Op Ouschtersonndeg virun 20 Joer huet eng islamistesch Terrorgrupp op der malaysescher Insel Sipadan e Grupp vun Tauchtouristen iwwerfall.

Si goufe mat klenge Booter op philippinnesch Insel Jolo verschleeft, wou se 4 Méint laang festgehale goufen a Léisegeld gefuerdert gouf. Ënnert de Geiselen war och d'Famill Wallert vu Göttingen an Däitschland. All d'Geiselen koumen um Enn fräi, well Lybien vermëttelt huet an d'Léisegeld bezuelt gouf. De Marc Wallert, de Fils vun der Famill, deen zu där Zäit zu Lëtzebuerg gelieft a geschafft huet, ass haut Expert an hält Konferenzen zum Thema "Resilienz", also wéi Mënschen oder Betriber mat Krisen a Belaaschtung kënnen ëmgoen. Lescht Woch koum säi Buch „Stark durch Krisen: Von der Kunst, nicht den Kopf zu verlieren" eraus. En Thema dat sécher grad fir eis all eng Aktualitéit huet.