Sonnecrèmë sinn trotz Opnam an de Bluttkreeslaf ongeféierlech

Dermatologe betounen, wéi wichteg d'Areiwe mat Sonnecrème géint Sonnebrand, fréizäiteg Alterung vun der Haut an Hautkriibs ass. Am Juni a Juli 2024 gouf a Bäiträg a Sozialen Netzwierker dogéint d'Falschbehaaptung verbreet, Sonnecrème wär geféierlech.
Dobäi gouf e Video gedeelt, an deem en Dokter suggeréiert huet, d'Crème wär eng Gefor fir d'Gesondheet, well se an de Bluttkreeslaf andrénge géif. Expertinnen an Experten hunn der AFP awer erkläert, dass verschidden Inhaltsstoffer zwar onbedenklech wären a méi no erfuerscht misste ginn, Sonnecrème awer ongeféierlech wär. Fachleit hunn ausserdeem op mineralesch Sonnecrèmen higewisen, wou keng schiedlech Chemikalien dra sinn.
"Prof. Dr. Spitz - Fangeren ewech vu Sonnemëllech!" heescht et a Bäiträg, déi géint Enn Juni 2024 op Telegram, X a Facebook opgedaucht waren. Ausserdeem hunn Notzer e Video vun enger Minutt vum däitschen Dokter Jörg Spitz gedeelt, engem selwerernannte Preventiounsexpert an Auteur vu Bicher iwwer Preventiv- an Ernierungsmedezinn, Vitaminn D an Omega-3-Fettsaieren. Den Dokter Spitz mécht och immens vill Reklamm fir säi Business mat Narungsergänzungsmëttelen.
An dësem Video seet de Spitz, amplaz op Sonnecrème ze vertrauen, déi an de Bluttkreeslaf komme kann, sollte sech Mënsche mat Kleedung géint d'Sonn schützen. Hie behaapt, alles, wat op d'Haut opgedroe géif, géif dës och absorbéieren. Ausserdeem weist hien op Chemikalien a Sonneschutzmëttelen hin, déi e potenzielle Risiko bei héijer Sonnenastralung duerstelle géifen, well onbekannt Stoffer entstoe géifen, "deenen hir Eegenschafte mir net kennen".
D'Behaaptung ass och op Rumänesch am Ëmlaf. Se ass awer ierféierend.

© AFP
Video staamt vun engem längere Virtrag
D'AFP huet erausfonnt, dass de Video en Extrait vun enger Presentatioun vum Spitz iwwer Vitaminn D ass, déi de 27. Februar 2018 op YouTube publizéiert a vum Spitz bei enger Veranstaltung vun enger Firma fir Narungsergänzungsmëttele mat Sëtz an Éisträich ofgehale gouf. Den Extrait weist déi 20. Folie vu senger Presentatioun.Virun dem Extrait, deen am ierféierende Video benotzt gouf, schwätzt de Spitz a sengem Virtrag iwwer d'Produktioun vu Vitaminn D a recommandéiert Kleedung amplaz vu Sonnecrème, wann ee sech méi laang an der Sonn ophält.
D'däitsch Internetsäit Medwatch.de, déi sech op Noriichte ronderëm Gesondheet a Medezin fokusséiert, huet e groussen Artikel iwwer de Spitz geschriwwen (hei archivéiert). Deemno ass hien e Spezialist fir Nuklearmedezin, Auteur a selwerernannte Preventiounsexpert. Vitaminn D ass e Sujet, deen a senger Aarbecht ëmmer nees opdaucht an zu deem hie scho fënnef Bicher verfaasst huet. Ausserdeem huet hien en Netz un Internetsäiten, dorënner d'Akademie für menschliche Medizin (AMM), déi nieft ganzheetlecher Gesondheet Reklamm fir Vitaminn D an aner Narungsergänzungsmëttele mécht.
