Video weist keng Demonstratioun vu Chrëschten no olympescher Erëffnungszeremonie

Nodeem d'Erëffnungsfeier vun den Olympesche Spiller 2024 zu Paräis fir Opreegung gesuergt hat, gouf a Sozialen Netzwierker e Video gedeelt, dee wuel gleeweg Chrëschte weist, déi géint d'Spiller demonstréieren. Deem war awer net esou.
D'Opname goufen am franséische Lourdes wärend enger kathoulescher Himmelfaartsfeier am Joer 2022 gemaach.
"Franséisch Chrëschten hunn haut den Owend géint d'Verspottung vu Jesus Christus an dem leschten "Abendmahl" wärend der Erëffnungszeremonie vun den Olympesche Spiller", heescht et an engem Bäitrag vum 28. Juli 2024 op der Plattform X, deen Dausende vu Mënsche weist, déi Käerzen droen an "d'Hymn vu Lourdes" (Onbefleckt Maria) sangen.

© AFP
Änlech Bäiträg sinn och nach op anere Plazen op der Plattform X am Ëmlaf, zum Beispill an arabescher, franséischer a portugisescher Sprooch.
Offizieller haten d'Olympesch Spiller de 26. Juli mat enger Parad op der Seine, wéi et se nach ni virdru gouf, opgemaach. Awer déi divers Besetzung an d'Presenz, déi Fraen an LGBTQ-Performere gi gouf, huet Kritik vun enger Rei Konservativen ervirbruecht, déi d'Zeremonie als "woke" bezeechent hunn - wat zu enger Well u Feelinformatiounen am Internet geféiert huet.
D'Géigereaktioun huet sech virun allem op e Live-Portrait mat Dänzer, Dragqueens an engem DJ konzentréiert, deen esou poséiert huet, dass verschidde Leit gemengt hunn, dass dobäi dat lescht "Abendmahl" duergestallt gi wär.
De Regisseur Thomas Jolly huet ofgestridden, sech vun der chrëschtlecher Ikonografie inspiréiert gelooss ze hunn, an d'Spriecherin vu Paräis 2024, d'Anne Descamps, sot den 28. Juli 2024 géintiwwer Journalisten: "Offensichtlech gouf et ni d'Absicht, respektlos géintiwwer enger reliéiser Grupp ze sinn... Wa Leit sech ugegraff gefillt hunn, deet eis dat natierlech immens leed."
An trotzdeem hunn eng Rëtsch kathoulesch Gruppen a franséisch Bëscheef dës Zeen verurteelt, wat si als "Zeene vun Derisioun a Verspottung vum Chrëschtentum" ugesinn.
De Video, deen am Internet gedeelt gouf, huet awer näischt mat der Erëffnungsfeier ze dinn. Ausserdeem huet d'AFP keng Beweiser fir gréisser Demonstratiounen no der Opféierung fonnt.
Bei ëmgekéierte Biller- a Stéchwierdersiche sinn eng Rei Bäiträg opgedaucht, déi de selwechte Video gedeelt hunn, dorënner e Bäitrag vum offiziellen X-Kont vun der Wallfaartskierch Notre Dame de Lourdes vum 14. August 2022 (hei archivéiert).
An der Beschreiwung steet op Franséisch: Schéine Léiffrawëschdag Iech all. Mir biede mat alle Katholicken op der Welt. D'Jongfra Maria soll an Ären Häerzer schéngen."

© AFP
E franséischen Artikel vum 15. August 2022 enthält och e Screenshot vum Video (hei archivéiert). D'Iwwerschrëft ass: "Lourdes. Dausende Pilger feieren d'Himmelfaart."
All Joer feiert d'Stad Lourdes an den Hautes-Pyrénées d'Himmelfaart, e chrëschtlecht Fest fir d'Himmelfaart vun der Jongfra Maria, der Mamm vum Jesus Christus.
Méi AFP-Artikelen iwwer Feelinformatiounen iwwer d'Olympesch Spiller 2024 sinn hei ze fannen.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
