Falsche Bréif léist Diskussiounen iwwer Doud vum US-President Jimmy Carter aus

En US-Senator an d'New York Post hunn eng Hellewull u Social-Media-Posts gesammelt, an deene behaapt gëtt, den Jimmy Carter wär den 23. Juli 2024 gestuerwen, nodeem en angeebleche Bréif aus dem Büro vum eemolege President am Internet verbreet gi war.
E Spriecher vum Carter huet awer confirméiert, dass de virale Communiqué falsch wär, an de Bäitrag op X, deen de Bréif fir d'éischt gepost hat, en "Experiment, fir ze gesinn, wéi liichtgleeweg Mënschen op sensationell Noriichte sinn" genannt.
"BREAKING NEWS: De President Jimmy Carter ass haut de Moie gestuerwen. Säi Büro a seng Famill hunn dëse Statement verëffentlecht", huet déi rietsextreem Aktivistin Laura Loomer, déi virun enger Zäit vun der AFP wéinst Feelinformatiounen iwwerpréift gi war, an engem antëscht geläschte Bäitrag op X gemellt.

© AFP
Änlech Bäiträg hunn d'Plattform X iwwerschwemmt, sou staark, dass "Jimmy Carter" op der Internetsäit an der Kategorie "Trends" opgedaucht war. D'Behaaptung war och op anere Plattforme wéi Threads am Ëmlaf.
Ënner anerem de republikaneschen US-Senator Mike Lee hat de Bäitrag kuerzzäiteg gedeelt an dem Demokrat aus Georgia kondoléiert, éier hie säi Bäitrag nees geläscht huet, wéi US-Medieconfirméiert hunn.
D'New York Post hat tëschenzäitlech an der Headline stoen: "Fréiere President Jimmy Carter am Alter vun 99 Joer gestuerwen".
De Carter ass zënter méi wéi engem Joer an engem Fleegeheem. Mat 99 Joer ass hien den am längste liewende President an der US-Geschicht, hien huet d'Land vun 1977 bis 1981 regéiert.
Mee d'Berichter, deenen no hien den 23. Juli 2024 verstuerwe wär, sinn awer falsch.
"Et gëtt keng Ännerung u sengem Gesondheetszoustand", sot de Matthew De Galan, Pressespriecher vun der Famill Carter a Vizepresident fir Kommunikatioun vum gemengnëtzege Carter Center.
Den De Galan huet an enger E-Mail vum 23. Juli bäigefüügt, dass de Bréif, dee sech am Internet verbreet huet, "eng Fälschung" wär.
De Statement géif eng Hiweiser enthalen, déi opfälleg wieren, dorënner Tippfeeler an zwee erfonnt Zitater.
Den zweete Paragraf lëscht "de Verkaf vun den USA u Panama", "eng méi duuss [Politik] mat der Sowjetunioun" an "déi gescheitert Rettung vu Geiselen aus dem Iran" op, déi zum Carter senge "bedeitendsten aussepoliteschen Errongenschaften" ziele géifen. De véierte Paragraf mécht béiswëlleg sexuell Bemierkungen iwwer déi eemoleg First-Ladyen Rosalynn Carter an Nancy Reagan.
Den trafiquéierte Bréif schéngt vun engem X-Notzer mam Numm "Boccacio" ze stamen. Wann een op d'Bild klickt, liest een an der Beschreiwung: "De President Carter lieft nach a befënnt sech an engem Fleegeheem. Dat war en Experiment, fir ze gesinn, wéi liichtgleeweg Mënschen op sensationell Norichte reagéieren."

© AFP
An den uschléissende Bäiträg an Äntwerten un aner Notzer huet de Boccaccio op d'Bildbeschreiwung verwisen a sot, hie wär "deejéinegen, deen d'Graf gemaach huet".
"Villmools Merci Iech alleguer, déi dorop eragefall sinn. Virun allem, fir mir Recht ze ginn: D'Leit liese just d'Schlagzeilen", sot hien.
D'Laura Loomer an anerer, déi hir Bäiträg geläscht hunn, hu mëttlerweil Korrekture virgeholl.
"Et schéngt, dass de Bréif, an deem den Jimmy Carter verstuerwen ass, gefälscht ass", huet si den 23. Juli geschriwwen. "Firwat sollt een e Bréif fabrizéieren, an deem steet, dass e President gestuerwen ass?"
D'AFP huet nach véier aner Desinformatiounen iwwer d'US-Politik opgedeckt.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
