Rassisteschen Objet op Foto vum Tim Walz bäigefléckt

E Bild, dat iwwer d'Plattform X verbreet gouf, weist angeeblech e rassistesche Géigestand, deen am Haus vum Gouverneur vu Minnesota Tim Walz ze fannen ass. Et gouf awer beaarbecht. Op der Originalfoto, déi vum fréieren demokratesche Vizepresidentschaftskandidat gedeelt gouf, ass esou e Géigestand net ze gesinn.
"Ee Moment" ass d'Iwwerschrëft vun engem Bäitrag, deen den 21. Dezember 2024 op X vun engem bekannte Kont mam Numm "@Alphafox78" gedeelt gouf.
De Kont huet schonn aner Desinformatioune verbreet, dorënner e Video, dee warscheinlech vun enger russescher Propagandacampagne verbreet gouf an an deem fälschlecherweis behaapt gëtt, dass en amerikaneschen Awunner haitianescher Hierkonft e Walbedruch bei den US-Walen 2024 zougëtt.
Zum Bäitrag gehéiert e Bild, dat eng Keramik-Figur vun engem schwaarze Kand ze weise schéngt, dat eng Waassermeloun ësst. Dës Figur ass hannert dem Tim Walz ze gesinn, dee kacht a fir e Selfie an d'Kamera laacht.

© AFP
Änlech Bäiträg hunn dat selwecht Bild op X an op anere Plattforme verbreet, wat zu Rassismusvirwërf a spekulative Kommentaren doriwwer geféiert huet, wat dës Figur soll duerstellen.
Ethnesch Froe stounge wärend de Walen 2024 am Mëttelpunkt, wéi d'demokratesch Vizepresidentin Kamala Harris, déi als Duechter vun Awanderer vun Jamaika an aus Indiengebuer gouf, versicht hat, als éischt schwaarz a südasiatesch Fra an d'Geschicht anzegoen a Presidentin ze ginn.
Mee d'Foto vum Walz, der Harris hirem Running Mate (Vizepresidentschaftskandidat), gouf manipuléiert.
Bei enger ëmgekéierter Billersich ass d'Originalfoto opgedaucht, déi de Walz den 21. Dezember bei X a Facebook eragestallt hat an op där dës besot Statu net ze gesinn ass (hei archivéiert). "Hausgemaache Karamell-Popcorn" hat de Gouverneur vu Minnesota a sengem Bäitrag geschriwwen.
D'AFP huet de Büro vum Gouverneur Walz ëm eng Stellungnam gebieden, där en awer net nokoum.
Déi kleng Statu an der manipuléierter Versioun vun der Foto änelt engem Äschebecher aus Keramik, deen an der Sammlung vum Smithsonian's National Museum of African American History and Culture (hei archivéiert) ze fannen ass an deen d'AFP iwwer eng Stéchwierder-Sich fonnt huet.
Op der Internetsäit vum Musée gëtt dëst Stéck als rassisteschen a stereotypesche Géigestand agestuuft an als Deel vun enger Ausstellung iwwer d'Rassentrennung an de Vereenegte Staaten aus der Zäit vun 1876 bis 1978 beschriwwen. Den Äschebecher stellt e Jong als "Picaninny" duer, eng beleidegend Karikatur vun engem schwaarze Kand.
D'AFP huet nach weider Feelinformatiounen iwwer d'US-Politik opgedeckt.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
