Sinn dem Trump seng Behaaptungen, fir d'Taxe géint Kanada ze justifiéieren, richteg?

Den Donald Trump huet seng Ukënnegung wouer gemaach an d'Nopere vun den USA, Kanada a Mexiko, mat Douanestaxe beluecht. Fir Kanada huet hien e puer aussergewéinlech Argumenter ugeféiert, déi d'AFP iwwerpréift huet.
Den amerikanesche President Donald Trump huet erkläert, seng Taxen op kanadesch Wuere wären noutwenneg, fir Moossname géint Migranten an Drogen ze ergräifen, déi iwwer d'Nordgrenz an d'Vereenegt Staate komme géifen. Ausserdeem huet hien den deegleche grenziwwerschreidenden Handel mat Kanada an Héicht vu Milliarde vun Dollar als Subventioun vun den USA bezeechent a weider behaapt, Kanada wär ouni dës Subventiounen "als Land net liewensfäeg".
Dem Trump no ass d'kanadesch wirtschaftlech Ofhängegkeet vun de Vereenegte Staaten ee vun de Grënn, firwat d'Land als 51. US-Bundesstaat agegliddert gi sollt.
De 4. Mäerz sinn héich Douanestaxen op kanadesch a mexikanesch Wuere beim Import an d'USA a Kraaft getrueden. Experte warnen, dass dës d'Liwwerkette stéieren an d'Präisser fir d'Konsumenten an d'Luucht dreiwe kéinten. De kanadesche Premierminister Justin Trudeau huet d'Taxen als "zimmlech domm Saach" bezeechent a confirméiert, dass Kanada mat eegenen Douanestaxen an Héicht vu 25 Prozent op amerikanesch Produkter reagéiere wäert.
D'AFP huet e puer vum US-President senge Behaaptungen iwwer Kanada iwwerpréift, wourënner och falsch Duerstellungen iwwer d'bilateral Wirtschaftsbezéiungen an d'Situatioun un der Grenz waren.
Undeel vun amerikanesche Wueren u kanadeschen Importer
Den Trump huet behaapt, dass Kanada 95 Prozent vu senge "Produkter" aus de Vereenegte Staate bezéie géif (hei archivéiert). Dës Zuel, wat d'kanadesch Importer ugeet, stëmmt net, wann een d'Donnéeë vu Statistics Canada erunzitt.Am Joer 2024 koumen 62,2 Prozent vun de gesamte kanadeschen Importer aus den USA, sou d'federal Agence (hei archivéiert).
Mä wéi den Ekonomist Joseph Steinberg vun der University of Toronto (hei archivéiert) festgestallt huet, gëtt "e Groussdeel vun deem, wat d'kanadesch Consommateure kafen, am eegene Land produzéiert", sou dass dem Trump seng 95-Prozent-Behaaptung just da glafwierdeg hannerfrot ka ginn, wann een dovun ausgeet, dass hie vun den Importer schwätzt.
"Wa mir... eis op d'Importer konzentréieren, maachen d'USA da 95 Prozent aus? Net ganz, obwuel et eng immens héich Zuel ass", sot de Steinberg.
D'kanadescht Statistikamt huet ausserdeem gemellt, dass am leschte Joer 75,9 Prozent vun den Exporter vum Land an d'Vereenegt Staate goungen.
Amerikaneschen Handelsdefizit
Wärend dem Fro-an-Äntwert-Deel vu sengem Optrëtt beim Weltwirtschaftsforum am Januar hat den Trump behaapt, d'Vereenegt Staaten hätten en Handelsdefizit vun 200 oder 250 Milliarden Dollar mat Kanada."Dat ass eng opgebauscht Zuel", sot de Steinberg.

