A Schoule si Kucheverkeef e beléift Mëttel, fir Geld fir Klassen ze sammelen. Bäiträg, an deene behaapt gëtt, dass d'Europäesch Unioun eng nei TVA op selwergebakte Kuchen aféiert, si falsch. Dës baséieren op enger Feelinterpretatioun vun däitsche Medienartikelen iwwer Ännerunge vum däitsche Steierrecht.

Zënter Mëtt Juni 2024 goufen a polnesche Medien (zum Beispill hei, hei an hei) an a Sozialen Netzwierker op Facebook, X, Tiktok an Telegram Bäiträg publizéiert, an deene behaapt gouf, dass beim Kaf vu Kuchen op Schoulmanifestatiounen eng nei TVA ze bezuele wär.

D'EU-kritesch Deputéiert Konrad Berkowicz a Witold Tumanowicz (hei an hei) souwéi d'euroskeptesch PiS-Deputéiert Anna Dabrowska-Banaszek (hei) hunn déi falsch Behaaptungen och gedeelt.

"D'Europäesch Unioun féiert ëmstridde Virschrëfte fir d'Baken doheem an, déi Ufank 2025 a Kraaft triede wäerten. D'nei Virschrëfte wäerte sech massiv op Schoulen, Spillschoulen an aner Ariichtungen auswierken, wou Kuchen ugebuede ginn. De Verkaf vu selwergemaache Bakwueren an ëffentlechen Ariichtunge wéi Schoulen a Spillschoule wäert vun der TVA betraff sinn", huet d'Dabrowska-Banaszek geschriwwen.

D'Behaaptung huet eng Well vun negative Kommentarer iwwer d'EU ausgeléist. A verschiddene Bäiträg gouf den Austrëtt vu Polen aus der EU gefuerdert. Eng Notzerin huet op X geschriwwen, et wär "eng absurd Reglementéierung, déi Traditiounen a Benevolat ugräift. Gëtt et nach een Aspekt vum Liewen, deen d'EU net regléiere wëll?"

Et gëtt awer keng esou EU-Richtlinn, déi d'Memberstaaten dozou verflicht, eng TVA op selwergebak Kuchen ze erhiewen, och net, wa se a Schoule verkaf ginn. Dëst confirméiere souwuel polnesch wéi och däitsch Steierrechtsexperten a Fonctionnairë vun der Europäescher Kommissioun zu Warschau géintiwwer der AFP.

RTL

© AFP

Ursprong vun der falscher Behaaptung

Déi éischt Falschmeldung a polnescher Sprooch, déi d'AFP fanne konnt, gouf den 13. Juni 2024 op der Internetsäit Kancelaria Lega Artis mat dem Titel "Kuchesteier kënnt: Nei EU-Direktiv trëtt geschwënn a Kraaft" publizéiert. Eng Internetsäit mat Norichte fir an Däitschland liewend Polinnen a Polen - polskiobserwator.de - huet och en Artikel zu dësem Sujet publizéiert.

Bei Kancelaria Lega Artis handelt et sech ëm eng Internetsäit, déi vun der AFP schonn e puermol als Quell fir EU-feindlech Desinformatioun identifizéiert gouf (zum Beispill hei, hei, hei, hei oder hei).

En zweeten Artikel gouf de 4. Juli 2024 publizéiert - dësen ass vum Inhalt hier bal identesch, huet awer en aneren Titel. "D'Europäesch Unioun huet decidéiert, nei Reegele fir de Verkaf vu selwergemaache Bakwueren anzeféieren, déi ab Ufank 2025 a Kraaft trieden. Zil vun dëser neier TVA-Direktiv ass et, privat Entreprisë virun der Konkurrenz vun ëffentlechen Ariichtunge wéi Schoulen oder Spillschoulen ze schützen, déi bis elo keng Steieren op de Verkaf vu Kuch hu musse bezuelen. Obwuel d'Aféierung vum Gesetzestext ursprénglech fir 2023 geplangt war, gouf decidéiert, se ze verréckelen, fir eng Upassung un déi nei Reegelen ze erméiglechen", heescht et an dësem Artikel.

