Den Donald Trump gouf just ee Mol getraff

Den 13. Juli 2024 gouf de republikanesche Presidentschaftskandidat Donald Trump bei engem Walkampfoptrëtt a Pennsylvania ugeschoss. Hie gouf dobäi vun engem Sträifschoss um rietsen Ouer blesséiert. Am Internet huet sech awer déi falsch Behaaptung verbreet, hie wär och un der Broscht getraff ginn.
D'Behaaptung baséiert sech op eng Foto, op där Notzer mengen, e Lach ze erkennen. Dat presuméiert Lach ass allerdéngs just eng Fal am Paltong vun enger Persouneschützerin virun him.
Op enger Foto ass ze gesinn, wéi den Trump Sekonnen no de Schëss op hien d'Hand an d'Luucht streckt. Säi riets Ouer a säi Bak si bluttverschmiert. Internetnotzer hu sech awer op en aneren Detail vun der Opnam konzentréiert, dee mat engem giele Krees ervirgehuewen ass. Markéiert ass do en donkele Fleck, dee si als Aschosslach interpretéieren: "Hie krut an d'Broscht geschoss!"
User a Userinnen hunn d'Behaaptung op enger Rei Plattforme verbreet. Op Facebook, Threads, Telegram an X ass d'Bild am Ëmlaf. Dat a verschiddene Sprooche wéi Englesch, Franséisch, Spuenesch, Polnesch, Chineesesch oder Koreanesch.

© AFP
D'Attentat op de republikanesche Presidentschaftskandidat Donald Trump ass den 13. Juli 2024 wärend enger Walkampfmanifestatioun zu Butler am US-Bundesstaat Pennsylvania passéiert. Et waren e puer Schëss gefall. Ee Visiteur vun der Manifestatioun gouf dobäi déidlech getraff, zwou weider Persoune schwéier blesséiert. De presuméierten Täter ass, den Informatioune vun den Autoritéiten no, nach op der Plaz ëmkomm.

© AFP
Den Donald Trump gouf vun engem Schoss um Ouer blesséiert. Hie gouf allerdéngs net un der Broscht getraff, wéi d'Bäiträg a Sozialen Netzwierker behaapten.
E Pli an enger Jackett
D'Foto, déi online gedeelt gëtt, weist a schlechter Opléisung en donkele Fleck, dee User fir en Aschosslach um Trump sengem Uewerkierper halen.
Eng ëmgekéiert Billersich weist awer, dass et sech just ëm Falen an enger Jackett handelt. Dat ass op der Originalfoto (hei archivéiert), déi den Evan Vucci vun der US-Norichtenagence Associated Press gemaach huet, ze erkennen. Un der Schëller gehäit e Paltong vun enger Secret-Service-Agentin e Pli, wärend si de fréiere President vun der Bün evakuéiert. De Pli an der Jackett vun der Fra ass ënnen a besserer Opléisung ze gesinn:

© AFP
De Fotograf Evan Vucci huet op sengem X-Account ausserdeem nach weider Opname vun der Zeen verëffentlecht. Dorop ass keen Aschosslach am Trump senger Jackett ze erkennen.
Biller, déi d'Rebecca Droke fir d'AFP aus engem méi héije Wénkel geschoss huet, confirméiert zousätzlech, dass de Paltong vum Trump ganz blouf.
Trump beschreift Verletzung um Ouer
Domat konform huet sech och den Trump selwer zum Attentat geäussert. An der Publikatioun op der Plattform Truth Social (hei archivéiert) huet hie geschriwwen: "Ech gouf vun enger Kugel getraff, déi den ieweschten Deel vu mengem rietsen Ouer duerchschloen huet. Ech wosst direkt, dass eppes net gestëmmt huet, well ech en zischend Geräisch héieren hunn, an ech hunn direkt gespiert, wéi d'Kugel sech duerch d'Haut gebuert huet." Hien erwäänt an dësem Message just eng Kugel a keng Touche un der Broscht.
Dat passt och zu Videoopname vum Attentat. Op dësen héiert ee Schëss an et gesäit een, wéi den Trump sech un d'Ouer faasst. Seng Broscht wierkt onverletzt.
Ob den Trump zum Zäitpunkt vum Attentat eng kugelsécher West unhat, wollt de Secret Service op AFP-Ufro net soen. En huet op déi lafend Enquête zu der Schéisserei verwisen.
Zum Attentat op den Donald Trump hu sech am Internet eng Rei Falschinformatioune verbreet. D'AFP huet an der Vergaangenheet schonn e puer Faktenchecken iwwer d'Walen an den USA verëffentlecht.
Fazit: Den Donald Trump gouf vun engem Sträifschoss um rietsen Ouer getraff. Hie gouf net un der Broscht blesséiert. D'Falschinformatioun berout op enger Foto, op där d'Jackett vun enger Persouneschützerin ze gesinn ass. Internetnotzer hunn de Pli fälschlecherweis als Aschosslach interpretéiert.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
