Bei den Olympesche Spiller zu Paräis konnt ee mat Boergeld bezuelen

Visiteure vun den Olympesche Spiller koumen net nëmme wéinst de Wettkämpf op Paräis - och fir ze iessen oder fir ze shoppen. A Sozialen Netzwierker gëtt behaapt, datt et wärend der Olympiad an der Stad net méiglech gewiescht wier, mat Boergeld ze bezuelen. D'Organisateure vun de Kompetitiounen ernimme Boergeld awer ausdrécklech als Bezuelmëttel. Ausserdeem reegelt e franséischt Gesetz d'Bezuele mat Boergeld am Land.
"Frënn vu Paräis soen, dass Paräis eidel ass", huet e Facebook-Notzer de 7. August 2024 geschriwwen. "Wat d'Leit och verdriwwen huet, ass d'Tatsaach, dass d'Olympesch Spiller zu 100 Prozent ouni Boergeld sinn an all d'Produkter an Déngschtleeschtungen iwwer QR-Coden ofgewéckelt goufen". Och op der Plattform X souwéi op Englesch a Chineesesch ass d'Behaaptung am Ëmlaf.

© AFP
Dës Ausso ass awer falsch.
Vum 26. Juli bis den 11. August 2024 goufen d'Olympesch Spiller zu Paräis organiséiert a vum 28. August bis den 8. September sinn et d'Paralympesch Spiller. Op der offizieller Internetsäit vun der dësjäreger Kompetitioun sinn d'Bezuelmëttel opgelëscht, déi op den Eventplazen akzeptéiert ginn. Do heescht et, "dass op den olympeschen a paralympesche Kompetitiounsplazen just Visa-Produite souwéi Debit-, Kredit- oder mobil Bezuelmëttel souwéi Boergeld akzeptéiert ginn, fir Iessen a Gedrénks ze bezuelen"(hei archivéiert).
A Frankräich ass et ausserdeem gesetzlech virgeschriwwen, dass Boergeld beim Bezuelen a Butteker oder Restauranten akzeptéiert muss ginn (hei archivéiert). Verweigert beispillsweis e Commerçant Boergeld vun engem Client / enger Cliente, kann hien der Internetsäit vun der franséischer Regierung no eng Amende vun 150 Euro kréien (hei archivéiert). Auslännesch Wärung oder Billjeeën a Mënz an engem schlechten Zoustand dierften awer refuséiert ginn.
QR-Code virun a wärend der Erëffnungsfeier néideg
D'Erëffnungszeremonie vun den Olympesche Spiller de 26. Juli 2024 huet net just an de Stadien, mee och op de Plazen am Zentrum vu Paräis wéi dem Eiffeltuerm an op der Seine stattfonnt. E puer Deeg virun der Feier an den Dag vun der Erëffnungszeremonie hunn op de Plaze vun der Zeremonie méi héich Sécherheetsbestëmmunge gegollt an et goufe sougenannt Anti-Terror-Zonen ageriicht. Fir Zougang zu dëse Plazen ze hunn, huet e Pass mat engem QR-Code missen ugefuerdert ginn (hei archivéiert). Spectateure mat Tickete fir dës Feier, hunn dëse Pass net gebraucht.D'Bäiträg an de Sozialen Netzwierker stellen en Zesummenhang tëschent der angeeblech ausschliisslecher Bezuelmethod ouni Boergeld an dem wéinege Flux vu Visiteuren an de Stroosse vu Paräis hier. Tatsächlech waren e puer Stroosse kuerz virum Ufank vun de Spiller zimmlech eidel. Gastronomen hu sech iwwer d'Ausbleiwe vu Gäscht beschwéiert, wéi Medie gemellt haten. De Grond war awer net, dass kee Boergeld akzeptéiert gi wär. Vill éischter huet zum Beispill e Restaurantsbesëtzer géintiwwer dem Sender Fanceinfo vermutt, et hätt un de Stroossespäre fir d'Erëffnungsfeier geleeën, déi a verschiddenen Deeler vun der Stad, beispillsweis laanscht d'Seine, stattfonnt huet.
Fazit: Visiteure vun den Olympesche Spiller zu Paräis konnten u Stänn op den Eventplaze souwéi an de Restauranten a Butteker vun der Stad mat Boergeld bezuelen. D'Bezuele mat Boergeld ass a Frankräich gesetzlech geschützt. De Public vun de Spiller huet de QR-Codë just fir den Zougang zu verschiddene Plaze gebraucht.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
