Enn September 2024 war den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj fir en diplomatesche Besuch zu Washington - um Enn vun dësem krut d'Ukrain d'Zouso vun den USA, dass weider militäresch Hëllefen an Héicht vun 8 Milliarden US-Dollar geliwwert gi wäerten. Kuerz drop huet sech am Internet d'Falschbehaaptung verbreet, de Selenskyj hätt e Mercedes kaf, deen eng Kéier dem Adolf Hitler gehéiert hätt. Eng Foto sollt dës Behaaptung ënnermaueren.

Dobäi handelt et sech awer ëm eng Fotomontage. D'Behaaptung ass eng vu villen, déi de prorusseschen Narrativ stäipe sollen, dass ukrainesch Fonctionnairen Nazie wären.

"Selenskyj huet dem Hitler säi Parade-Mercedes kaf... fir 15 Mio. Dollar", heescht et an engem Bäitrag an engem Telegram-Kanal vum 9. Oktober 2024. Nieft dëser Behaaptung beinhalt de Post e Bild vun engem Mercedes virum Presidentepalais vun der Ukrain souwéi eng Internetsäit mam Numm "Seattle Tribune", déi als vermeintlech Quell fungéiert. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj wär dem Bäitrag no mat engem Mercedes-Benz 770K zu Kiew gesi ginn, "engem eemolege Parade-Won vum Adolf Hitler".

D'Behaaptung gouf och op Facebook an der Plattform X verbreet. An de Bäiträg gëtt en Zesummenhang zum Selenskyj sengem Besuch zu Washington Enn September 2024 hiergestallt, bei deem den US-President Joe Biden der Ukrain en Hëllefspak vu bal 8 Milliarden Dollar zousot. D'Bäiträg suggeréieren, de Selenskyj géif d'finanziell Hëllefe vu westleche Länner net fir d'Verdeedegung vu sengem Land géint Russland benotzen, mee hätt sech dovun de Mercedes kaf.

An e puer Bäitrag gëtt ausserdeem e Video gedeelt, an deem Opname vun engem ale Mercedes, dem Adolf Hitler an dem Selenskyj ze gesi sinn. Bei Minutt 0:54 gëtt e Screenshot vun engem angeeblechen Telegram-Post ageblent, deen anscheinend vum Kanal "Voynareal" staamt. Doran ass och d'Foto vum ale Mercedes virum Presidentepalais op der Bankowa-Strooss zu Kiew enthalen.

D'Behaaptung gouf och op anere Sprooche wéi Bulgaresch, Englesch, Franséisch, Polnesch, Russesch an Ungaresch gedeelt. 

RTL

© AFP

D'Foto, déi souwuel eenzel wéi och an dem gedeelte Video als angeebleche Beweis virkënnt, ass awer net echt. Ausserdeem gëtt et keng verlässlech Quellen oder Beweiser, déi den angeeblechen Autokaf beleeën. An engem Facebook-Bäitrag vum ukraineschen Zenter fir d'Bekämpfung vun Desinformatioun vum 8. Oktober 2024 huet d'Institutioun, déi zum Nationale Sécherheets- a Verdeedegungsrot vum Land gehéiert, d'Behaaptung zeréckgewisen a se als "falsch" bezeechent (hei archivéiert).

Oldtimer aus Fotomontage steet a Kalifornien

Obwuel et keng Spuer vun der angeeblecher Publikatioun um ukraineschen Telegram-Kanal "Voynareal" gëtt, huet eng ëmgekéiert Billersich vun der Foto zu den zwee Biller, déi fir d'Montage benotzt goufen, geféiert.

D'Bild, dat am Hannergrond, also den ukrainesche Presidentepalais weist, ass an der Billerdatebank Adobe Stock ze fannen (hei archivéiert). D'Bildbeschreiwung, déi op Englesch ass, heescht iwwersat "Bürosgebai vum President vun der Ukrain, Stad vu Kiew".

RTL

© AFP

Dat zweet Bild daucht an engem X-Bäitrag vu Februar 2019 op (hei archivéiert). Dorop ass de selwechte Mercedes-Modell ze gesinn, allerdéngs virun engem aneren Hannergrond.

