Bäiträg stellen Etüd iwwer Korallen a waarme Gewässer falsch duer

Trotz der Besuergnes iwwer d'Auswierkunge vu méi héijen Temperaturen op d'Liewen am Mier, argumentéiere Bäiträg a Sozialen Netzwierker, Koralle géifen Hëtzt gutt verkraaften a géife sech op natierlech Manéier klimateschen Extreemer upassen. Dat ass awer ierféierend. Déi zitéiert Resultater bezéie sech op bestëmmt Korallenzorten a Regiounen.
An ee vun den Auteure sot, dass d'Behaaptungen den ëmfaassenden Impakt vun thermeschem Stress op Ekosystemer, Riffer abegraff, net beuechten.
"Ech hu versicht, de Leit ze soen, dass Koralle waarmt Waasser gär hunn an dass d'Bleechen an dann nei hëtzttolerant Symbionten einfach d'Aart a Weis ass, wéi sech Korallen u méi waarme Gewässer upassen. An hei kënnt d'Wëssenschaft". Sou heescht et an engem Bäitrag vum 7. Juni 2024 op der Plattform X, deen op d'Berichterstattung iwwer eng rezent Etüd iwwer Mieresbiodiversitéit ënner extreemen Ëmweltkonditioune verweist (hei an hei archivéiert).
D'Behaaptung gouf och op anere Plazen an englescher an italieenescher Sprooch verbreet.

© AFP
Dëst Joer huet d'Äerd déi véiert Kéier erlieft, wéi d'Korallen op dem ganze Planéit verbleecht sinn (hei archivéiert) - dat ass déi zweet Kéier bannent dësem Joerzéngt. E Phenomeen, dat Wëssenschaftleren no duerch déi vum Mënsch ausgeléist global Erwiermung verstäerkt gëtt (hei archivéiert).
"Viraussoe vu Klimamodeller fir Koralleriffer deiten zënter Joren drophin, dass den Impakt vun der Bleech mat zouhuelender Erwiermung vun den Ozeaner méi heefeg a méi staark ginn", sot d'Jennifer Koss, Direktesch vum Coral Reef Conservation Program vun der National Oceanic and Atmospheric Administration, an engem Statement am Abrëll.
D'Bäiträg sinn awer déi neist an enger Rei vu Behaaptungen, déi d'Auswierkunge vun der Ozeanerwiermung op d'Gesondheet vun de Koralle falsch duerstellen. Dës Kéier geet et ëm eng Etüd iwwer Mieresséien an der indoneesescher Regioun Raja Ampat (hei, hei an hei archivéiert).
D'Ko-Autorin vun der Etüd, d'Adriana Alzate (hei archivéiert), sot der AFP den 18. Juli, dass d'Duerstellung vu "bléiende Koralle" bei méi héijen Temperaturen d'Theema ze staark vereinfache géif an "de signifikante Biodiversitéitsverloscht an d'ekologesch Verännerungen, déi an den Ekosystemer vu Koralleriffer weltwäit optrieden, falsch duerstellt".
Korallen a Mieresséie sinn gréisstendeels massiv, submassiv a verkrust Zorten (hei archivéiert), well se noweislech méi widderstandsfäeg géint géint extreem Wiederkonditioune sinn (hei archivéiert).
Diversitéit steet um Spill
D'Regioun, déi an der Etüd ënnersicht gëtt, ass Deel vum Korallendräieck, engem globalen Hotspot fir d'Aartevillfalt, an deem méi wéi 600 riffbildend Korallenzorte liewen - wat ongeféier 75 Prozent vun allen Zorten, déi der Wëssenschaft bekannt sinn, duerstellt - an 3.000 Zorte vu Rifffësch, sou d'Exploratiounsekipp vun der amerikanescher National Oceanic and Atmospheric Administration Ocean (hei an hei archivéiert).
Am Géigesaz dozou gëtt an de Karibesche Mierer just 65 bis 75 riffbildend Korallenzorten (hei archivéiert).

© AFP
D'Erwiermung betrëfft Ozeaner duerch d'Hausse vum Mieresspigel opgrond vun der thermescher Ausdeenung, Ozeanversauerung a Korallebleech, an de Korallendräieck ass keen Onbekannte fir esou Auswierkungen.
Wëssenschaftler haten am Virfeld vun enger Korallekrankheet, d'Bleech abegraff, an der Regioun Raja Ampat bericht (hei archivéiert).
D'Etüd vun 2024 ergouf, dass Mieresséie bei méi waarme Konditioune (bis zur 31 Grad Celsius) 37 Zorte vu Steekoralle hebergéieren.
"Dat si just 7 Prozent vun der regionaler Villfalt a bedeit, dass 93 Prozent vun de Korallenzorten an dëse waarme Gewässer verluer ginn", sot d'Alzate vun der Wageningen University.
Doriwwer eraus stellen d'Bäiträg falsch duer, wat d'Upassung fir d'Ekosystemer vun den Ozeaner bedeit.
"Koralle passe sech net einfach dem méi waarme Waasser un, andeem se bleech ginn an nei Symbionte kréien", sot si. All méiglech Upassung hänkt vun enger Villzuel vu geneeteschen an Ëmweltfacteuren of.
"D'Upassung a Korallen oder iergendengem Organismus bezitt sech op e Prozess op Populatiounsniveau, net op eppes, dat am Laf vum Liewe vun engem eenzelen Individuum passéiere kann. Et geet net drëms, dass sech eenzel Korallen direkt un nei Konditiounen upassen", sot d'Alzate.
"Wärend d'Etüd suggeréiert, dass e puer Korallen d'Potenzial hunn, sech u méi héich Temperaturen unzepassen, ass dëst e laangwierege Prozess a geet net op d'onmëttelbar a gravéierend Bedroung an, deene Korallen haut ausgesat sinn."
Séiert Ophëtzen
D'Ozeaner erwierme sech rasant, wouduerch dat empfindlecht Gläichgewiicht vun allen Ënnerwaasserekosystemer gestéiert gëtt.
NASA-Wëssenschaftler schätzen, dass 90 Prozent vun der globaler Erwiermung an den Ozeaner stattfënnt, well Waasser Wäermt absorbéiert, déi duerch mënschlech Kuelestoffemissioune produzéiert gëtt (hei archivéiert).
Riffer bestinn zënter Joerdausenden, mee Fuerscher ënnersichen ëmmer méi d'Auswierkunge vu séieren, widderhuelenden an intensive Bleechen op Ekosystemer.
Dem Terry Hughes no, e prominente Korallefuerscher an Direkter vum Australian Research Council Centre of Excellence for Coral Reef Studies (hei archivéiert), geet et drëms, ze ënnerscheeden, wéi sech "den Aartemix, deen un oder an der Géigend vu Riffer virkënnt, a leschter Zäit verännert huet" (hei archivéiert).
Den Intergouvernementale Kommitee vun de Vereenten Natioune fir Klimaverännerunge (IPCC) seet: "Eng weider Verschlechterung vun de Riffer opgrond vum zukünftege Klimawandel schéngt elo onvermeidbar, mat gravéierende Konsequenze fir aner Ekosystemer am Mier an un de Küsten" (hei archivéiert).
Méi iwwer Artikele vun der AFP iwwer Desinformatioun zum Sujet Klima fannt Dir hei.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
