaach ginn, soubal eng bestëmmt Unzuel vu Grenziwwertrëtt pro Dag erreecht gëtt.
Der Nicole Hallet no, Direktesch vun engem Berodungsbüro fir d'Rechter vun Immigranten op der juristescher Fakultéit vun der University of Chicago, huet dat zu enger "verschäerfter Grenziwwerwaachung" geféiert. Ofgesi vun e puer Virfäll, déi wéineg Opmierksamkeet kruten - dorënner d'Ermordung vun enger Studentin am Bundesstaat Georgia - géif et "keng Beweiser" fir déi vum Trump beschriwwe Well vu Verbriechen duerch Migranten, sou d'Hallett géintiwwer der AFP. "Et gëtt generell manner Kriminalitéit am ganze Land, obwuel méi Mënschen awanderen", huet si bäigefüügt.
Gewalt- an Eegentumsdelikter sinn den Donnéeë vum FBI aus dem Joer 2022 - dem aktuellste Joer, fir dat Donnéeën disponibel sinn - no op dem niddregste Stand zënter Joerzéngten. "Déi iwwerwältegend Majoritéit vu Gewaltverbrieche gëtt vun US-Biergerinnen a Bierger begaangen", sou den Jeffrey Fagan, Professer op der Columbia Law School. Eng Etüd aus dem Juni 2023 ergouf e Réckgang vun den Inhaftéierungstauxe bei Awanderer aus alle Regiounen zënter 1960.
Aner Ënnersichungen hunn och erginn, dass Migrante manner Gewaltverbrieche begi wéi US-Biergerinnen a Bierger - dorënner e Rapport vum Cato Institute, deen dës Woch verëffentlecht gouf an zum Resultat koum, dass Migranten am Bundesstaat Texas méi seele wéinst Mord verurteelt ginn.
D'Michelle Mittelstadt, Kommunikatiounscheffin vum Migration Policy Institute, sot, et géif och keng Beweiser fir dem Trump seng Behaaptunge an der Debatt, dass Prisonéier a Mënschen aus psychiatreschen Ariichtungen iwwer déi südlech Grenz an d'USA stréime géifen.
Inflatioun als Sënnebock
Souwuel den Trump wéi och de Biden hu versicht, d'Schold fir déi klammend Präisser op d'Wirtschaftspolitik vum jeeweils aneren ze drécken. "Hie verursaacht d'Inflatioun. Ech hunn him e Land iwwerginn, an deem et esou gutt wéi keng Inflatioun gouf", sot den Trump, nodeem hie seng beléiftst, awer falsch Ausso widderholl hat, dass hien de beschten Ekonomiezäitraum an der Geschicht vun den USA ageleet hätt.
De Biden huet gekontert, andeems hie sot, dass den Trump d'Wirtschaft "deziméiert" hätt an et "keng Aarbechtsplaze "gouf, wéi hien d'Amt iwwerholl hat. Béid Kandidaten hunn d'Ëffentlechkeet getäuscht, andeem si d'Auswierkunge vu Covid-19 op d'Ekonomie net ernimmt hunn.
Wéi den Trump säin Amt huet mussen ofginn - eng Zäit, déi vum Virus gepräägt war - louch d'Inflatioun bei ongeféier 1,4 Prozent. D'Aarbechtslosegkeet louch dem Bureau of Labor Statistics no bei ongeféier 6,4 Prozent, wat engem Réckgang vu 14,8 Prozent géint dem Héchststand vum Abrëll 2020, dem Zäitpunkt vum Ausbroch vu Covid-19 an den USA, entsprécht.
D'Inflatioun huet am Abrëll 2021 ugefaangen, nodeems sech d'Land nees opgemaach hat, fir Leit aus der ganzer Welt ze empfänken. Se war ënner dem Biden senger Presidentschaft weider geklommen an hat am Juni 2022 en Héchststand vu ronn 9 Prozent, éier se op den aktuelle Stand vun ongeféier 3 Prozent gefall ass.
Eng Rei Facteuren am Zesummenhang mat der Pandemie hunn zu dësem Trend bäigedroen, dorënner Hëllefspäck ënner dem Trump an dem Biden, eng Versuergungskris an de Krich an der Ukrain.
Neiinterpretatioun vum Stuerm op d'Kapitol
Den Trump huet versicht, d'Schold fir d'Attack op d'US-Kapitol de 6. Januar 2021 - deen zu senger Amtsenthiewung gefouert huet - op déi deemoleg Spriecherin vum Representantenhaus, Nancy Pelosi, ofzewälzen. "Ech hunn hir 10.000 Zaldoten oder d'Nationalgard ugebueden a si huet ofgeleent", huet hie fälschlecherweis behaapt.
Der Pelosi hier Ekipp huet bestridden, dass se eng Offer fir Ënnerstëtzung duerch d'Nationalgard kritt hätt. Dëst wär eréischt geschitt, wéi d'Kapitol vun Trump-Unhänger belagert gouf, déi versicht haten, d'Walresultater vun 2020 ze veränneren.
A Wierklechkeet hätt d'Pelosi emol net d'Moyene gehat, d'Mobiliséierung vun der Nationalgard ofzeleenen, wann den Trump se autoriséiert hätt. D'Nationalgard vum District of Columbia "ënnersteet just dem President", heescht et op der Internetsäit vun der Nationalgard.
Dem Trump seng Behaaptung geet op Äusserunge vum eemolege stellvertriedende Verdeedegungsminister Christopher Miller zeréck, deen engem Reporter sot, hie géif sech erënneren, dass den Trump scho virum 6. Januar 2021 d'Iddi geäussert hätt, dass 10.000 Zaldoten néideg kéinte sinn. De Miller sot spéider awer virum Kongress aus, dass "et keng Uweisung vum President gouf".
De Kommitee vum Representantenhaus, deen d'Attack vum 6. Januar 2021 ënnersicht huet, huet a sengem Ofschlossrapport geschriwwen, dass den Trump "nimools den Asaz vun der Nationalgard ordonéiert huet".
Den Trump och op en Neits drop bestanen, dass "de Bedruch an alles Aneres lächerlech" wär, wat d'Wale vun 2020 betraff huet, déi hie géint de Biden verluer hat - Behaaptungen, déi vu Vertrieder vu béide Parteie widderluecht goufen. Dosende Kloen, déi op eng Annuléierung vun de Walen ofgeziilt haten, ware gescheitert, wärend Ënnersichungen an Neiauszielungen an den ëmkämpfte Bundesstaaten dem Biden seng Victoire bestätegt haten.
Weider Faktenchecke vun der AFP am Zesummenhang mat den US-Walen 2024 sinn hei ze fannen.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
