Inselstaate wéi d'Malediven sinn duerch d'Klamme vum Mieresspigel an hirer Existenz menacéiert. Am Internet sinn awer Behaaptungen am Ëmlaf, dass d'Konsequenze vum Klimawandel fir dëst Land vill ze héich gegraff wären.

Expertinnen an Experten no sinn d'maledivesch Küste vun heefegen Iwwerschwemmungen, staarker Küstenerosioun a klammendem Waasserstand betraff. Dat alles ass op de vum Mënsch gemaache Klimawandel zeréckzeféieren.

"'EXPERTEN' a REALITÉITEN" schreift en Notzer  als Beschreiwung zu dräi Artikelen, déi hien den 30. Juni 2024 op Facebook gepost huet. Dës dräi Artikelen iwwer d'Maledive stamen aus de Joren 1988, 2004 an 2024. Weider huet hien dës kommentéiert: "En Artikel aus dem Joer 1988 iwwer d'Tatsaach, dass et opgrond vun globaler Erwiermung d'Malediven an 30 Joer - also bis 2018 - net méi wäert ginn". Weider housch et: "Vum 27. Juni 2024 - d'Fläch vun de Malediven huet just zougeholl."

An de Kommentarer ënner dem Bäitrag hu vill Notzerinnen an Notzer der Argumentatioun zougestëmmt, dass d'Prognose vum Klimawandel misste falsch gewiescht sinn, well d'Landfläch vun de Malediven dem jéngsten Artikel no méi grouss gi wär. "Ligen a Märercher... bestëmmen d'Liewen op dësem Planéit", huet zum Beispill en Notzer geschriwwen. De Bäitrag ass ausserdeem op de Plattformen X an Telegram am Ëmlaf.

D'Behaaptung mat den dozougehéieregen Artikele gouf och op Englesch, Franséisch a Spuenesch verbreet.

RTL

© AFP

Änlech Behaaptungen iwwer dat südasiatescht Land, dat aus ongeféier 1200 Insele besteet, ware scho viru Joren a Sozialen Netzwierker am Ëmlaf. An de Bäiträg ginn ëmmer nees Etüden a Fuerschungsresultater opgezielt, déi weise sollen, dass d'Landfläch vun de meeschten Insele vun de Malediven onverännert bliwwe wär oder se souguer u Landmass zougeholl hunn.

Experten an Expertinne soten awer, dass dës Resultater d'Auswierkunge vum klammende Mieresspigel net widderleeën. D'Konsequenze vum klammende Mieresspigel ginn op de Malediven zënter op d'mannst 1987 dokumentéiert.

Authenteschen Artikel, ierféierend Schlussfolgerungen

An den aktuell zirkuléierende Bäiträg gëtt en authenteschen AFP-Artikel aus dem Joer 1988 genannt, an deem maledivesch Autoritéite mat der Ausso zitéiert ginn, dass eng "prognostizéiert Hausse vum Mieresspigel vun 20 bis 30 Zentimeter an den nächsten 20 bis 40 Joer fir déi meescht Insele 'katastrophal' si kéint". Aus der Berichterstattung geet awer net ervir, ob d'Ausso vun de malediveschen Autoritéiten op Klimaprojektioune berout huet, huet de Jayantha Obeysekera, Direkter vum Sea Level Solutions Center op der Florida International University, op Ufro vun der AFP den 21. Juni 2024 kommentéiert. "Wat d'Autoritéit sot, war: WANN de Mieresspigel ëm 20 bis 30 cm klëmmt, wär dat katastrophal", huet den Obeysekera preziséiert.

Zënter ville Joren hu wëssenschaftlech Fuerschungen d'Erosiounsprozesser un de maledivesche Küsten dokumentéiert. Den Or Bialik, Geowëssenschaftler op der israeelescher Ben-Gurion-Universitéit zu Beer Sheva, huet géintiwwer der AFP de 26. Juni 2024 confirméiert, dass de vum Mënsch gemaache Klimawandel tatsächlech däitlech spierbar Auswierkungen op d'Malediven huet. "D'Tatsaach, dass de Mieresspigel klëmmt an d'Küsten duerch de klammende Mieresspigel duerch Erosioun an aner mënschlech Aktivitéiten u Sand verléieren, féiert op verschiddenen Insele vun de Malediven zu engem Verloscht u Landfläch", sot de Bialik.

D'Virginie Duvat, Professesch fir Küstegeografie op der Université de La Rochelle a Frankräich an Haaptautrice vun engem Kapitel iwwer kleng Inselstaaten am Bericht vum Weltklimarot vun de Vereenten Natiounen (IPCC), huet dem Orlik zougestëmmt. Der Duvat no bleiwen déi existenzbedroend Risike fir d'Malediven trotz de just lues virugoende Verännerungen an de leschte Joerzéngte bestoen. "Bis haut sinn d'Inselen, déi erodéiert sinn an deenen hir Surface méi kleng ginn ass, immens kleng Inselgebidder - dës Feststellung steet am Aklang mat deem, wat an den aneren Atollen an de leschte Joerzéngte geschitt ass", sot si de 27. Juni 2024 géintiwwer der AFP. D'Duvat huet ausserdeem dorop higewisen, dass d'Inselen ëmmer méi dacks Iwwerschwemmungen ausgesat sinn - och dat eng Konsequenz vum Mënsch gemaache Klimawandel.

Ausserdeem ännert sech de Waasserstand un de maledivesche Küsten opgrond vu Wellen a Gezäite staark, huet d'Duvat betount: "Dat gëllt a besonnesch staarkem Mooss fir d'Malediven, well d'Dynamik vun de Gezäite vum Inselstaat zousätzlech vun de Schwankunge vum Monsun bestëmmt gëtt."