An de polneschen Artikele gëtt e Bäitrag op der däitscher Internetsäit Chip.de ernimmt - eng Websäit, déi op Norichten aus dem IT-Secteur spezialiséiert ass. Den däitschen Artikel vum Patrick Hannemann ass den 10. Juni 2024 ënner dem Titel "Wegen einer EU-Regelung: Darum gibt es bald eine Kuchensteuer" (Lëtz.:"Wéinst enger EU-Reegel: Dofir gëtt et geschwënn eng Kuchesteier"). Dësen urspréngleche Publikatiounsdatum ass mat engem Rietsklick ënner der Funktioun "Säitequell uweisen" ze fannen. Den Artikel gouf de 24. Juni 2024 aktualiséiert an ass weiderhin ënner dem Titel "Kuchesteier vun der EU: Dës Reegel kéint ab 2024 an Däitschland gräifen" ze fannen.

RTL

© AFP

Bäiträg op der Plattform X an däitscher Sprooch (hei an hei) vum 11. an 12. Juni 2024 weisen, dass den Originalartikel vun Chip.de scho virum Artikel op Legaartis.pl publizéiert gi war.

RTL

© AFP

Steierrechtsännerungen an Däitschland

Däitsche Steierrechtsexperten no wär d'Feelinterpretatioun op eng méiglech bevirstoend Ännerung vum däitsche Recht zeréckzeféieren.

Den Andreas Erdbrügger, Affekot bei der Kanzlei Flick Gocke Schaumburg zu Berlin a Léierbeoptraagten op der  Freien Universität Berlin, huet betount, dass "dat alles mat dem däitschen Ëmsazsteiergesetz (UStG) zesummenhänkt, besonnesch mat dem verschäerfte §2b UStG. "Schoulen a Spillschoule mat engem Joresëmsaz vu bis zu 45.000 Euro goufe bis elo vum EU-Kompetitiounsrecht ausgeholl, huet hien erkläert. No dem neie Recht (§2b UStG) a jee no Ausleeën duerch déi zoustänneg Finanzverwaltung entfält dës Grenz elo.

§2b UStG wär tatsächlech eng Verschäerfung, déi 2015/2016 ageféiert gouf an eng grousszügeg Iwwergangsfrist hat, déi eigentlech 2021 auslafe sollt (gereegelt a §27). Allerdéngs wär d'Frist schonn zwee Mol verlängert ginn, fir d'éischt bis 2023 an elo bis 2025. Elo gouf se duerch d'Joressteiergesetz eng drëtt Kéier bis 2027 verlängert, wéi aus dem Beschloss vun der däitscher Bundesregierung vum 5. Juni 2024 ervirgeet.

"Wann et ab 2027 beim strikten Ausleeë vum TVA-Gesetz bleiwe sollt, misste Schoulen/Spillschoulen also ab dësem Moment TVA op Kucheverkeef bezuelen." Et ass wichteg ze beuechten, dass "d'Besteierung vu Kucheverkeef just fir d'Verkeef u staatleche Schoule gëllt, awer net beispillsweis fir Verkeef duerch Fërderveräiner an der Schoul", sot den Erdbrügger den 13. Juli 2024 der AFP um Telefon.

Op Ufro vun der AFP huet e Spriecher vum däitsche Finanzministère an enger E-Mail vum 11. Juli 2024 erkläert, dass "op Kucheverkeef, déi vun Eenzelen oder enger Grupp vun Elteren oder Schüler a Maison-relaisen oder Schoulen duerchgeféiert ginn, déi allgemeng TVA-rechtlech Grondsätz ze applizéiere [sinn]".

"Am Reegelfall wäert selwergebake Kuch, deen Elteren/Schüler z.B. op Schoulfester fir d'Klassekeess verkafen, weiderhin net der TVA-Besteierung ënnerleien. D'Entscheedung a steierlechen Eenzelfäll ënnerläit, dem Steierrecht no, de Finanzautoritéite vun de Länner", huet de Spriecher weider matgedeelt.