RTL

© AFP

Verschidden Detailer wéi d'Spigelung vun de Beem an der Windschutzscheif vum Auto an e Fleck um Buedem verroden, dass d'Gefier aus der Foto erausgeschnidden an an d'Bild vum Presidentepalais agefüügt gouf, wéi och e Faktencheck vum franséische Sender "France24" vum 8. Oktober 2024 duerleet.

RTL

© AFP

Eng Stéchwiedersich no "Mercedes-Benz 770K" ergouf doriwwer eraus, dass d'Foto vum Auto schonn 2014 beim Pebble Beach Concours d'Elegance (hei archivéiert) gemaach gouf, engem alljärlechen Oldtimertreffen am US-Bundesstaat Kalifornien. Eng Noopnam vun der Windschutzscheif vum Gefier weist eng Etikett mat der Opschrëft "Show Car".

RTL

© AFP

D'Etikett ass mat de Schëlter vergläichbar, déi bei dem Oldtimertreffe fir déi ënnerschiddlech Kompetitiounskategorië benotzt ginn, an deenen d'Gefierer untrieden. Dat weist e Verglach mat der nächster Foto, déi wärend dem Jorestreffen 2015 entstoung.

Verschidde weider Fotoe vum Oldtimertreffen am Joer 2014 um Facebook-Kont vum Evenement weisen och de Mercedes aus der Fotomontage. Eenzel Detailer wéi beispillsweis dat wäisst Nummereschëld stëmme mat de Fotoen iwwereneen.

Engem Pressecommuniqué vun den Organisateure vum 17. August 2014 no huet dësen  "1941 Mercedes-Benz 770K W150 Oppenen Tourewon" den éischte Präis a senger Gefiersklass ("Klass I", wat d'Opschrëft "I-05" um Schëld un engem vun de Scheinwerfer erkläert) gewonnen. Ausserdeem gehéiert en dem Communiqué no der Famill William Lyon vun Newport Beach a Kalifornien. Dat confirméiert eng Foto vum Fotograf Jason Henry an engem Artikel iwwer d'Evenement vum 19. August 2014 am US-Medium "Wired". Op dëser Foto ass e gréngt Schëld op dem Nummereschëld mat dem selwechte Familljennumm ze gesinn.

Op der Internetsäit vum Lyon Air Museum a Kalifornien fir Loftfaart a Gefierer aus dem 20. Joerhonnert, dat vum eemolegen héichrangegen Offizéier William Lyon gegrënnt gouf, gëtt erkläert, de Mercedes 770K hätt dem Carl Gustaf Emil Mannerheim gehéiert, dem Chef-Kommandant vun der finnescher Arméi am Zweete Weltkrich. Dëse Modell huet der Internetsäit vum Musée no zu de "Favoritte vu Staatscheffen an aneren Dignitairë bei feierlechen Uläss" gehéiert.

Ausserdeem huet d'AFP op Google Street View (hei archivéiert) d'Entrée zum Golfterrain, op deem d'Autoen, déi un der Kompetitioun vum Oldtimertreffen deelgeholl hunn, geparkt waren. De selwechten Zonk ass op der Foto ze gesinn, déi zënter op d'mannst 2019 a Sozialen Netzwierker gedeelt gëtt.

RTL

© AFP

Op Ufro vun der AFP hunn d'Organisateure vum Oldtimertreffe Pebble Beach Concours d'Elegance de 15. Oktober 2024 matgedeelt, dass d'Foto warscheinlech zu dësem Zäitpunkt gemaach gouf, wéi "d'Concours-Autoen op eist Ausstellungsfeld erofgefuer sinn". Si hu bäigefüügt, dass si de Fotograf oder d'Fotografin net kennen, well d'Bild baussent dem Beräich gemaach gouf, dee just fir déi offiziell Fotografen a Fotografinne vum Evenement zougänglech war.

Wéi de brittesche Medium "The Telegraph" an engem Artikel aus dem Joer 2021 ausféiert (hei archivéiert), goufen tëscht 1938 an 1943 just 88 Gefierer vum Typ 770K hiergestallt, wat dëse Mercedes-Modell haut nach méi seele mécht. Een Exemplaire gouf "am Joer 1938 als Representatiounsauto un d'Reichskanzlei ausgeliwwert" a vum Adolf Hitler bei Parade benotzt, schreift den Technik Museum Sinsheim, deen dësen Exemplaire a senger Sammlung huet, op senger Internetsäit. "Technesch huet sech de mächtege Won, dee bei ville Parade genotzt gouf, deemools op dem neiste Stand vun der Automobiltechnik befonnt", erkläert de Musée weider.