Als Reaktioun op dës Entwécklunge schafft d'maledivesch Regierung mat Hëllef vu lokale Fuerscher a Wëssenschaftler un Noutfall- a Resilienzpläng, fir d'Konsequenze vum Klimawandel méi kleng ze halen. Dozou gehéiert och de Bau vu kënschtlechen Insele wéi Hulhumalé, nordëstlech vun der dicht besidelter Haaptstad Malé. En Deel vum Landgewënn ass deemno kënschtlech kreéiert an net organesch.

Mieresspigel klëmmt ëmmer méi séier 

De Jayantha Obeysekera vum Sea Level Solutions Center huet d'Maledive géintiwwer der AFP als eent vun den am stäerkste vum klammende Mieresspigel bedreete Länner weltwäit beschriwwen. Ongeféier 80 Prozent vum malediveschen Territoire leie manner wéi ee Meter iwwer dem Mieresspigel. "Verständlecherweis maache sech d'Maledive grouss Suergen, hiert Land ze verléieren", sot den Obeysekera.

De Miessunge vum US-Instituts für Ozean- und Athmosphärenforschung (NOAA) no ass de relative Mieresspigel op de Malediven tëscht 1987 an 2018 all Joer ëm duerchschnëttlech 3,39 Millimeter geklommen, wéi déi follgend Grafik weist:

RTL

© AFP

Am sechste Sachstandsbericht vum Weltklimarot heescht et, de mëttlere globale Mieresspigel wär am vergaangene Joerhonnert méi séier wéi an all anerem Joerhonnert an de leschten 3000 Joer geklommen. Géif d'Äerderwiermung net op 1,5 Grad Celsius begrenzt, géif den Erosiounsrisiko vu Küsteregioune souwéi den Iwwerschwemmungsrisiko vu Land no beim Mier, de Verloscht vu Liewensraim an Ekosystem souwéi d'Versalzung vu Grondwaasser klammen. Zu de Gefore vun dëser Hausse vum Mieresspigel huet de Weltklimarot och en Infoblatt erausginn.

An engem Bericht vun 2021 huet den IPCC festgestallt, dass den duerchschnëttlechen Taux vun der globaler Mieresspigelhausse vun 1,3 Millimeter pro Joer tëscht 1901 an 1971 op 1,9 mm tëscht 1971 an 2006 geklommen ass. Tëscht 2006 an 2018 ass den Taux nach eng Kéier op 3,7 mm pro Joer eropgaangen.

D'Auswierkungen op de globale Mieresspigel huet d'AFP an der follgender Grafik duergestallt:

RTL

© AFP

De Weltklimarot huet weider festgehalen, dass de mënschlechen Afloss immens warscheinlech d'Haaptursaach fir déi weltwäit Hausse vum Mieresspigel "zënter op d'mannst 1971" wär.

"Kipppunkt" schonn iwwerschratt

Wëssenschaftlech Etüden hu gewisen, dass déi meescht Atollinsele Gefor lafen, bis Mëtt vum 21. Joerhonnert onbewunnbar ze ginn, well Iwwerschwemmungen d'Infrastruktur an d'Disponibilitéit vu Séisswaasser beanträchtegen.

RTL

© AFP

D'Virginie Duvat, d'Haaptautrice vun dësem IPCC-Kapitel, huet an enger Etüd aus dem Joer 2019 nogewisen, dass sech d'Inselen op de Malediven am Laf vun engem Joerzéngt "an éischter Linn duerch mënschlech Facteure" verännert hunn. "Déi grouss Majoritéit vun de bewunnten a exploitéierten Insele weist haut eng ofgeschwächt bis net méi present Fäegkeet op, op Verännerunge vum Mieresspigel ze reagéieren", sot si.

"Dat bedeit, dass op villen Inselen en anthropogeene Kipppunkt erreecht gouf, well se d'Fäegkeet verluer hunn, sech op natierlech Manéier duerch vertikal Akkretioun un de klammende Mieresspigel unzepassen", huet d'Duvat weider ausgeféiert. "Akkretioun" ass e Phenomeen, bei deem sech Sedimenter usammelen an d'Land op natierlech Manéier ugehuewe gëtt. Dass dëse Kipppunkt op de Malediven erreecht gouf, ass och eng gravéierend Konsequenz vum vum Mënsch ausgeléiste Klimawandel.

D'AFP huet schonn an der Vergaangenheet falsch oder ierféierend Behaaptungen iwwer d'Hausse vum Mieresspigel als Konsequenz vum Klimawandel widderluecht. Sou beweisen dräi historesch Biller vu Rio de Janeiro net, dass de Mieresspigel do d'selwecht bleift. Och zu Venedeg klëmmt en trotz engem kuerzzäitegen Niddregwaasser weider. Aner Bäiträg hu fälschlecherweis behaapt, d'Waasser aus schmëlzenden Äiskappen a Gletschere géif net zur Hausse vum Mieresspigel bäidroen. D'AFP sammelt all d'Faktenchecken zum Sujet Klima hei.

Fazit: Am Internet si Behaaptungen am Ëmlaf, de Mieresspigel un de Küste vun de Malediven géif net esou wéi prognostizéiert klammen. Dës Behaaptunge sinn awer ierféierend. Expertinnen an Experten hunn der AFP erkläert, dass nogewisen ass, de Mieresspigel wéinst dem vum Mënsch gemaache Klimawandel klëmmt, an d'Malediven als déifleienden Inselstaat besonnesch staark vun deem senge Konsequenze wéi Iwwerschwemmungen, staarker Küstenerosioun a klammendem Waasserstand betraff sinn.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.