Trotz hirer informativer Fassad ass d'Internetsäit AMM och en Onlineshop fir Vitaminn D a weider, dacks deier Narungsergänzungsmëttelen. Medwatch.no gouf de Shop wéinst angeeblech ierféierenden gesondheetbezunnenen Informatiounen op senge Produite vum Verbraucherschutz kritiséiert.
Aus sengem Liewenslaf geet ervir, dass de Spitz no sengem Studium als Chefdokter fir Nuklearmedezin am Städtischen Krankenhaus zu Wiesbaden an als Professer fir Nuklearmedezin op der Universitéit Mainz geschafft huet.
De Spitz hat schonn am Virfeld änlech Usiichten iwwer Sonnecrèmë geäussert a fir "natierlech" an net-cheemesch Sonneschutzmëttele plädéiert.
Sonnecrème ass net "geféierlech"
Sonnecrème ass e Produit, deen d'Haut viru schiedlecher ultravioletter Stralung (UV-Stralung) vun der Sonn schütze soll. Dobäi absorbéiert, reflektéiert oder street si d'Stralen a verhënnert esou, dass dës an d'Haut andréngen. "D'Niewewierkunge vun ongeschützter Sonnenastralung si bekannt: Sonnebrand, Bildung vu Falen, Entwécklung vun Hautkriibs", huet den Henry Lim, Dermatolog an eemolege President vun der Amerikanescher Akademie fir Dermatologie a vun der Amerikanescher Vereenegung vun den Dermatologen géintiwwer der AFP den 8. Juli 2024 erkläert.Aktivitéiten am Fräie "sollte mat engem räsonabele Sonneschutz verbonne ginn", huet de Lim betount. Hie recommandéiert, Sonnecrème mat engem Sonneschutzfaktor (SPF) vun 30 oder méi héich op all Kierperdeel opzedroen, déi der Sonn ausgesat sinn.
Sonnecrème ze benotze gëtt vun Dermatologen an Dermatologinne souwéi vun Autoritéiten a Gesondheetsorganisatioune weltwäit recommandéiert, dorënner d'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO), d'amerikanesch Centers for Disease Control and Prevention, die U.S. Food and Drug Administration (FDA), denEuropäesche Zenter fir Prävention a Kontroll vu Krankheeten, de britteschen National Health Service, d'kanadesch Dermatology Association oder och den australesche Cancer Council.

© AFP
D'Amerikanesch Akademie fir Dermatologie (AAD) recommandéiert och "jidderengem", onofhängeg vum Alter, vum Geschlecht oder der Hautfaarf, Sonnecrème mat op d'mannst SPF 30 ze notzen, déi 97 Prozent vun der UVB-Strale vun der Sonn ofschiermt. Fir dobausse geschützt ze bleiwen, sollt Sonnecrème all zwou Stonnen an direkt nom Schwammen oder Schweessen nei opgedroe ginn, erkläert d'AAD.
Dobäi ginn et zwou Zorte vu Sonnecrèmen: cheemescher a mineralescher. Cheemesch Sonnecrème enthält organesch Verbindungen, déi UV-Stralung absorbéieren, an Hëtzt ëmwandelen an dës vun der Haut ofginn.
Mineralesch Sonnecrèmen, och bekannt als physesch Sonnecrèmen, notzen natierlech Mineralie wéi Zinkoxid oder Titaniumdioxid, déi sech op d'Haut leeën a wéi eng physesch Barrière funktionéieren, déi d'UV-Stralung reflektéiert a vun der Haut ewech street.
An de leschte Jore goufen eng Rei cheemesch Inhaltsstoffer vu Sonnecrèmë wéinst wuessende Bedenken hisiichtlech hirer Sécherheet verstäerkt iwwerpréift. Notzerinnen an Notzer vu Sozialen Netzwierker sinn nach méi wäit gaangen an hu behaapt, Sonnecrème géif Kriibs ausléisen oder wär gesondheetsschiedlech, wat d'AFP an der Vergaangenheet scho widderluecht huet.
