E klenge Réckbléck op d'Walcampagne an op verschidde speziell Situatiounen

Zënter 14 Auer Mëtteg si se an de Walbüroen amgaangen, d'Kommunalwalen 2023 auszewäerten.
Bei RTL, sief et um Radio, op der Tëlee oder op RTL.lu, gitt Dir d'Deelresultater an d‘Schlussresultater gewuer, wéi se erakommen, mat Analyse an natierlech Reaktiounen.
Gedold ass bei deene grousse Gemenge gefrot. Zu Esch war 2017 dee leschte vu 36 Walbüroe knapp virun 22 Auer ausgezielt, zu Déifferdeng koum d'Resultat nach e bëssi méi spéit an an der Stad gouf et no Hallefnuecht. Zu Péiteng huet et souguer bis hallwer 1 an der Nuecht gedauert. A well zu Keel nach eng Kéier nei ausgezielt gouf, louch do dat offiziellt Resultat réischt den Dag dono kuerz viru 16 Auer vir.
3.867 Kandidate sinn an der Course ëm 1.121 Mandater. Et sinn 39 Prozent Fraen, eppes iwwer 3 Prozentpunkte méi wéi viru 6 Joer. D'DP stellt mat 679 Leit déi meescht op de Lëschten. Dono kommen d'CSV mat 656, d'LSAP mat 479 an déi Gréng mat 412 Kandidaten.
Zu Stadbriedemes, Noumer, Viichten a Wanseler steet scho fest, wien neie Buergermeeschter gëtt. Den aktuelle Schäffe Robi Beissel gëtt neie Buergermeeschter zu Stadbriedemes. Zu Noumer ass ee sech eens ginn, dass déi 24 Joer al Sophie Didderich déi jéngste Buergermeeschtesch am Land gëtt. Zu Viichten ass ee sech e Samschdeg eens ginn. De Luc Recken an de Paul Maréchal leeden d‘Gemeng am Roulement.
Zu Noumer sinn am Ganzen 9 Posten ze besetzen. Well et awer just 7 Kandidate ginn, sinn am Hierscht Komplementarwalen. Do ass et um Enn cocasse, dass vun 9 Leit am Conseil der ze soen just zwee effektiv gewielt kéinte gi sinn. Zu Buerschent gouf et 9 Kandidate fir 9 Mandater. Dat bedeit: Et si keng Walen
Zu Wanseler muss grad wéi 2017 nees net gewielt ginn. Et gouf esou vill Kandidate wéi fräi Plazen. De Romain Schroeder bleift Gemengepapp. Zu Bäerdref si wéinst dem Doud vum Conseiller a Kandidat Carlo Bentner den 8. Oktober zesumme mat de Chamberwalen och kommunal Komplementarwalen.
An néng Gemenge gouf et bis ewell eng absolut Majoritéit. Dat sinn Diddeleng, Ëlwen, Bartreng, Dikrech, Habscht, Hesper, Luerenzweiler, Mäertert a Rammerech.
De jéngste Kandidat huet grad emol 18 Joer, den Eelsten der 85. Queesch duerch de Gaart fënnt een déi meescht Kandidaten an der Kategorie 40 bis 59 Joer.
Déi meescht Lëtzebuergesch Kandidaten huet d'CSV mat 94 Prozent duerno d'DP, d'LSAP, d'KPL, déi Konservativ, d'ADR, Déi Gréng, déi Lénk, Fokus an zu gudder Lescht d'Pirate mat awer nach ëmmer ronn 70% Lëtzebuerger.