Mat 24 Joer gëtt d'Sophie Diderrich déi jéngste Buergermeeschtesch zu Lëtzebuerg
Zu Noumer muss den 11. Juni net gewielt ginn. An der knapps 1.500-Awunner-Majorz-Gemeng hate sech manner Kandidate gemellt, wéi Posten am Gemengerot sinn.
Zwee Mandataire ginn dowéinst eréischt bei Komplementarwalen am Hierscht designéiert.
Déi siwe Member vum Gemengerot, déi elo scho feststinn, hunn ënnert sech decidéiert, datt d'Sophie Diderrich Buergermeeschtesch soll ginn. Wa si vereedegt gëtt, wäert déi 24 Joer al Reesagentin déi jéngste Gemengemamm am Land ginn.
D’Sophie Diderrich ass an der Gemeng Noumer opgewuess, um Bauerenhaff vun hiren Elteren. Als Kand wier si schonn an der Gemengemusek gewiescht, duerno ass si an de Club des jeunes gaangen, vun deem si och eng Zäit laang Presidentin war. Déi jonk Fra ass Vizepresidentin vun der Landjugend, Member vun enger Partei ass si net.
2022 gouf d’Sophie Diderrich bei de Komplementarwalen an de Gemengerot gewielt, dëst Joer wollt si et dunn nach emol wëssen. Si fënnt et awer schued, datt bei hir an der Gemeng elo net gewielt gëtt.
"Dass een am Fong eng Decisioun hëlt, wou d'Bierger elo direkt net konnten och matdecidéieren. Soss weess een awer bei de Walen - et huet een ee Resultat an da kann een deem Resultat nogoen. Awer hei hues de einfach missen iergendwéi eppes decidéieren, wou s de net weess, ob d'Bierger och domadder zefridde sinn oder net.”
D’Sophie Diderrich kënnt aus enger politescher Famill. Hire Monni, hire Grousspapp an hiren Urgrousspapp waren an der Gemengepolitik. Doduerch hätt si doheem wuel och méi vun der Politik matkritt. Hir Motivatioun sech z’engagéiere kéim awer virun allem dovun, datt hirer Meenung no och Jonker solle matbestëmmen. An hirem neie Mandat setzt d’Sophie Diderrich elo mol op Kontinuitéit.
"Als Éischt emol sech iwwerall gutt eraschaffen an all déi aktuell Projeten, an da lues a lues vläicht eppes änneren, awer direkt sécher net."
Mat 24 Joer wunnt déi jonk Fra haut nach bei hiren Elteren. Si schafft awer net am Betrib, ma huet d’Hotelschoul gemaach a schafft bei enger Reesagence. Den Tourismus läit hir um Häerz an dat hëlt si och mat an d’Gemeng.
"Wann s de d’Leit op eng aner Destinatioun schécks, muss de och ëmmer kucken, dass et doheem och schéin ass a vill Saachen ze kucke sinn. A wou ech muss soen, mir sinn nach eng Gemeng, déi beim am Naturpark Mëllerdall läit, dat heescht wou mer och e bëssen Tourismus hunn an dat fannen ech spigelt sech alles nach eng Kéier bëssen zeréck. Wou ech natierlech och frou sinn, wa vill Leit bei eis an d’Gemeng kommen, vun Touristen oder Lëtzebuerger, déi Vakanz doheem maachen."
E Beräich, deen an den Aen vun der zukünfteger Buergermeeschtesch also zu Noumer och nach misst ausgebaut ginn.