"Wärend et eng Rei Bedenken hisiichtlech der Sécherheet vu bestëmmten Inhaltsstoffer vu Sonnecrème gëtt, iwwerweien d'Virdeeler vu Sonnecrème hisiichtlech dem Verhënnere vun Hautschiedegungen an Hautkriibs duerch UV-Stralen bei wäitem déi potenziell Risiken", hunn d'Anne Chapas an d'Pooja Rambhia, zertifiéiert Dermatologinnen a Membere vun der AAD, géintiwwer der AFP an enger E-Mail vum 10. Juli 2024 erkläert. De wëssenschaftleche Konsens géif d'Benotze vu Sonnecrème als eng effektiv Moossnam, fir Hautkriibs virzebeugen, ënnerstëtzen.
Sonnecrème trotz Ophuelen a Bluttkreeslaf recommandéiert
Am Mee 2019 huet d'US-Medikamentenagence FDA d'Resultater vun enger virleefeger Etüd publizéiert, déi dorop hindeiten, dass bestëmmt, heefeg a Sonnecrèmë benotzt Chemikalien a méi héijem Mooss wéi bis elo ugeholl an de Bluttkreeslaf opgeholl kéinte ginn. D'FDA huet zwar kloergestallt, dass d'Opnam eleng net dorop hindeite géif, dass dës Inhaltsstoffer onsécher wären, huet awer weider Untersuchunge gefuerdert, fir méiglech Laangzäitschied ze bewäerten.D'Dermatologinne Chapas a Rambhia hunn erkläert, et wär eng kontrolléiert Etüd gewiescht, bei där eng standardiséiert Quantitéit Sonneschutzmëttel (2 mg/cm2 op 75 Prozent vun der Kierperfläch) a festgeluechten Intervallen opgedroen an déi deeglech Plasmakonzentratioune vun den Inhaltsstoffer am Blutt a Banneraim gemooss goufen. Si hunn dorop higewisen, dass d'Tester vun der Etüd zwar konsistent wären, dobäi awer keng reell Konditiounen dobausse wéi Hëtzt a Fiichtegkeet berécksiichtegt goufen. "Et ass wichteg, ze beuechten, dass déi meescht Mënsche keng esou grouss Quantitéite Sonneschutzmëttelen op sou grouss Kierperuewerflächen opdroen", hu si erkläert. "Etüden hu gewisen, dass Mënschen an der Reegel vill manner [Sonnecrème] wéi den internationale Standard benotzen."
D'FDA hat am selwechte Joer, awer e puer Méint méi fréi, nei Virschrëfte virgeschloen, fir sécherzestellen, dass Sonneschutzmëttele sécher a wierksam sinn. Dës haten dora bestanen, dass d'Benotze vun Aminobenzoesaier (PABA) a Trolaminsalicylat ënnersot gouf.
"Si hu souwuel eng systematesch Opnam vun dëse Stoffer festgestallt wéi och negativ Effekter duerch dës Opnam. Dohier war d'Benotzen dovunner als potenziell Inhaltsstoffer net gerechtfäerdegt", huet den Anthony Rossi géintiwwer der AFP den 9. Juli 2024 erkläert. De Rossi ass Dermatolog an Assistenzdokter am Momerial Sloan Kettering Cancer Center an am New York Presbyterian Hospital souwéi Assistenzdokter um Weill Cornell Medical College zu New York City.
Am Januar 2020 hat d'FDA eng weiderféierend Etüdpublizéiert, déi méi ëmfaassend Donnéeën an Ablécker liwwere sollt, wéi sech dës Chemikalien mat der Zäit am Kierper verhalen. D'FDA huet festgestallt, dass all sechs ënnersicht Inhaltsstoffer schonn no eemolegem Benotzen an de Bluttkreeslaf opgeholl goufen. Eemol opgeholl, konnte se der Etüd no ausserdeem iwwer e längeren Zäitraum am Kierper verbleiwen.
