Notzer vu Sozialen Netzwierker hunn e Bild vun engem rosaen Delfin, dat kënschtlech hiergestallt gouf, mat der falscher Behaaptung gedeelt, dass dat Déier echt an an enger zentralphilippinnescher Provënz entdeckt gi wier.

Experte fir Waasserdéiere soten der AFP, dass dat Bild, dat op Facebook gedeelt a vun enger Persoun, déi sech selwer als KI-Content-Hiersteller beschreift, hiergestallt gouf, mä dës seele Spezies net reell wier.

"Seelene rosa Delfin zu Bohol gesinn", steet an engem Facebook-Post iwwer e Bild, dat den 23. Juni 2024 gedeelt gouf. Hei gëtt sech och op eng Inselprovënz am Zentrum vun de Philippinne bezunn.

D'Bild weist e rosaen Delfin, deen aus dem Waasser spréngt.

Änlech Facebook-Bäiträg vun de Philippinnen hunn d'Bild gedeelt, hunn awer behaapt, d'Déier wär am US-Bundesstaat North Carolina gesi ginn.

RTL

© AFP

D'Bild gouf op de Philippinnen op Facebook méi wéi 3.000 Mol gedeelt, ënner anerem an dëse Posts (hei, hei, hei an hei). Et huet sech och a Bäiträg op Koreanesch, Thai, Malaysesch a Singhaleesesch verbreet.

Verschidde Facebook-Notzer schéngen ze gleewen, dass d'Bild echt ass. "Wow, dat ass esou séiss", kommentéiert een. "Dat ass fantastesch. Si se frëndlech zu Mënschen?", schreift een aneren.

Awer eng ëmgekéiert Billersich op Google huet erausfonnt, dass d'Bild fir d'éischt an engem Facebook-Bäitrag gedeelt gouf, an deem kloergestallt gouf, dass et sech net ëm eng echt Foto handelt.

D'Facebook-Säit "Outer Banks Vibes" huet den 18. Juni 20224 gepost, dass d'Déier virun der Küst vun North Carolina gesi gi war (archivéierte Link).

Allerdéngs gouf de Bäitrag, dee méi wéi 74.000 Mol gedeelt gouf, spéider aktualiséiert, fir ze confirméieren, dass d'Bild "mat KI erstallt" gouf.

RTL

© AFP

D'Facebook-Säit huet änlech Biller gepost, déi e "onglécklechen Delfin" weisen, deen angeeblech op enger Plage an North Carolina ugespullt gouf, vun deenen och behaapt gouf, dass se mat KI hiergestallt goufen (archivéierte Link).

Onrealistesch 

Mieresagencë soten, dass dëst seelent Déier weeder zu Bohol nach an North Carolina gesi gouf.

"Zu Bohol goufe keng rosa Delfine gesinn", sot de Johann Tejada, Mieresbiolog beim philippinnesche Bureau of Fisheries and Aquatic Resources, der AFP.

Den Tejada sot, d'Bild, dat op Facebook am Ëmlaf ass, wär "offensichtlech beaarbecht oder manipuléiert" an hätt "kee wierkleche rosa Delfin" gewisen.

Eng Spriecherin vun der North Carolina Division of Marine Fisheries sot der AFP: "Et gëtt keng bestätegt Siichtunge vu rosa Delfinen an de Gewässer vun North Carolina."

Et gëtt zwou Zorte vu rosa Delfinen - den Amazonas-Delfin an den Indo-Pazifik-Buckeldelfin -, déi allebéid vum Ausstierwe bedrot sinn, sou déi brittesch Wueltätegkeetsorganisatioun Whale and Dolphin Conservation (archivéierte Link).

Den Amazonas-Delfin, deen an de Waasserweeër vum südamerikanesche Reebësch wunnt, huet eng ausgepräägt laang Schnuff a gëtt mat zouhuelendem Alter rosa oder rosa-gro (archivéierte Link).

Den Indo-Pazifik-Buckeldelfin, deen um chineesesch Festland, op Taiwan an zu Hongkong virkënnt, kann eng gro Faarf bis hin zu enger wäisser oder hellrosaer Faarf hunn (archivéierte Link).

RTL

© AFP

Den AA Yaptinchay, Direkter vu Marine Wildlife Watch Philippines, sot, d'Behaaptung wär "falsch", well den Delfin op dem Bild keng vu béiden Zorte realistesch duerstellt.

"D'Déier op dem Bild ass warscheinlech en Delfin vun der Zort Albino-Fläschennues, deen éischter rosa wéi wäiss ass, wéi en eigentlech sollt sinn". sot hien der AFP.

D'AFP huet an der Vergaangenheet ëmmer nees Bäiträg a Sozialen Netzwierker opgedeckt, an deenen KI-generéiert Biller vun Déieren als echt ausgi goufen, dorënner de Risenoktopus an en Elefant, deen op Beem klëmmt.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.