Bayonne (F)59 Joer ale Buschauffer no brutalem Ugrëff verscheet

RTL Lëtzebuerg
Deen no engem brutalen Ugrëff fir hirndout erkläerte franséische Buschauffer ass e Freideg u senge Blessure verscheet, dat huet seng Famill matgedeelt.

Zwee Männer haten de Buschauffer leschte Sonndeg am südwestleche Frankräich zu Bayonne esou hefteg attackéiert, datt dësen am Spidol huet misse fir hirndout erkläert ginn. Wéi et heescht, hätt de Fuerer d’Passagéier net an de Bus gelooss, well dës déi virgeschriwwe Corona-Schutzmasken net wollten undoen.

LINK: Bayonne (F): Buschauffer no brutaler Attack fir hirndout erkläert

Back to Top
CIM LOGO