Laang louchen den Emmanuel Macron an d’Marine Le Pen an de Sondagen iwwer den Ausgang vum decisiven zweeten Tour ganz no beieneen. Zwee Deeg virun de Wale schéngt d’Resultat awer méi kloer. Fir RTL zu Paräis ass de Pierre Jans.
De Macron huet elo d’Nues kloer vir - den aktuelle Locataire am Elysée huet seng kleng Avance an den Ëmfroen elo tëscht deenen zwee Walgäng ausgebaut.
Dem leschte Sondage vun eise franséische Kolleege bei RTL no, kënnt den Emmanuel Macron op 55,5 Prozent vun de Stëmmen. 1,5 Prozentpunkte méi, ewéi nach beim viregte Sondage. D‘Marine Le Pen kënnt deemno op 44,5 Prozent.
De Konklusioune vum Sondage no erkläert sech déi Differenz virun allem duerch dem Macron seng Walcampagne tëscht deenen zwee Tier.
Hien huet wuel gemierkt, dass et e Feeler war, sech virum éischten Tour eigentlech bal net dobaussen ze weisen. Hien hat gehofft säin Engagement an der Aussepolitik géif duergoen, fir Popularitéit ze gewannen. Kuerz virum éischten Tour an elo déi lescht annerhallef Woch, war hie vill ënnerwee. Ënnert anerem och an engem vun deene méi schwierege Quartieren zu Paräis Saint-Denis.
Do punkt hie mat senger liberaler Politik bei de villen Awunner mat auslänneschen Originnen. D’Le Pen kënnt do aus wuel bekannte Grënn éischter net gutt un.
Den Debat op der Tëleeë hätt net vill dozou bäigedroen, dass de Macron elo méi kloer viru senger Konkurrentin läit, schreift RTL France. D’Intentioun vun de Befroten huet net changéiert, jee nodeem ob si d’Debatt gekuckt haten oder net.
No 20 Auer um Donneschdeg den Owend dierfe keng ëffentlech politesch Meetinge méi organiséiert ginn. Och Telesoptrëtter an aner Weeër ee Kandidat ervirzehiewen si verbueden.
Souguer d’Journalistinnen a Journaliste sinn elo verflicht, sech mat Analysen a Commentairen zeréckzehalen. Esou sollt RTL Lëtzebuerg zum Beispill um Freideg en Interview mam Chef vum Politik-Ressort vum franséische RTL maachen. Ma dee gouf no hanne verréckelt, well bis e Sonndeg den Owend, wann déi éischt Héichrechnunge publizéiert ginn, Rou muss sinn, wat politesch Äusserungen iwwer d’Presidentiellen an der Ëffentlechkeet ugeet.
E Freideg den Owend kënnt Dir op der Tëlee ënnert anerem e Reportage iwwer zwou Lëtzebuerger Droitsstudentinne gesinn, déi iwwert hir Andréck op der Plaz schwätzen an RTL eng Aschätzung zu der Situatioun ginn. Virop e Sonndeg mellt sech RTL dann och de ganzen Dag iwwer eis de ganzen Dag iwwer mam neiste Stand vu Paräis.
RTL-Artikel: Virum Showdown: Franséisch Presidentiellen: Wéi ass d’Stëmmung ënnert de Leit zu Lëtzebuerg?
RTL-Artikel: Franséisch Presidentiellen: “Vill Studente fille sech net verstanen”