© AFP
Den amerikaneschen Delegéierte fir Handelsbezéiungen an den US Census Bureau chiffréieren den Handelsdefizit mat Kanada fir Enn 2024 op 63,3 Milliarden Dollar (hei an hei archivéiert), wärend Statistics Canada den Iwwerschoss mat de Vereenegte Staaten mat 102,3 Milliarden kanadeschen Dollar (70,3 Milliarden Dollar) ugëtt.
Mee Handelsdefizitter si keng Subventiounen an d'Donnéeë confirméieren net, dass d'USA d'kanadesch Wirtschaft stäipen, sot de Steinberg.
"Den internationalen Handel ass eng Transaktioun fir de géigesäitegen Notzen", sot hien. "D'Vereenegt Staate bezuele Kanada fir Produkter; si géifen net fir dës Produkter bezuelen, wa si der Meenung wären, dass et sech net loune géif".
Hien huet bäigefüügt, dass d'amerikanesch Keef vun Ueleg aus Kanada eng vun den Haaptursaache fir den Handelsdefizit sinn.
Amerikanesch Banken a Kanada
"Kanada erlaabt et amerikanesche Banken emol net, do Filialen opzemaachen oder Geschäfter ze maachen", sot den Trump an de leschte Méint an engem Bäitrag an de Sozialen Netzwierker. Och dës Behaaptung ass falsch.Auslännesch Banken, amerikanesch Finanzinstituter abegraff, ginn duerch d'kanadescht Gesetz iwwer d'Bankewiese (Bank Act) reguléiert (hei archivéiert).
"Et gëtt 16 Duechtergesellschaften a Filiale vun an den USA usässege Banke mat engem Verméige vu ronn 113 Milliarden kanadeschen Dollar, déi am Moment a Kanada täteg sinn", huet d'Canadian Bankers Association an engem Statement vum 3. Februar op der Plattform X matgedeelt (hei archivéiert).
JP Morgan Chase, CitiBank, Bank of America an anerer hunn Néierloossungen an de meeschte kanadesche Groussstied a bidde Finanzdéngschtleeschtungen, dorënner och Kreditter fir Entreprisen a Privatclienten, un (hei, hei an hei archivéiert).
Déi meescht amerikanesch Finanzinstituter a Kanada sinn an enger Kategorie registréiert, an där se bestëmmte Limitten ënnerleien, dozou gehéieren och héich eege Finanzreserven. Et gëtt awer och eng Minoritéit vun amerikanesche Banken, déi am Nopeschland Duechtergesellschafte gegrënnt hunn an déi de selwechte Reegele wéi kanadesch Banken ënnerleien (hei, hei an hei archivéiert).
Grenzsécherheet
D'Trump-Regierung sot, dass d'Verbesserung vun der Grenzsécherheet en zentraalt Theema an de Bezéiunge mat Kanada ass.Den Trump selwer huet behaapt, dass ondokumentéiert Migranten an d'Drog Fentanyl a grousser Zuel iwwer dës Grenz kéim (hei an hei archivéiert).

© AFP
De Kelly Sundberg, Kriminolog op der Mount Royal University zu Calgary (hei archivéiert), sot, et géif keng Beweiser fir dem Trump seng Behaaptungen iwwer Fentanyl. An och d'Donnéeë weisen, dass manner wéi 1 Prozent vum déidlechen Opioid, deen an d'Vereenegt Staaten erakënnt, aus Kanada staamt.
Den Angabe vun der Douane an der Grenzpolice vun den USA (CBP; Customs and Border Patrol) no goufe vun den iwwer 21.800 Pond (9.900 Kilo) Fentanyl, déi d'Beamten am Steierjoer 2024 ofgefaangen hunn, 43 Pond no vun der Nordgrenz zu Kanada saiséiert (hei archivéiert).
Den CBP-Donnéen no goufen am Steierjoer 2024 23.721 Persounen opgegraff, déi illegal d'kanadesch Grenz iwwerschratt haten (hei archivéiert). Am leschte Joer haten d'CBP-Agenten am ganze Land Kontakt mat méi wéi 1,5 Millioune Migranten ouni Pabeieren.
"Kanada gëtt vun de Vereenegte Staate méi staark menacéiert wéi d'Vereenegt Staate vu Kanada a Bezuch op déi meescht Saachen - Waffen, Drogen an illegal Awanderer", sot de Sundberg.
Hie sot weider, dass e Relâchement vun den Drogegesetzer a Kanada dozou féiere kéint, dass méi illegal Substanzen an d'USA komme kéinten.
Weider AFP-Artikelen iwwer Feelinformatiounen a Bezuch op Kanada sinn hei ze fannen.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
