En Attentat den US-Presidentschaftskandidat Donald Trump den 13. Juni 2024 (Lokalzäit) huet eng Rëtsch Falschmeldungen ausgeléist.

A Sozialen Netzwierker war d'Foto vun engem Mann am Ëmlaf, vun deem behaapt gouf, e géif Mark Violets heeschen an hätt d'Attentat ausgeféiert. Dat ass awer falsch. Den FBI huet de wierklechen Attentäter identifizéiert, deen no der Attack vu Sécherheetsleit erschoss gouf. Beim Mann op der Foto handelt et sech ëm den italieenesche Sportjournalist Marco Violi, dee sech vun der Attack distanzéiert.

"Den #Trump-Attentäter ass als Antifa-Extremist Mark Violets identifizéiert ginn", huet e Facebook-Notzer de 14. Juli 2024 kuerz no der Attack geschriwwen. Als Zousaz huet hien d'Foto vun engem Mann mat schwaarzem Pullover, Sonnebrëll a schwaarzer Mutz, deen d'Äerm virun der Broscht verschränkt huet, gedeelt. En anere Facebook-Notzer, deen d'Foto och gedeelt huet, huet bäigefüügt: "Meldungen no huet hie virun der Attack e Video mam Titel 'D'Gerechtegkeet koum' op YouTube eropgelueden".

Och op Threads, Instagram an Telegram gouf d'Foto e puermol gedeelt. D'Behaaptung war och op Englesch, Franséisch, Persesch, Spuenesch an Indoneesesch am Ëmlaf.

RTL

© AFP

Wärend enger Walkampfveranstaltung an der Stad Butler am US-Bundesstaat Pennsylvania den 13. Juli 2024 koum et zu engem Attentat op de republikanesche Presidentschaftskandidat Donald Trump. Et goufen e puer Schëss ofginn, een dovun huet den Trump um Ouer blesséiert. E Visiteur vun der Walkampfveranstaltung gouf déidlech getraff, zwou weider Persoune schwéier blesséiert. De presuméierten Täter ass Informatioune vum Bezierksparquet nach op der Plaz gestuerwen. D'AFP huet déi wichtegst Ereegnesser zesummegefaasst.

An de Stonnen no no dem Attentat waren eng Rëtsch Spekulatiounen iwwer d'Identitéit vum Täter den Tour gemaach. Wéi et schéngt, hätt déi amerikanesch Police de Sniper als "Antifa-Member Mark Violets" identifizéiert. Dës Behaaptunge sinn awer falsch.

"Antifa-Extremist Mark Violets" existéiert net

Mat der Hëllef vun enger erweiderter Internetsich, Hiweiser an enger Rei Publikatiounen an ëmgekéierte Billersichen huet d'AFP erausfonnt, dass et sech bei dem Mann op de gedeelte Fotoen ëm de Marco Violi handelt. Den Italieener, dee sech op Instagram als Journalist beschreift, bedreift e Sportblogg. Op sengem Kont Roma Giallorossa TV ass hien a Videoen ze gesinn, an deenen hie sech mat dem italieenesche Futtballveräin AS Roum beschäftegt.

RTL

© AFP

Den Numm vum angeeblechen Attentäter, Mark Violets, ass eng Ofwandlung vum Numm Marco Violi, deen op engem italieeneschsproochegen X-Kont zeréckzegoe schéngt, dee sech zënter dem 14. Juli 2024 domat bretzt, "bal e Biergerkrich an Amerika ausgeléist" ze hunn. Bäiträg op Englesch gräifen dës Indikatiounen op.

Op sengem Instagram-Profil huet de Marco Violi eng Rëtsch Statements zu den Uschëllegunge verëffentlecht a bezeechent se als "Desinformatiounen". Dora bestätegt hien, dass hien de Mann mat Sonnebrëll a schwaarzer Kleedung op de Fotoe wär. Mee all Verwécklung an d'Trump-Attentat weist de Violi vu sech: "Ech streide kategoresch of, dass ech an dës Situatioun involvéiert sinn". Senger Ausso no gouf hien an der Nuecht duerch eng Partie Messagen op X an Instagram erwächt, déi hie komplett onpreparéiert getraff hunn. "Ech befanne mech an Italien, ech sinn zu Roum an ech hat net déi geréngst Anung, wat geschitt war, hätt ech et net op Sky TG24 an Italien gesinn".

Dem Violi no gouf d'Desinformatioun vun "enger Grupp Hater" an d'Welt gesat, déi hien zënter 2018 am Viséier hunn an och viru Stalking net zeréckschrecke géifen. Hien nennt zwee Konten als Ursprong vun der Behaaptung.

"Vu dass ech zënter 2006 Journalist sinn, weess ech ganz gutt, dass een all Quellen iwwerpréiwe muss, éier een en angeeblecht Monster op d'Titelsäit knuppt", füügt de Violi bäi a freet uschléissend drëm, a Rou gelooss ze ginn. E Geriichtsverfare kéim no.

RTL

© AFP

De Marco Violi ass net déi éischt Kéier Zilscheif vun esou Falschinformatiounen. No der Attack vu Kongsberg an Norwegen 2021 housch et fälschlech, de "Marek Al-Viol" oder de "Markus Volingberg" wär den Täter gewiescht. Schonn deemools waren änlech Screenshots aus engem Video vum Violi am Ëmlaf.

Och aner Persoune gi bei Uschléi ëmmer nees fälschlech als Täter genannt. Den Numm vun engem däitsche YouTuber gouf och zu "Rainer Winklarson" ëmfunktionéiert, fir hie fir d'Attack vu Kongsberg responsabel ze maachen, wéi d'AFP iwwerpréift hat. Ausserdeem gëtt et e Meme ronderëm de "Sam Hyde", dee fälschlech mat Schéissereien zu Nashville a Colorado Springs a Verbindung bruecht gi war.

Täter identifizéiert, seet den FBI

Der Ausso vum US-amerikanesche Geheimdéngscht no huet et sech beim tatsächlechen Täter ëm den Thomas Matthew Crooks gehandelt, en 20-järge Mann aus Bethel Park am Bundesstaat Pennsylvania, deen nach op der Plaz vu Sécherheetsleit erschoss gouf.

No der Attack op den Donald Trump waren eng Rei weider Falschmeldungen am Ëmlaf. Notzerinnen an Notzer hunn eng manipuléiert Foto gedeelt, op där e laachende Sécherheetsmann de blesséierten Trump vun der Bün geféiert huet, e manipuléiert Bild, dass en Aschosslach am Trump sengem Paltong weist, souwéi eng Rëtsch Falschbehaaptungen iwwer d'Identitéit vum angeebleche Sniper, déi d'AFP iwwerpréift huet.

Fazit: En Attentat op den Donald Trump huet eng Partie Spekulatiounen iwwer d'Identitéit vum Täter ausgeléist. Eng Foto vun engem Italieener war mat der falscher Behaaptung a Sozialen Netzwierker am Ëmlaf, dass hien den Täter wär. Dat war awer falsch.

De Violi war eegener Ausso no zum Zäitpunkt vun der Dot an Italien a gesäit sech als Affer vun enger Diffamatiounscampagne. FBI-Informatiounen no huet et sech beim wierklechen Täter ëm den 20-järegen Thomas Matthew Crooks aus Pennsylvania gehandelt, deen am Kader vun der Attack vu Sécherheetsleit erschoss gouf.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.