D'US-Agence huet awer kloergestallt, dass d'Resultater vun der Etüd net bedeiten, dass ee vun de getesten Inhaltsstoffer onsécher wär, wann ee sech mat Sonnecrème aschmiere géif, an dass d'Agence och keng weider Informatiounen ufuerdere géif. D'FDA huet zousätzlech Sécherheetsdonnéeë fir zwielef Wierkstoffer ugefuerdert, fir deenen hir Opnam a laangfristeg Auswierkungen ze verstoen, well déi aktuell Donnéeën net duergaange wären, fir sécher Absorbéierungsniveauen ze bestëmmen, housch et. An der Tëschenzäit huet d'Agence "nodréiglech" dozou geroden, weiderhi Sonnecrème a Kombinatioun mat anere Sonneschutzmoossnamen ze notzen.
"Et soll méi Reklamm fir d'Benotze vu Sonneschutzmëttele gemaach ginn, well mir wëssen, dass ongeschützt UV-Belaaschtung Hautkriibs ervirruffe kann, Melanomen abegraff", huet de Rossi erkläert. "Wie sech Suergen iwwer endokrinn Stéierunge mécht, ka physikalesch (mineralesch) Sonneschutzmëttele benotzen - Titandioxid an Zinkoxid."
"Wärend déi aktuell Donnéeën d'systematescht Ophuele vu cheemesche Sonneschutzfiltere beleeën, gëtt et bis haut keng Donnéeën, déi d'Gefäerdung vun der mënschlecher Gesondheet weisen", hunn d'Chapas an d'Rambhia erkläert an hu bäigefüügt, dass weider Sécherheetsdonnéeën néideg wären, fir déi klinesch Bedeitung vun der Opnam ze bestëmmen.
Et "sollt beuecht ginn, dass Sonneschutzmëttelen zënter de spéiden 1970er-Jore benotzt ginn", huet de Lim erkläert. "Et si keng bannenzeg Niewewierkunge schlësseg nogewise ginn."
D'Chapas an d'Rambhia hu bäigefüügt: "Och wann et Bedenken hisiichtlech der Sécherheet vu bestëmmten Inhaltsstoffer gëtt, iwwerweien d'Virdeeler vun der Notzung vu Sonneschutzmëttelen, fir UV-bedéngten Hautschied an Hautkriibs virzebeugen, bei wäitem de potenzielle Risiken." Wie sech fir physikalesch Sonneschutzmëttele wéi Zinkoxid oder Titandioxid entscheede géif, ëmgéing d'Bedenken hisiichtlech de mangelnde Sécherheetsdonnéeën iwwer cheemesch Sonnecrèmen a géif seng Haut schützen, sou d'Dermatologinnen. Jidderee "sollt weiderhin deeglech Sonneschutzmëttele benotzen, fir de Risiko vun UV-bedéngte Malignitéiten ze verréngeren."
"Et leien aussokräfteg wëssenschaftlech Donnéeë vir, déi beleeën, dass dat reegelméisseg Benotze vu Sonneschutzmëttelen de Risiko souwuel vu Melanome wéi och vun Net-Melanome vun der Haut verréngert", hu si weider erkläert. Si hunn ofschléissend constatéiert, dass cheemesch Sonneschutzmëttelen de Kriibsrisiko fir de Mënsch erhéijen.
Kleedung ass besser, geet awer net duer
De Spitz recommandéiert am Videoextrait, deen online am Ëmlaf ass, sech mat Textilien amplaz mat Sonnecrème ze schützen.Just e puer Etüden hu sech mat Sonneschutzkleedung als UV-Blocker auserneegesat, wéi an engem Fachartikel erkläert gëtt. Op der Grondlag vun den disponibelen Donnéeën ass ee sech awer am Allgemengen eens, dass dës Zort Kleedung d'Quantitéit un UV-Stralung, déi d'Haut erreecht, wierksam reduzéiert. Se gëtt unhand vu Skale wéi UPF (Ultraviolet Protection Factor) oder GPF (Garment Protection Factor) bewäert. En UPF-Wäert vu 15, 30 oder 50+ bedeit beispillsweis, dass d'Kleedung 93,3 Prozent, 96,7 Prozent oder 98 Prozent vun den UV-Stralen ofhält.