Internetsäit Seattle Tribune gouf am Oktober 2024 erstallt

E puer vun de Bäiträg mat der Falschbehaaptung verweisen op eng Internetsäit mam Numm "Seattle Tribune" als angeeblech Quell. Do ass effektiv en Artikel iwwer dem Selenskyj säin angeebleche Kaf vum Hitler sengem Mercedes ze fannen. D'Internetsäit huet awer keen Impressum oder Haftungsausschlëss a publizéiert just Artikele vun aneren engleschsproochege Medien, besonnesch vum Sender Fox, deen zu Seattle usässeg ass.

Den ëffentlechen Date vun der Domain vu Seattle Tribune no gouf d'Internetsäit den 3. Oktober 2024 a soumat just e puer Deeg virun der Verbreedung vun der Falschinformatioun erstallt (hei archivéiert).

Den Artikel beinhalt de selwechte Video wéi e puer vun de Bäiträg a Sozialen Netzwierker. E fänkt mat enger Noopnam vun engem ale Mercedes un a schéngt geschnidden Opname vun engem AFP-Bericht am Virfeld vun enger Auktioun zu Scottsdale am US-Bundesstaat Arizona vum Dezember 2017 ze enthalen. Dem Artikel no gouf den Auto am Video am Joer 1939 hiergestallt, den Auto op der Foto vum Pebble Beach Concours d'Elegance am Joer 1941.

RTL

© AFP

Den Titel "Seattle Tribune" ka liicht mat der authentescher amerikanescher Dageszeitung "Seattle Times" verwiesselt ginn. Si hat am Februar 2018 gemellt, dass ee vun de Mercedes-Benz 770K an enger Strooss an der Stad Medina am US-Bundesstaat Washington geparkt a virdru versteet gi war. E puer vun de Bäiträg an de Sozialen Netzwierker zitéieren dësen echten Artikel, deen d'Geschicht vum Auto am Laf vun de Joren erzielt. Dobäi gëtt awer deen Deel ausgelooss, an deem et heescht, dass et e russesche Milliardär war, deen anscheinend sechs Exemplairë vum Modell 770K kaf hat.

Zënter dem Ugrëff vu Russland op d'Ukrain am Februar 2022 ginn ëmmer méi Falschinformatiounen iwwer de Wolodymyr Selenskyj a Sozialen Netzwierker gedeelt a behaapten, hie géif Hëllefsgelder vu westleche Staaten ofzweigen oder géif dem Nationalsozialismus nostoen. Sou huet d'AFP beispillsweis am Januar 2024 d'Desinformatioun widderluecht, de Selenskyj hätt d'eemoleg Villa vum NS-Propagandaminister Joseph Goebbels an der Géigend vu Berlin kaf.

Virun der russescher Invasioun gouf de Selenskyj am Kader vun der Verëffentlechung vun de Pandora Papers, enger grousser Recherche vum International Consortium of Investigative Journalists (ICIJ), virgehäit, ab 2012 en Netz vun Offshore-Firme gegrënnt ze hunn, déi angeeblech fir de Kaf vun dräi Luxusimmobilien zu London genotzt goufen. D'Recherche baséiert op iwwer 11,9 Milliounen Dokumenter vu 14 Finanzentreprisen.

De Pandora Papers no huet de Selenskyj och seng Undeeler un enger vun dësen Offshore-Firmen, Maltex Multicapital, kuerz viru senger Wal zum ukrainesche President am Joer 2019 u säin deemolege Partner Sergej Schefir, dee spéider säin enkste Beroder gouf, verkaf.

Weider Faktenchecke ronderëm den Ukrain-Krich an de Wolodymyr Selenskyj sammelt d'AFP op hirer Internetsäit.

Fazit: Bei der Foto, déi dem Adolf Hitler säi Mercedes-Benz 770K virum ukrainesche Presidentepalais weise soll, handelt et sech ëm eng Fotomontage. De Mercedes um Bild staamt vun enger Foto, déi 2014 bei engem Oldtimertreffen an den USA entstanen ass. Doriwwer eraus gëtt et keng Beweiser, dass de Wolodymyr Selenskyj dem Hitler säin Auto kaf hätt, wéi d'Internetsäit "Seattle Tribune" behaapt.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.