Eng Stéchwierdersich no de Begrëffer "Kuch Steier an der Schoul" ergouf Dosende vun Artikelen an däitsche Medie (z.B. hei, hei oder hei) souwéi Kommentarer vu Politikerinnen a Politiker. Et konnt och e Communiqué vun der EU vum 19. Mee 2022 an e Communiqué vum Finanzministère vum Bundesland Baden-Württemberg fonnt ginn.

Dat gëllt awer net fir Polen an ass keen "neit" TVA-Gesetz.

D'Verschäerfung vum däitsche Recht duerch §2b UStG huet - anescht wéi a Medieberichter erkläert - näischt mat der EU-Reegelung ze dinn (déi gëtt et schonn iwwer 40 Joer).

D'Internetsäit vu RadioZet huet déi zwee Artikele vu Legaartis.pl an Chip.de zitéiert. Och Tysol.pl, Fronda.pl, Nczas.info und Warszawawpigulce.pl hunn iwwer déi angeeblech nei Steier bericht. Just RadioZet huet den Artikel erëm vu senger Websäit geholl, wéi sech erausgestallt huet, dass et sech ëm eng Feelinformatioun gehandelt huet.

D'AFP huet dës Artikelen un d'Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun a Polen geschéckt, mat der Fro, ob selwergemaach Bakwueren tatsächlech an der gesamter EU an domat och a Polen besteiert wäerte ginn. "D'Kommissioun huet keng Ännerungen un der TVA-Richtlinn a Bezuch op déi an den Artikele genannt Punkte proposéiert", huet de Piotr Wolski, Chef vum Departement Presse vun der Europäescher Kommissioun a Polen, den 11. Juli 2024 an enger E-Mail un d'AFP geäntwert.

Steier op Kuche weeder a Polen nach generell an der EU virgesinn

D'Falschinformatioune wäre "komplette Quatsch", sot de Krzysztof Komorniczak, polnesche Steierberoder an Dozent fir Steierrecht op der SGH Warsaw School of Economics an der Universitéit Warschau, géintiwwer der AFP den 11. Juli 2024. "Et gëtt keng däraarteg Richtlinn an et gëtt och keng Pläng, esou Virschrëften a Polen oder an der EU anzeféieren", sot hien an engem Telefonsgespréich.

De Robert Nogacki, Grënner a geschäftsféierenden Associé vun der Etude Skarbiec, huet an enger E-Mail un d'AFP vum 12. Juli 2024 och confirméiert, dass hie "keng Gesetzesentwërf am Land oder EU-Direktiven iwwer d'Aféierung vun esou enger Steier a Polen fonnt" hätt. "Iergendeen huet eng däitsch 'Schlagzeil' opgegraff, de Gesamtproblem vun der TVA op d'Aktivitéite vun ëffentlechen Ariichtungen falsch iwwersat oder mëssverstanen an doriwwer a Polen geschriwwen, woubäi hien dat schmassegt Theema vun de selwergemaache Bakwueren a Schoule benotzt huet."

De Kucheverkaf duerch Kanner oder hir Famillje gëtt net als Verstouss géint d'polnesch Ausleeë vum der europäeschen TVA-Gesetz ugesinn. E Verstouss géif just da virleien, wann d'Schoul Bakwueren an engem Tempo hierstelle géif, déi d'Bäckerei an der Ëmgéigend gefäerde kéint.

D'Ewelina Skwierczyńska, Steierexpertin an Dozentin op der Universitéit Breslau (poln. Wroclaw), huet och drop higewisen, dass et sech ëm eng "falsch Informatioun" handele géif. "Am Géigendeel, de polnesche Legislateur huet eng besonnesch Preferenz ageféiert", andeem en eng "järlech Fräigrenz vu bis zu 200.000 PLN (Zloty)" fir de Verkaf vu Séisswueren am klenge Moossstaf decidéiert huet, huet si de 15. Juli an enger E-Mail un d'AFP geschriwwen. "Dës Tätegkeeten ënnerleien net automatesch der TVA".

Fazit: D'Aféierung vun enger Steier duerch d'EU op selwergebak Kuchen ass net virgesinn. Däraarteg falsch Behaaptunge baséieren op enger Feelinterpretatioun vun däitsche Medienartikelen iwwer Ännerungen am däitsche Steierrecht.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.