"UPF-Kleedung schützt konsistent, ouni dass se nei opgedroe muss ginn, anescht wéi Sonneschutzmëttelen, bei deenen dat all 90 bis 120 Minutten oder nom Schwammen oder Schweessen de Fall ass", hunn d'Chapas an d'Rambhia erkläert. "Doriwwer eraus ëmgeet UPF-Kleedung d'Bedenken, dass bestëmmt cheemesch Inhaltsstoffer vu Sonneschutzmëttele systematesch opgeholl ginn."
"Textilie sinn hëllefräich, wa se eng donkel Faarf an en dicht Weebmuster hunn", sot de Rossi. En typesche wäissen T-Shirt géif awer keen héije Schutz bedeiten, firwat sech keen ausschliisslech dorop verloosse sollt. Sonneschutzkleedung wär gutt fir de Schutz vun der Haut, sot hien, "awer just do, wou se se tatsächlech bedeckt".

© AFP
D'Chapas an d'Rambhia hunn zougestëmmt, dass Kleedung "just begrenzt an der Lag ass, all Zentimeter vu fräileiender Haut ze bedecken", wéi zum Beispill d'Gesiicht, d'Oueren, d'Hänn oder d'Féiss, "a just an deene Beräicher wierksam ass, déi bedeckt sinn". Dowéinst sollten UPF-Textilien "a Kombinatioun mat Sonneschutzmëttele fir all exponéiert Hautplaze benotzt ginn, fir de Schutz virun UV-Stralung ze maximiséieren."
Hautkriibs, besonnesch solar Kerastosen, "trieden am heefegsten u Kierperdeeler op, déi der Sonn ausgesat sinn (dohier den Numm): Gesiicht, Kapp, Hals, Ouerläppchen oder Handréck", schreift déi serbesch Dermatologin Ivana Dunić op dem Portal "We choose life", dee Kriibspatientinnen a -patienten ënnerstëtze soll.
Eng Etüd aus dem Joer 2022, an där verglach gouf, wéi gutt véier nei Stoffaarten an zwee gängeg Sonneschutzmëttele virun UV-Strale schützen, huet ënnerstrach, dass "Kleedung als Pilier vum UV-Schutz betruecht sollt ginn". Sonneschutzmëttele wären awer nach ëmmer eng wichteg Moossnam fir den UV-Schutz, "besonnesch op Kierperdeeler wéi dem Gesiicht an den Hänn, wou Kleedung onpraktesch si kann". D'Etüd kënnt zur Konklusioun, dass an Zukunft "déi wierksaamst am am wäitste verbreet Strategië warscheinlech souwuel Sonneschutzkleedung wéi och Sonnecrèmen ëmfaasse wäerten."
2022 goufe weltwäit méi wéi 1,5 Milliounen nei Fäll vun Hautkriibs diagnostizéiert, mat bal 330.000 Fäll vu Melanomen - der geféierlechster Zort vun Hautkriibs - a bal 60.000 Doudesfäll, schreift déi International Agence fir Kriibsfuerschung (IARC) op hirer Internetsäit.
Am Joer 2020 kruten ongeféier 23.650 Mënschen an Däitschland a malignen Melanom, wéi den Zentrum für Krebsregisterdaten vum Robert-Koch-Institut matdeelt. 2.940 Mënsche sinn deemno am selwechte Joer um maligne Melanom gestuerwen.
Fazit: Zwar gouf an den Etüden nogewisen, dass e puer Inhaltsstoffer vu Sonnecrèmen an de Bluttkreeslaf opgeholl ginn - dat beleet awer net d'Behaaptung, dass Sonneschutzmëttele geféierlech fir d'Gesondheet sinn. Fir e Kriibsrisiko vu Sonnecrèmë gëtt et bis elo keng schlësseg Beweiser. Kleedung ass ausserdeem e sënnvolle Sonneschutz, allerdéngs recommandéieren Expertinnen an Experten eng Kombinatioun mat Sonneschutzmëttelen.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
